Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Berlinale70

Filmfestival

Berlinale70

D'Berlinale feiert dëst Joer hire 70. Gebuertsdag ënner den neien Direktere Carlo Chatrian a Mariette Rissenbeek. De Festival huet och ëmmer dat gespigelt, wat d'Welt grad beschäftegt huet - an et ware mouvementéiert Joerzéngten.

auto_stories

1 min

Et war "Rebecca", de legendäre Film vum Alfred Hitchcock, deen d'International Filmfestspiller vu Berlin de 6. Juni 1951 opgemaach huet, ausser Konkurrenz versteet sech - de Thriller nom Roman vum Daphne du Maurier war schonn 1940 fir eelef Oscaren nominéiert ginn an hat der zwee gewonnen, dorënner d'Éierung fir de beschte Film.

D'Berlinale feiert en Neiufank, an dat ënner dem neien Direkter-Duo Carlo Chatrian a Mariette Rissenbeek. De Chatrian, de virdrun Direkter vum Festival vu Locarno war, huet der Berlinale och scho säi Stempel opgedréckt: nämlech eng nei kompetitiv Sektioun mam Numm Encounters, déi eng Plattform fir nei Erzielweisen am Film bitt.

D'Sarah Pepin an den Tom Dockal si fir de radio 100,7 op der Plaz.