Exodus Flüchtlingen

Dossier Boot zu Lesbos

2015 si bal 800.000 Mënschen iwwert d'Mëttelmier an Europa geflücht, gréisstendeels wéinst dem Biergerkrich a Syrien. Iwwer 3.000 Männer Fraen a Kanner si bei der geféierlecher Rees ëm d'Liewe komm. D'Schicksal, den Accueil an d'Integratioun vun de Réfugiéen sinn ee vun de schwieregsten Defië fir d'europäesch Unioun a fir Lëtzebuerg. An dësem Dossier fannt Dir déi wichtegst d'Reportagë vum 100,7 iwwert d'humanitär Katastrof.

Yves Piron
Flüchtlingen

All Mount komme bis zu 200 Flüchtlingen zu Lëtzebuerg un. Aktuell sinn 3.300 Persounen a Flüchtlingsstrukturen ënnerbruecht. "Mir stoussen un d'Grenze vun eise Capacitéiten", sou den Yves Piron vum OLAI.

Frédéric Haupert
Syrien

A Syrien gëtt géint humanitäert Recht verstouss, seet den Direkter vu CARE-Lëtzebuerg. Dem Frédéric Haupert no géif de syresche Regime dat méi systematesch an aggressiv bedreiwe wéi d'Oppositioun.

D'Famill Stevic hannert hirem Haus
Migratioun

Leit aus dem Kosovo, déi Asyl zu Lëtzebuerg ufroen, gëllen als ekonomesch Migranten. Si hu kee Recht zu Lëtzebuerg ze bleiwen. Wat erwaart dës Mënschen, déi an de Kosovo zeréck ginn?

sébastien louis, radek lipka-4862.JPG Riicht Eraus
Europa

Viruerteeler vermëttelen a Westeuropa ee falscht Bild iwwer osteuropäesch Gesellschaften, soen de Fotograf Patrick Galbats grad ewéi de Radek Lipka an de Sébastien Louis vum Filmfestival CinEast.

Lydie Err
Flüchtlingen

Den Encadrement vun de Flüchtlinge wier méi wichteg wéi den Zoustand vun den Infrastrukturen, seet d’Ombudsfra Lydie Err. Déi forcéiert Inaktivitéit wier ee grousse Problem fir déi Betraffen.

Philip Crowther a  Xavier Bettel
UNO-Generalversammlung

"Mir gesinn, datt et am Syrien-Konflikt keng Léisung gëtt", esou de Xavier Bettel. No fënnef Deeg UNO-Generalversammlung zu New York ass dem Lëtzebuerger Premier seng Konklusioun net positiv.

Afrikanesch Refugiéen
Flüchtlingen

​Zanter e puer Joer komme sou vill Migranten ewéi nach ni an Europa, dorënner och "Wirtschaftsflüchtlingen" aus Afrika. D'Liberaliséierungspolitik wier Schold un hirer Situatioun, kritiséieren Experten.

Jean Marie Wirth
Containerduerf fir Flüchtlingen

D'Verwaltunggeriicht huet dat geplangtent Containerduerf fir Flüchtlingen zu Stengefort gestoppt. Mee d'Gemeng ass weider bereet, 300 Flüchtlingen ënnerzebréngen, sou de Buergermeeschter Jean-Marie Wirth.

schwaarz Kaz am Containerduerf
Stengefort

D'Verwaltungsgeriicht huet Awunner vu Stengefort Recht ginn. Si hate géint d'Autorisatioun fir eng Struktur fir Flüchtlinge geklot. De François Bausch hat décidéiert, keng Ëmweltetude duerchzeféieren.

Catia Santi
Flüchtlingen

Trotz guddem Wëlle géif et u Wunnengen a Sproochecourse feelen, fir Mënsche mam Flüchtlingsstatut z'integréieren, seet d’Catia Santi, Assistante sociale beim neie Service LISKO vum Roude Kräiz.

Nobody Told Me_.JPG
Nobody Told Me

Am Kader vun engem Workshop hu Flüchtlingen eng Woch laang gedanzt, Musek gemaach an e Bühnebild krééiert. De Projet "Nobody Told Me" ass awer méi, wéi nëmmen eng reng Beschäftegung fir Refugiéen.

Lesbos
Lesbos

Duerch den Tierkei-EU-Accord komme vill manner Flüchtlingen op Lesbos. Den Tourismus kënnt awer net op Touren. D'Reservatioune si 60 Prozent zeréck gaangen. Vill Mënsche fäerten ëm hir Existenz.

Flüchtlingen an engem Boot um Mëttelmier
Flüchtlingen

Et komme manner Flüchtlingen an Europa un. Trotzdem ass d'Zuel vun den Doudesaffer am Mëttelmier par Rapport zu 2015 geklomm. Iwwer 3.000 Flüchtlinge sinn zanter Ufank vum Joer gestuerwen.

Vincent Hein
Statistik

Zanter 2005 sinn iwwer 200.000 Leit op Lëtzebuerg komm. Ronn 110.000 Mënschen hunn d'Land verlooss. Wat mécht Lëtzebuerg esou attraktiv? Eng Äntwert dorop gëtt et vum Economist Vincent Hein.

Weilerbaach
Flüchtlingen

Flüchtlinge mam Statut hunn déi selwecht Rechter a Flichten, wéi all déi aner Residenten zu Lëtzebuerg. An domat kréie si och déi selwecht Problemer. Een dovun heescht "Wunnengsmaart".

Nidderanwen Talbot.JPG
Konscht

Dräi Kënschtler, dräi Stiler, dräi Länner. D'Kulturhaus vun Nidderaanwen weist Wierker vun Artisten aus Syrien, dem Iran an dem Irak: "L'art, un langage universel".

RER Fayot Lorang 2.JPG
Brexit

D’Äntwert op déi global Problemer kennen nëmmen duerch Zesummenaarbecht an Europa geléist ginn. De Ben Fayot (LSAP) an de Pierre Lorang (CSV) sinn sech awer bewosst, datt dat net einfach gëtt.

Kanner spillen an Opfangstruktur
Migratioun

Zu Lëtzebuerg koumen d'lescht Joer ronn 700 mannerjärech Flüchtlingen un. Fir dës besonnesch vulnerabel Mënsche gëtt et ee spezifeschen Encadrement. Souwuel schoulesch, wéi och medezinesch.

Laura Zuccoli
Flüchtlingen

Nieft dem Accueil muss nach méi fir d’Integratioun vu Flüchtlinge gemaach ginn. Der Presidentin vun der Auslännerorganisatioun Laura Zuccoli no feelt et u politesche Konzepter.

Laura Zuccoli Meenung
Fräie Mikro

Wéi gi mir mat Leit aus frieme Kulturen, mat anere Reliounen ëm? Wei ginn d’Ängschte bei de Bierger mat dësen Themen gestäerkt? Mat dëse Froe beschäftegt d'Laura Zuccoli sech am Fräie Mikro.

tripolis libyen.jpg
Noen Osten

Libyen stécht haut an enger politscher Kris, et ginn dräi Regierungen. Dobäi kënnt, datt d'Flüchtlingskris an den IS d'Land op d'Prouf stellen. D'Situatioun schéngt sech ëmmer méi zouzespëtzen.

Gerald Knaus 2.JPG
Flüchtlingskris

D'Denkfabrik "Europäesch Stabilitéits-Initiativ" ass Initiateur vum EU-Tierkei-Ofkommes. Hiren Direkter Gerald Knaus verdeedegt de Flüchtlings-Accord géint Kritik vu Mënscherechtsorganisatiounen.

piraeus-1.jpg
Flüchtlingskris

Iwwer 50.000 Mënsche sëtzen a Griicheland fest. D'Liewenskonditioune vun de Flüchtlinge sinn onmënschlech an d'Asylprozedure lues. Wann d'Memberlänner net reagéieren, spëtzt d'Situatioun sech weider zou.

Yves Piron-3.JPG
Flüchtlingen

Vun de ronn 3.200 Mënschen, déi zënter dem leschte Summer am Land ënnerbruecht gi sinn, huet an Tëschenzäit bal all Drëtten den Asyl-Statut unerkannt kritt, sou den OLAI-Direkter Yves Piron.

Colette Flesch2.JPG Riicht Eraus
Colette Flesch

​D'Montée vu Populismus an de läschte Joeren, mécht der liberaler Politikerin Colette Flesch grouss Suergen. Fir de Phänomen ze bekämpfen, dierf een awer net "mond-dout" maachen.

Heinz Patzelt.JPG
EU-Tierkei-Accord

De Generalsekretär vun Amnesty International Éisträich Heinz Patzelt kritiséiert déi europäesch Flüchtlingspolitik a besonnesch den Accord mat der Tierkei, deen a sengen Ae wäert scheiteren.

0 (10).jpg
Flüchtlingskris

Am drëttgréisste Mëttelmierhafen no bei der Haaptstad Athen liewen iwwer 5.000 Flüchtlingen. Eis Korrespondentin Alkyone Karamanolis huet sech op der Plaz informéiert.

Michel Delage Kommentar
Flüchtlingskris

Mam Accord, deen d'EU-Memberstaten de leschte Freideg mat der Tierkei ofgeschloss hunn, soll déi illegal Migratioun gestoppt ginn. Faktesch gëtt d'Recht op Asyl allgemeng ënnergruewen.

Romain Schneider-01.jpg
Riicht Eraus

Fir de Romain Schneider ass déi humanitär Hëllef d'Prioritéit an der Flüchtlingskris. A "Riicht Eraus" huet hien och eng méiglech Verbesserung vum Remboursement vun Zänndokteschkäschten a Brëller ugekënnegt.

world radio day 2.jpg
Welt-Radio-Dag

Dëst Joer steet den UNESCO-Welt-Radio-Dag am Zeechen vum "Radio an Noutzäiten". Och fir Flüchtlingen ginn et Radioprogrammer, déi eng séier Informatioun an hirer Sprooch ubidden.

Dan Kersch
Dan Kersch

Dem Inneminister no, wier d'Migratiounswell net eriwwer, well a Syrien de Krich nach ëmmer amgaang ass. D'Regierung hätt hei am Land elo siwe Strukturen detektéiert fir Flüchtlingen ënnerzebréngen a se géing weider sichen.

Foyer Mersch.jpg
Benevolat fir Asyldemandeuren

An engem Foyer fir Asyldemandeuren zu Miersch entwéckelt d'Asti eng Charta fir Benevolen. Wien hëlleft, muss déi legal an emotional Contraintë verstoen.

suruc.jpg
Relatiounen EU-Tierkei

Och nom rezente Sommet bleift d'Ambiguitéit tëscht der EU an der Tierkei bestoen. Den Accord, dee fonnt gouf, ännert dorun näischt. De Bäitrëttsprozess vun der Tierkei schéngt an der Sakgaass ze sinn.

ecpat_Photo_Monica Dahlstrom-Lannes.jpg
ECPAT-Direkter Thomas Kauffmann am Interview

Ronn 200.000 mannerjäreg Syrer sinn 2015 an Europa agereest. Virun allem Mineuren déi net begleed sinn, sinn engem méi grousse Risiko vu sexueller Exploitatioun ausgesat, esou d'Associatioun géint de Mëssbrauch vu Kanner.

ettelbréck.jpg
Flüchtlingen

Zwou Famillen, mat all Kéiers fënnef Persounen, sinn – wéi virgesinn – zu Ettelbréck an der Annexe vum CHNP ukomm. Mëttelfristeg sollen am ganzen 200 Asyldemandeuren zu Ettelbréck ënnerkommen. 

Kanner an enger Containerstruktur zu Tréier
Flüchtlingen

Eng nei Biergerinitiativ vu Stengefort wiert sech géint eng geplangte Containerstruktur fir Flüchtlingen an dreet mat juristesche Konsequenzen. Vun der Politik gi méi Transparenz a méi Dialog gefuerdert.

20150926-Turmes-Cahen-Wies-Kartheiser-1000494.jpg

D'DP-Integratiounsministesch Cahen, den ADR-Deputéierte Kartheiser, de gréngen Europadeputéierten Turmes an den Affekot Wies hunn

Fir de Serge Kollwelter, Member vum Cercle de Coopération des ONG, muss d'Populatioun transparent iwwert d'Situatioun opgekläert ginn. Hir Bereetschaft, fir Flüchtlingen z'empfänken, misst d'Politik zesumme bréngen a lieweg halen.
lesbos.jpg
Flüchtlingen

Déi lokal Autoritéite op der griichescher Insel sinn iwwerfuerdert, mee et fehlt och um politesche Wëllen den Accueil vun de Flüchtlinge serieux z’organiséieren. E Reportage vun der Plaz.

D'Flüchlingszuele sinn an deene leschte Woche konstant geklomm. De Regierungsrot huet dowéinst décidéiert, dass dräi Siten temporär wäerte genotzt gi fir de Flüchtlingen en éischten Accueil ze garantéieren.
camp zu athen.jpeg
Flüchtlingen

Griicheland huet Problemer fir d'Flüchtlingskris logistesch ze meeschteren. Deen neien Eleonas-Camp weist, wéi politesche Wëllen d'Situatioun ka verbesseren.

Am Kader vun enger Initiative vun Däitschland gi Flüchtingen an europäesche Länner verdeelt. An enger éischter Phase solle 50 Mënschen an der Weilerbaach ënnerkommen,

Géif dee neie Quotesystem agefouert ginn, géif d’Prioritéit weiderhin op de Fluchtweeër a net op de Fluchtgrënn leien. Fir Leit aus Krichsregioune wéi Syrien eng Perspektiv ze ginn misst een aner Mesuren huelen...

D‘Hëllefsorganisatioune sinn iwwerfuerdert. Aus dem Nordirak eng Aschätzung vun der humanitärer Situatioun mat der Johanna Mitscherlich, Spriecherin vun der ONG CARE international

An der Spezialemissioun Europawalen ass et d’Analyse vun de Walprogrammer vun de Parteien zum Thema Migratioun, mat Aussoe vu Kandidaten, an Expert’en duech d’Emissioun féiert d’Mick Entringer a Begleedung vun der Presidentin vun der Auslännerorganisatioun ASTI Laura Zuccoli.

Programm

Dossieren

  • Franséisch Presidentiellen 2017

    De 7. Mee ass den zweeten Tour vun de Presidentschaftswahlen a Frankräich. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeuë vun dëse Wahlen.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Agenda

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen