Dossier Google-Datenzenter

Google zu Mountain View, USA
Foto: Bigstock / toxawww

Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch. De radio 100,7 huet iwwer d'Joren iwwer de Projet bericht.

Dan Hientgen, Denise Fischer
Google Datenzenter

D'Biisser Biergerinitiative gesinn de geplangten Datenzenter vu Google weiderhi kritesch: Op der Informatiounsversammlung wier een "net vill Neies" iwwer de Projet gewuer ginn, esou d'Denise Fischer.

Google Informatiounsowend
Google Datenzenter

Op enger Informatiounsversammlung konnte Bierger méi iwwer de geplangten Datenzenter vu Google gewuer ginn. Bei Projeten an anere Länner wieren nach ni Bierger fir eng Versammlung invitéiert ginn.

David Viaggi
Google Datazenter

"Wann et net sou geet, wéi mir eis dat virstellen, da gëtt et schwéier fir de Projet Google Datazenter duerchzekréien", seet den David Viaggi. Hie wäert viraussiichtlech den nächste Buergermeeschter vu Biisse ginn.

Biissen
Biissen

No den Demissioune vun den zwee CSV-Schäffen a vum Ex-CSV-Buergermeeschter ginn d'Kaarten elo nei gemëscht. De Jos Schummer hätt awer u sech nach gär gehollef an enger exekutiver Funktioun.

Jos Schummer
Gemeng Biissen

De Bisser Buergermeeschter Jos Schummer huet demissionéiert. Hien hätt dat gemaach, well hie sech géint Falschmeldungen an Aussoe wéilt wieren, awer net géint seng Wieder wéilt goen.

Jos Schummer
Biissen

Déi nei Allianz tëscht dem Buergermeeschter Jos Schummer an der Lëscht "Är Leit" kann zu Biisse regéieren. De Projet vun engem Google-Datacenter kann domat och virugedriwwe ginn.

Jos Schummer
Google Datacenter

Hannergrond fir dem Jos Schummer seng Decisioun d'CSV ze verloossen ass de méigleche Bau vun engem Datacenter vu Google zu Biissen. De Jos Schummer kritiséiert am 100,7-Interview, datt déi national CSV géint de Projet vum Datacenter ass.

Gemgenrot Biissen
Biissen

Den Terrain zu Biissen, dee Google kaf huet, kann als Zone spéciale ëmklasséiert ginn. De Gemengerot huet an engem zweete Vott mat 4 zu 2 dëser Ëmklasséierung zougestëmmt. D'Oppositioun huet sech enthalen.

Ee Server
Google Datenzenter

Wéi eng Envergure wäert den Datenzenter kréien? Wéi vill Energie a Waasser wäert um geplangte Site gebraucht ginn? Dorop gëtt et keng kloer Äntwerten. Den 20. Juni soll den Terrain ëmklasséiert ginn.

Google
Google

De Mouvement écologique kritiséiert, datt nach ëmmer net kloer wier, wéi vill Killwaasser de Google-Datenzenter wäert verbrauchen. Dat géif awer beim Ëmklasséiere keng Roll spillen, seet de Jos Schummer.

Jos Schummer
Google-Datenzenter

Momentan schafft eng Task force um Projet Google-Datenzenter, seet de Buergermeeschter vu Biissen. A véier bis fënnef Méint kéint de PAG gestëmmt sinn. Google géif säi Projet da méi genee virstellen, sou de Jos Schummer.

google.jpg
Data Center

Domat soll d'Fläch vu ronn 35 Hektar, als "zone spéciale Data Zenter" klasséiert ginn. Deemno dierft just een Data Zenter sech do nidderloossen. Kritik gouf et, well eng Partie Froen nach op stinn.

Google Headquarters zu Mountain View, CA
Google-Datenzenter zu Biissen

Déi éischt strategesch Ëmweltprouf fir ee Google-Datenzenter ass ofgeschloss. Dat huet de Jos Schummer, Buergermeeschter vu Biissen, op Nofro hi präziséiert. D'Fro vum Waasserverbrauch wier nach net gekläert.

google.jpg
Digital Ekonomie

D'Pläng fir en Datacenter vu Google an der Gemeng Biissen wäerte sech 2018 konkretiséieren. Enger gutt informéierter Source no ass déi prinzipiell Decisioun fir de Bau vun engem Datacenter gefall.

Google
Google

D'Regierung huet et fäerdeg bruecht, fir Google en Terrain zu Biissen ze proposéiere fir de Bau vun engem Data-Center. Ob den US-Konzern zu Lëtzebuerg baut, weist sech awer eréischt an den nächste Méint.

Bei Google zu Mountainview, Kalifornien Exklusiv
Datacenter zu Biissen

De Site, dee Google fir de Bau vun engem Datacenter virgeschloe krut, ass eréischt ganz rezent op den Dësch komm. Hannergrënn iwwer en Dossier, an deem op eemol alles huet misse ganz séier goen.

google.jpg
Google

Och wann d'Terrainsfroen zu Biissen kënne gekläert ginn, ass de Projet vum Google-Datacenter ongewëss. Google géif sech nach net zu méi engagéieren, seet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

Google Exklusiv
Google

D'Regierung huet Google de Moie fréi e Virschlag gemaach fir e Site, op deem dee gréissten Datacenter aus der Groussregioun entstoe kéint. Elo gëtt op d'Decisioun vum US-Konzern gewaart.

google.jpg Exklusiv
Google

Google wëllt hei am Land e groussen Datacenter bauen. Well en initiale Projet zu Biissen gescheitert ass, hätt den US-Konzern nach gär dës Woch Kloerheet iwwer en alternative Site. Och zu Biissen.

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen