COP26 Klimakonferenz zu Glasgow

Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Klimastreik 2021
Dark skies over the COP26 ( UN Framework Convention on Climate Change - Conference of the Parties 26 ) at the Scottish Event Campus (SEC), Glasgow, Scotland, UK on October 30 2021. Lee Floyd, Credit:Lee Floyd / Avalon
KLIMAPOLITIK

D'Europäesch Unioun ass mat der Ambitioun op d'Weltklimakonferenz zu Glasgow gefuer, als Leader a Saache Klimaschutz opzetrieden. Dat ass net ëmmer gelongen, soen Europadeputéiert.

COP26
COP26

Op der Welt-Klimakonferenz zu Glasgow läit en éischten Entworf vum Akkord tëschent bal 200 Länner prett. Ëmwelt-Organisatioun geet den Akkord bei Wäitem net duer, mee e puer Fortschrëtter gëtt et trotzdeem ze mellen.

A lifebelt hangs on the banks of the River Clyde in front of the UN Climate Change Conference COP26, which is taking place at the Scottish Exhibition and Conference Centre in Glasgow. For two weeks, some 200 countries are wrestling in Glasgow over how the
Cop26

D'Welt-Klimakonferenz zu Glasgow geet an déi zweet Woch. Negociateuren op der Plaz weisen sech optimistesch, datt an dëser Woch d'Meenungsverschiddenheeten tëscht de verschiddene Länner kënne gekläert ginn.

Aktivisten COP26
COP26

Fir den zweeten Dag hannerenee sinn dëse Samschden zéngdausende Manifestanten zu Glasgow op d'Strooss gaangen. Si hu fir méi Mesurë fir géint de Klimawandel ze kämpfe protestéiert.

COP26
Weltklimakonferenz

D'Weltklimakonferenz zu Glasgow ass elo voll amgaang. D'Experten op der Plaz probéieren d'Negociateuren ze beaflossen, d'Aktiviste probéieren hir Presenz spierbar ze maachen, an d'Politiker treffe sech haaptsächlech ënner sech.

Rebellion oder Untergang an Änder sich nicht, ändert sich alles
Hannergrënn iwwer de Klimawandel

"Rebellion oder Untergang!" vum Noam Chomsky an "Ändert sich nichts, ändert sich alles" vun der Katharina Rogenhofer a Florian Schlederer: zwee Bicher mat Fakten an Hannergrondwëssen iwwer d'Problematik vum Klimawandel.

Weltklimakonferenz Glasgow
WELTKLIMAKONFERENZ

Op der Weltklimakonferenz hu sech iwwer 100 Länner dozou verflicht, hir Emissioune vu Methan bis 2030 ëm een Drëttel ze reduzéieren. Lëtzebuerg ass ënner de Signatairen.

COP26
Glasgow

Wéini sinn d'Industriestaate bereet klimaneutral ze ginn? A wéi vill Sue stelle si deene manner entwéckelte Länner zur Verfügung am Kampf géint de Klimawandel? Dat sinn Theemen op der Weltklimakonferenz zu Glasgow.

Dark skies over the COP26 ( UN Framework Convention on Climate Change - Conference of the Parties 26 ) at the Scottish Event Campus (SEC), Glasgow, Scotland, UK on October 30 2021. Lee Floyd, Credit:Lee Floyd / Avalon
COP26

Haut fänkt zu Glasgow d'Weltklimakonferenz vun der UN - den offiziellen Ufank vun de Negociatiounen, an den Ufank vun der Sich nom kollektive Wëlle méi géint de Klimawandel ze maachen an sech op d'Klimaofkommes vu Paräis ze stäipen.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen