Kulturjoer Esch2022

Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Esch 2022 5
Earthbound – In Dialogue with Nature.jpeg
Ausstellung um Belval

Fir vill Leit gëtt et e Lien tëscht Technik an der Klimakris - mee kënne modern Mëttelen och Léisungusätz liwweren? Eng Ausstellung um Belval versicht elo, de Leit d'Problematik méi no ze bréngen.

Pim Knaff
Europäesch Kulturhaaptstad

Esch 2022 ass lancéiert. Et wieren de Samschdeg den Owend ëm déi 20.000 Leit am Zentrum vun Esch an um Belval op de Bee gewiescht, schätzt dem Escher Kulturschäffe Pim Knaff. Säi Bilan vum Ouvertures-Weekend fält positiv aus.

Opening Esch2022
Kulturhaaptstad

Gëschter Owend war et souwäit: d'Europäesch Kulturhaaptstad Esch2022 gouf lancéiert. D'Valerija Berdi war fir eis zu Esch an um Belval, wou d'Festivitéiten iwwer d'Bün gaange sinn.

Transitory Ausstellung
Expo "Transitory"

Zu Paräis leeft Expositioun "Transitory", wou Fotografe vun den dräi europäesche Kulturhaaptstied Esch, Novi Sad a Kaunas ausstellen. Dës dräi Stied hunn à priori net vill gemeinsam, ausser datt hiert Stadbild staark vun der Industrialiséierung gepräägt ass.

"Esch - Mars - de Terres Rouges en Terres Rouges"
Kultur

"Esch - Mars - de Terres Rouges en Terres Rouges" heescht de Projet vum Kënschtlerkollektiv Eddi van Tsui. Ee Joer laang exploréiert d'Ekipp de Sujet vun der Kolonialiséierung vum Mars.

Esch2022 Press day
Esch2022

Déi 130 lokal Projete wieren an "dréchnen Dicher", sou d'Organisateure vun Esch2022. Vun den ugestriefte Sponsoregelder ass een nach e Stéck ewech. A véier Méint ass den offizielle Lancement.

Françoise Poos
Sot emol ...

D'Françoise Poos huet virun 20 Joer zu New York gelieft an huet d'Attentater vum 11. September 2001 materlieft. Mëttlerweil ass si Direktesch vum Kulturprogramm vun Esch 2022 a wëllt als Minetter eppes zeréckginn.

Christian Mosar.jpg
Am Gespréich

De Christian Mosar ass no senger konzeptueller Aarbecht fir d'Kulturjoer Esch2022 an der Minettmetropol hänke bliwwen, an zwar als artisteschen Direkter vun der Konschthal a vun der Kënschtlerresidenz Bridderhaus.

De Ris geet op d'Rees.jpg
Literatur

Wat mécht de Ris am Beetebuerger Mäerchepark eigentlech, wann en net schléift? Dat goufen d'Leit aus der Beetebuerger Gemeng gefrot. Aus den Iddië sollen den Andy Genen an de Lucien Czuga da Geschichte fir e Comic entwéckelen.

Site vum fréiere Walzwierk zu Diddeleng
Industriekultur

DKollektiv hat dëse Weekend DKollage um Site vum fréiere Walzwierk vun Diddeleng. An enger Serie vu participative Chantiere kann all Interesséierte mat Hand upake fir den Atelier D zu engem Tiers-Lieux ze verwandelen an de Quartier mat Liewen ze fëllen.

Michèle Sinner Kommentar
Esch 2022

Deene Responsabele vun Esch2022 feelt et mat hirer wirtschaftsliberaler Approche u Respekt fir déi Kulturschafend a Versteesdemech dofir, wéi de Secteur funktionéiert. Mee fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt, tréischt d'Michèle Sinner.

Nancy Braun
Kulturjoer 2022

D'Nancy Braun, Direktesch vun Esch 2022, weist sech optimistesch, datt all d'Projeten déi geplangt sinn, och Realitéit ginn. Dee Prozess wier am Gaang si hofft, datt e "relativ schnell" kéint ofgeschloss ginn.

Esch 2022 Live
Livestream

Haut gëtt en éischten Deel vum Programm vun Esch2022 presentéiert. Esch, zesumme mat den zéng anere Gemengen aus dem Gemengesyndikat ProSud an aacht franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad.

Esch 2022
Joresréckbléck

Vill Kënschtler, Institutiounen an Organisatiounen engagéiere sech fir Esch 2022, wat awer net verhënnert, datt net alles ëmmer esou leeft, wéi et soll. En turbulent Joer fir Esch 2022 - mir kucken zeréck.

Stefan Krebs
Geschicht

Historiker vun der Uni.lu encouragéieren de grousse Publik, d'Alldagsgeschicht vum Minett matzeschreiwen: mat Dokumenter, Fotoen, Erzielungen. Treffpunkt ass den ''Temporary history lab''.

Max Mertens
Ausstellung

De Kënschtler Max Mertens invitéiert mat der Installatioun "Sollbruchstelle" an der Annexe22 Visiteuren zu enger Aart duusser Zerstéierung. D'Kerstin Thalau huet sech mat him ënnerhalen.

Esch 2022
Esch 2022

D'Europäesch Kommissioun huet 13 Recommandatioune fir Esch 2022 ginn. D'Ekipp ëm d'Generaldirektesch Nancy Braun huet dëse Rapport der Kulturkommissioun an der Chamber presentéiert.

Esch 2022
Dräizéng Recommandatioune vu Bréissel

Am Mee hat Esch 2022 der Europäescher Kommissioun de Rapport vun 2019 an Ufank 2020 präsentéiert. Elo huet d'Kontrollkommissioun vu Bréissel Esch 2022 am Ganzen 13 Recommandatioune mat op de Wee ginn.

Esch-sur-Alzette, Luxembourg - April 27, 2016. Huge steelwork plant dominating the skyline of Belval quarter of Esch-sur-Alzette, with buses, city traffic and people.
Esch2022

Wärend och zu Esch dat kulturellt Liewe lues a lues aus dem Confinement eraus kënnt, sollen dräi nei Institutiounen an eng asbl. d'Minett-Metropol an Zukunft beräicheren - iwwer d'Kulturhaaptstad eraus.

Christian Mosar
Kulturhaaptstad

De Christian Mosar ass net méi artistesche Leeder vun Esch 2022. Dat huet de Verwaltungsrot haut zesumme mam Christian Mosar decidéiert, heescht et an engem Communiqué vun der ASBL Esch 2022.

Esch 2022
Esch 2022

Et gëtt méi konkret mam Projet Esch2022. Mat 606 agereechte Projete befaasst sech d'Ekipp ronderëm d'Directrice Nancy Braun. D'Projete sinn nach net all ausgewäert, trotzdeem stinn eng rei Iddie fest.

Valerija Berdi Kommentar
Chronik

Praktesch vun Ufank u stoung de Projet Esch 2022 ënner engem schlechte Stär. An all Ëmstellungen an Ëmstrukturéierungen hu fatal Konsequenze fir déi Kulturschafend, fënnt d'Valerija Berdi.

René Penning
Kulturjoer

Aacht Leet-Projete soll d'Escher KuFa fir d'Europäesch Kulturhaaptstad zeréckgezunn hunn, war a verschiddene Lëtzebuerger Medien ze liesen. Den Direkter vun der Escher Kulturfabrik widdersprécht dëse Behaaptungen.

Nancy Braun Interview
Kultur

Ronn 500 Projete goufen agereecht, déi ze evaluéiere sinn, d'Abanne vun der Populatioun ass nach net richteg amgaang, an et goufen nei Rekrutementer. Wou steet Esch 2022? D'Nancy Braun, Generaldirectrice vun Esch 2022 am Gespréich.

Trail1
Kultur

De Minett soll duerch en 80 Kilometer laange Wanderwee touristesch a kulturell méi attraktiv ginn. Zanter dräi Joer schaffen ënnert anerem d'UNESCO an Esch2022 un dësem Projet, dee fir d'Kulturjoer 2022 fäerdeg soll sinn.

Hall des soufflantes
Belval

D'Koordinatioun vun Esch 2022 kéint am Juni méiglecherweis an déi al Gebléishal um Belval eraplënneren. Dat alt Industriegebai soll eng nei Attributioun kréien. Dat fuerdert den Aarbechtsgrupp Eise'Stol.

Nancy Braun
Kulturhaaptstad

Déi nei Equipe, déi d'Rudder vun Esch 2022 iwwerholl huet, ass nach net komplett, d'Sich no enger Finanz- an Administratiounsdirektioun schéngt net einfach ze sinn. D'Generaldirectrice iwwer den aktuelle Stand.

Protestpiquet Esch 2022
Europäesch Kulturhaaptstad

Esch2022 wier gepräägt vu finanziellen Onkloerheeten a schlechter Kommunikatioun, soe verschidde Buergermeeschteren. Si fuerderen eng méi kloer Kompetenzopdeelung a méi Vertrauen tëscht all de Parteien.

Esch-sur-Alzette
Esch 2022

Nodeems Esch rezent offiziell Europäesch Kulturhaaptstad 2022 gouf, soll déi entspriechend ASBL elo erneiert ginn. Et soll an Zukunft nëmmen nach een Haaptkoordinator ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen