Lëtzebuerg entdecken

Abtei Neimënster Gronn
Robbesscheier zu Munzen 2
Lëtzebuerg entdecken

"D'Natur mat alle Sënner erliewen", dat ass de Motto vun der Robbesscheier zu Munzen. Et ginn divers Handwierker virgestallt, et gëtt eng grouss Offer un Teambuilding-Moossnamen an d'Déiere stinn am Mëttelpunkt.

Camping Troisvierges - Sentier des passeurs
Lëtzebuerg entdecken

Den Ëlwener Camping kann ee bal mat engem Vakanze-Ressort vergläichen. Net nëmmen datt een hei Stellplazen, nei Mobilhomer a grouss Glamping-Safarizelter loune kann, de ganze Camping läit och nach matten am Ëlwener Activity-Park.

Héijuewe Belval 2
Lëtzebzerg entdecken

Um Belval kann een eng Visite vum Héichuewen A maachen, fir méi iwwer d'Stolindustrie gewuer ze ginn. Wann een dann um Héichuewen ass, huet een e gudde Bléck doriwwer, wéi sech de Site entwéckelt huet a wat haut do wichteg ass.

Klierf Camping
Lëtzebuerg entdecken

De Klierfer Camping ass dem Wëlle vun engem fréieren Generaldirekter vun der ARBED ze verdanken. De Claude Faber war fir eis Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" Klierf - fir sech selwer - och nei entdecken.

Rondonnée ORT Eisleck
Lëtzebuerg entdecken

Mir ginn haut an der Serie "Lëtzebuerg entdecken" an den Norden, wou mir eis d'Wander- a Vëlosweeër ukucken. An dës Weeër féieren een dacks bis an eis Nopeschlänner. De Pit Walté huet sech informéiert.

Camping Kohenhof
Lëtzebuerg entdecken

Net wäit vum Kohnen Haff ewech ass schonn zu Réimerzäite campéiert ginn. An eiser Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" hëlt Iech de Claude Faber mat, op de moderniséierte Camping Kohnenhof.

fonds de gras 1
Lëtzebuerg entdecken

Am Minett Park am Fond-De-Gras kann ee mat enger Damp- oder Diesellokomotiv fueren, a mat der Minièresbunn geet et dono bis an de Bierg. De Pit Walté war fir d'Serie "Lëtzebuerg entdecken" en Nomëtteg dohinner.

Abtei Neimënster Gronn
Lëtzebuerg entdecken

An eiser Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" geet et an d'Stad. Et geet ëm verschidde Weeër, déi een do goe kann, fir d'Geschicht vu Lëtzebuerg ze entdecken. De Pit Walté huet sech puer schéin Ecke weise gelooss.

Camping Officiel Echternach
Lëtzebuerg entdecken

Hu Dir schonn emol vun der Kleopatra-Nol an der Däiwelsschoart héieren? Et ass ee vun de spektakuläersten Naturspektakelen an der Lëtzebuerger Schwäiz, direkt hanner dem Iechternacher Camping.

Camping Krounebierg
Lëtzebuerg entdecken

De Camping Krounebierg läit zu Miersch, direkt bei Nationalmonument vun der Onofhängegkeet. Et gouf vill investéiert, fir de fënnef Stäre gerecht ze ginn. De Claude Faber war sech de Camping ukucken.

Mëllerdall
Lëtzebuerg entdecken

Den Nordoste vum Land bitt vill Wander- a Vëlosweeër. De Mëllerdall ass och bekannt als Petite Suisse Luxembourgeoise an op iwwer 112 Kilometer bitt de Mëllerdall-Trail Wanderweeër fir Grouss a Kleng.

Camping Kockelscheuer
Lëtzebuerg entdecken

D'Kockelscheier ass haaptsächlech duerch d'Äispist, Keelebunnen, Tennis- a Squash-Anlage bekannt. De Camping, deen tëschent all dësen Anlagen läit, ass hei am Land manner bekannt, mee gëtt vu villen auslännesche Camper héich appreciéiert.

De Béier, d'Gierwerei an d'Ardennen-Offensiv
Lëtzebuerg entdecken

An eiser Serie "Lëtzebuerg entdecken" geet et an de Norden op Wolz. Am Schlass ginn et do direkt dräi Muséeën ënner engem Dach ze entdecken. De Pit Walté war dohinner.

Biodiversum 1
Lëtzebuerg entdecken

An de Weieren zu Rëmersche ginn et vill Planzen- an Déierenaarten ze entdecken. Am Biodiversum niewendrun ginn et vill Informatiounen dozou. Et ass d'Entréesdier fir an d'Naturschutzgebitt.

Camping Op Kengert
Lëtzebuerg entdecken

Op Kengert ass deen éischte Camping zu Lëtzebuerg, deen dëse Weekend mat enger offizieller Lëtzebuerger Klassifikatioun vum Tourismus-Ministère ausgezeechent gouf. De Claude Faber war sech dësen idyllesche Camping ukucken.

Kasematten
Lëtzebuerg Entdecken

D'Tunnellen ënner der Stad zielen zu de gréissten Attraktioune vu Lëtzebuerg. 1867 gouf d'Lëtzebuerger Festung geschläift, d'Kasematte waren awer net betraff. Zanter 1993 si se fir de Public op.

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen