Kultur Literaturfestival "étonnants voyageurs"

Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

St. Malo Dossier
lola gruber.PNG
Literatur

Am Roman "Trois concerts" zeechent d'Lola Gruber de Portrait vun enger brillanter jonker Musekerin, déi vun hirem prestigiéise Mentor ge- a verformt gëtt. A gëtt en Abléck hanner d'Kulisse vun der Musekswelt.

cognetti.JPG
Reesliteratur

Net op de Bierg, mee ronderëm: den italienesche Schrëftsteller Paolo Cognetti huet et den nepalesesche Pilger nogemaach. Säi Reesbericht heescht dofir och "Sans jamais atteindre le sommet" (Stock).

Jean-Marc Turine
Literaturfestival Étonnants voyageurs

De Jean Marc Turine wëllt mat sengem Roman "La Théo des fleuves" op déi traureg Geschicht vun de Roma opmierksam maachen. D'Valerija Berdi ass dem Auteur zu Saint-Malo um Literaturfestival Étonnants voyageurs begéint.

Michel Agier.JPG
Migratioun

Eng europäesch Traditioun nees opfrëschen: Dofir plädéiert de franséischen Anthropolog Michel Agier a sengem Essai "L'Étranger qui vient. Repenser l'hospitalité" (Éditions du Seuil).

Beyrouk.PNG
Literatur

De mauretanesche Schrëftsteller Mbarek Beyrouk ass ee vun de wéinege frankophonen Auteuren a sengem Land - dem "Land vun enger Millioun Dichter". Säin neiste Roman heescht "Je suis seul" (Editions Elyzad).

Bertrand Tavernier.PNG
Literatur

De franséische Filmegisseur leet bei den Editions Actes Sud eng Kollektioun vu Klassiker aus der Western-Literatur. De Michel Delage huet zu Saint-Malo mat him iwwer dee Genre geschwat.

Alain Damasio
Literatur

De renomméierte franséische Science fiction-Auteur anticipéiert mat sengem Roman "Les Furtifs" (Editions La Volte) déi geféierlech Entwécklunge vun der Kontrollgesellschaft an iwwer d'Widderstänn.

Estelle-Sarah Bulle
Literaturfestival "étonnants voyageurs"

"Là, où les chiens aboient par la queue", ass den Titel vum Roman vun der Estelle-Sarah Bulle. Eng Erzielung, déi eis déi rezent Geschicht vun der Gouadeloupe op eng empathesch Manéier méi no bréngt.

Saint-Malo
Weltliteratur

Iwwer de Päischtweekend steet de Festival Étonnants Voyageurs am Mëttelpunkt vun der Literatur aus der ganzer Welt. D'Valerija Berdi stellt dat literarescht Saint-Malo an de Festival vir.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen