Déi éischt Foire fir Zäitgenëssesch Konscht zu Lëtzebuerg ass op ee breeden Interesse beim Public gestouss. 19 Galerie aus der Groussregioun hu vum 3. bis den 8. November Wierker vun hiren Artisten ausgestallt. Et gouf Debaten, Visiten a Concerten. Och de Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg war un der Foire bedeelegt. D'Konscht-Experte vum radio 100,7 hu Galeristen, Kënschtler a Leit aus dem Mileu begéint, fir eng Bestandsopnam ze maachen.
An dësem Dossier sinn déi wichtegst Bäitrag als Artikelen zesummegefaasst.