100,7 Meenung

Dossier Meenung

Nieft der Berichterstattung, droen Analysen a Kommentaren zur Meenungsbildung bäi. Eng Selektioun vun de Bäitrag vun 100,7-Mataarbechter sou wéi vun den externe Collaborateuren, déi dënschdes an donneschdes am "Fräie Mikro" ze héiere sinn.

Jean-Claude Franck Kommentar
Konventioun RTL-Staat

RTL soll vun 2021 un eng direkt Subventioun vun zéng Milliounen Euro d'Joer kréien. D'Regierung geet hei liichtfankeg mat Steiergelder ëm. An iwwer déi mediepolitesch Konsequenzen gouf net diskutéiert.

fifa fussball.jpg
Just nach e Geschäft

Mat 38 Mio. Euro d'Joer wier den argentinesche Fussballer Carlos Tevez de beschte bezuelte Spiller weltwäit. Mee och d’Zommen déi bezuelt ginn, fir e Spiller ze transferéiere klammen an de leschte Joren ëmmer méi.

Marc Glesener.jpg
Tierkesch Politiker

Europa brauch méi Courage fir glafwierdeg ze sinn, seet de Kommunikatiounsberoder Marc Glesener. Hie bezitt sech virun allem op d’Diskussiounen ronderëm d’Optrëtter vun tierkesche Politiker an Europa.

Valerija Berdi Meenung
Vu Beruff Schrëftsteller

De Lëtzebuerger Literaturmarché ass net grouss genuch, fir datt een vum Schrëftstellerberuff liewe kann. Misst dann net d'Solidaritéit ëmsou méi grouss geschriwwe ginn, freet d'Valerija Berdi.

Rusty-Boys-Behind-the-scenes.jpg Meenung
Lëtzebuerg

"Rusty Boys" ass en Heimatfilm vun 107 Minutten. Eng Fiktioun iwwer d'Heemecht, déi méi iwwer Lëtzebuerg, seng Mënschen a seng Sproochen ausseet, wéi vill Artikelen a politesch Rieden.

Fräie Mikro

Rusty Boys ass een Heimatfilm vun 107 Minutten. Eng Fiktioun iwwer d'Heemecht, déi méi iwwer Lëtzebuerg, seng Mënschen a seng Sproochen ausseet wéi vill Artikelen a politesch Rieden.

Claudia Hansen Meenung
Europa

An Holland huet T-mobile d’Roamingkäschte schonn ofgeschaaft, ier dat an der ganzer EU de Fall ass. Dat gëtt en neit positiivt europäescht Gefill, mengt eis Holland-Korrespondentin Claudia Hansen.

Laurent Moyse.JPG Meenung
Entwécklung vun der Aarbecht

Mat senger Propos, iwwert d'Aarbechtszäitverkierzung nozedenken, huet de Wirtschaftsminister viru kuerzem e Steen an d'Waasser geheit. Seng Interventioun kléngt scho staark no Wahlcampagne.

Wahlen.JPG Meenung
Fräie Mikro

Den Donald Trump ass duerch d'Grands électeurs un d'Rudder komm. An net well hien déi meeschte Stëmmen hat. Dat ass net demokratesch. D'Anne Heniqui freet, wéi demokratesch de Wahlsystem zu Lëtzebuerg ass?

Humanitär Hëllef zu Wardak am Irak Meenung
E schéint neit Joer?

2016 huet eis gerëselt. An zwar sou staark, datt verschiddene vun deenen Institutiounen a Wäerter, déi eis modern Demokratien ausmaachen, wackelen. Et ass fënnef vir zwielef, wa mir net opstinn.

Cristiano Ronaldo Kommentar
Sport a Steieren

De Foussball ass ëmmer méi e Geschäft ginn. De Vollekssport verléiert de Kontakt zum Vollek. Déi gréissten Nimm am Fussball hannerzéien Steieren. Am Fong dierft et eis net wonneren.

Anniversaire des 125 ans de la dynastie Luxembourg- Nassau Kommentar
Konscht a Gesellschaft

Zu Lëtzebuerg kann ee sech dëser Deeg mat der Fro ëm d'Relevanz an ëm d'Repercussioune vu Konscht beschäftegen. Iwwerleeungen zu den zäitgenëssesche Kënschtler Beryl Koltz a Jacques Schneider.

Renate Künast um Handy Meenung
Gesellschaft

D'Politikerin Renate Künast huet eng Plainte géint Facebook gemaach. Wéinst engem falschen Zitat. Dat geheit wesentlech Froen iwwer d'Verhältnis vu soziale Medien, Demokratie a Rechtsstaat op.

Marc Glesener.jpg Meenung
Medien

Dem Här Lunghi säi Verhalen ass typesch fir den Ëmgang, deen eng Partie Leit aus dem ëffentleche Liewen mat deenen hunn, déi Froe stellen, déi stéieren oder déi si net wëllen héieren.

Simone Beck Meenung
Wahlkampf USA

Den Donald Trump huet dozou bäigedroen, datt Rassismus, Misogynie, primitiv Iwwerleeungen a Steierbedruch presidentiabel sinn. Et ass schwéier ze verstoen, datt hie Presidentschaftskandidat ass.

François Aulner Kommentar
Lëtzebuerger Sprooch

Kee Mënsch, och keen Auslänner, deen hei am Land lieft, géing am Dram drun denken d’Lëtzebuergescht ofzeschafen. Kee Mënsch géing awer och am Dram drun denken de Multilinguismus ofzeschafen, mengt de François Aulner.

Jean-Paul Hoffmann Meenung
Wirtschaft

De "World Economic Forum" huet dës Woch säi Kompetitivitéits-Index publizéiert. Lëtzebuerg läit onverännert op der 20. Plaz vun 138 - Status quo also. Mee ass dat ee gutt Resultat?

Marc Glesener.jpg Meenung
Fräie Mikro

Ass de Parvis vun enger Philharmonie déi richteg Plaz fir een Auto auszestellen? Déi Fro stellt de Marc Glesener a sengem fräie Mikro. Wéi wäit kënne Reklamm a Kultur anenee gräifen?

J-C Juncker virum Parlament Analys
Lag vun der Europaëscher Unioun

Manner dramatesch a méi positiv wéi d'lescht Joer ass de Jean-Claude Juncker virum Parlament opgetrueden. Vill Neies huet de Komissiounspresident a senger Ried zur Lag vun der EU net proposéiert.

Simone Beck Meenung
Fräie Mikro

Ëmmer nees gëtt sech an der Press doriwwer opgereegt, wann en alt Gebai ofgerappt gëtt. Patrimoine sollt een awer net nëmmen op Gebaier reduzéieren. Dat ass de Begrëff vill ze enk gesinn.

François Aulner Kommentar
Aktualitéit

D’Aktualitéit an de leschten Deeg ass beonrouegend. Wien awer mengt et misst een d’Grenzen zoumaachen iert sech, a wien mengt et soll een näischt maachen, iert sech och, mengt de François Aulner am Kommentar.

Xavier Bettel an der Chamber Analys
Fräihandels-Accord

Den Handels-Accord tëscht der EU an Kanada ass ëmstridden. D'Europäesch Kommissioun proposéiert, datt national Parlamenter solle kënne matschwätzen. Mee kann hiren Neen den Accord effektiv stoppen?

Simone Beck Meenung
Brexit

Et wier falsch, d’Schold eleng deenen ze ginn, déi fir de Brexit gestëmmt hunn. De Feeler läit och bei engem Manktem u Leadership an engem Verloscht vu Vertrauen an d'Parteien, mengt d’Simone Beck.

Daniel Schneider Kommentar
Wahlen Eisträich

An Eisträich muss den zweeten Tour vun der Presidentewahl vum 22. Mee wéinst Irregularitéite beim Ausziele widderholl ginn. Eng gutt Saach, mengt eise Wien-Korrespondent Daniel Schneider.

Pia Oppel Kommentar
Brexit

75 Prozent vun de Wieler tëscht 18 a 24 Joer hu géint ee Brexit gestëmmt. Et wier an hirem Interessi, datt den europäeschen Integratiounsprojet viru gedriwwe gëtt.

Jean-Paul Hoffmann Meenung
Brexit

De britesche Wieler huet d’Chance genotzt, dem Establishment mol eng gutt auszewëschen. Groussbritannien huet décidéiert, an et geet een neie politesche Raum op. Eng Wirtschaftschronik vum Jean-Paul Hoffmann.

Rick Mertens.jpg Meenung
Brexit-Debatt

Des Woch decidéiert sech, ob Groussbritannien an der EU bleift oder net. De Mord un der Jo Cox kéint de Referendum entscheedend beaflossen, mengt de Rick Mertens an enger Auslandschronik vu London.

Reyland.JPG Meenung
Wirtschaftschronik

Bei der Exploitatioun vu Weltall-Ressourcen riskéiert Lëtzebuerg sech gesetzlech d’Fangeren ze verbrennen. Als Nation Branding, fonctionnéiert et bis elo éischter gutt, mengt de Pierre Reyland.

Pia Oppel Kommentar
Geheimdéngschtreform

De Geheimdéngscht kritt ee Staatstrojaner, mee kloer Reegelen fir d'Online-Iwwerwaachung fehlen. Dräi Joer no der SREL-Affär geet d'Koalitioun de Risiko vun neien Abusen an, mengt d'Pia Oppel.

Matthias Kirsch
Grondakommes

D’Schwäiz huet géint e bedéngungsloost Grondakommes gestëmmt. Amplaz weider iwwer dës sozialstaatlech Utopie ze diskutéieren, kéint een den aktuelle System verbesseren, mengt de Matthias Kirsch.

François Aulner Kommentar
Terrorismus

D’Chancë vun engem Auto iwwerrannt ze ginn oder doheem vun engem Miwwel erschlo ze ginn, sinn däitlech méi héich, wéi bei engem Attentat ëm d’Liewen ze kommen, sou de François Aulner an engem Kommentar.

Pia Oppel Meenung
Finanzsecteur

Fir d’Finanzplaz wier et besser, wann d'Iwwerwaachungsautoritéit CSSF net vu Leit geleet géif ginn, déi nach kuerz virdru selwer am Secteur geschafft hunn. Eng Wirtschaftschronik vum Pia Oppel.

Laura Zuccoli Meenung
Fräie Mikro

Wéi gi mir mat Leit aus frieme Kulturen, mat anere Reliounen ëm? Wei ginn d’Ängschte bei de Bierger mat dësen Themen gestäerkt? Mat dëse Froe beschäftegt d'Laura Zuccoli sech am Fräie Mikro.

thill.jpg Meenung
Ofschlossexamen

Momentan schweessen d'Schüler op den Ofschlossexamen – datt se dobäi och nach lecke mussen! Dozou en Denkustouss vum Jean-Luc Thill.

Rick Mertens.jpg Kommentar
TTIP

Déi sougenannten "TTIP-Leaks" hunn net dozou gefouert, datt méi fondéiert iwwert de geplangte Fräihandelsaccord tëschent EU an USA diskutéiert gëtt, mengt de Rick Mertens.

Michel Pauly.JPG Meenung
LuxLeaks-Prozess

De Michel Pauly iwwert de Courage vu Whistleblower an den Zesummenhank vu Politik a Moral.

Cléo Thoma
Kulturchronik

Mécénat ass super. Mä domat ass d'Regierung net vun hirer Verantwortung vis-à-vis vun der Kultur entbonnen, fënnt d'Cléo Thoma an der Kulturchronik.

Sadiq Khan London.jpg Meenung
Groussbritannien

De Sadiq Khan gëtt éischte muslimesche Buergermeeschter vu London. Et ass eng Victoire fir d’Sozialdemokraten – wann den Khan, knapps gewielt, net weider den Jeremy Corbyn a Fro géif stellen.

François Aulner Kommentar
CSV-ADR

D’Spekulatiounen oder Hypothesen iwwert eng CSV-ADR Koalitioun si “politique politicienne”. Am Kommentar stellt de François Aulner trotzdem fest, datt d’politesch Landschaft sech verännert.

scuto.jpg Meenung
Zäithistoriker

De Film iwwert méi wéi 100 Joer fräi Gewerkschaften zeechent eng nei Geschicht vu Lëtzebuerg: eng Geschicht vun ënnen, esou den Denis Scuto.

Jean-Claude Franck Kommentar
Etat de la Nation

Am État de la Nation 2016 gouf een net vill Neits gewuer, mä dat ass keng Iwwerraschung, mengt de Jean-Claude Franck am Kommentar

Pia Oppel Meenung
Eurozone

Griicheland, d'EU an den IWF streiden op en Neits iwwert e Scholdeschnëtt. D'Problemer vun der Eurozone bleiwen ongeléist. An déi negativ Spiral dréint weider, sou d'Pia Oppel an der Wirtschaftschronik.

Christiane Kleer Meenung
Wirtschaftschronik

D'Direktiv iwwer de Schutz vum Betribsgeheimnis wërft an Zäite vu Luxleaks-Prozess an och Panama Papers vill Froen op, mengt d'Christiane Kleer an der Wirtschaftschronik. Zum Beispill déi vum allgemengen Interessi.

Jay Schiltz Meenung
Affaire Böhmermann

Vun der Satire zum Politikum: den däitschen Satiriker Jan Böhmermann entlarvt Merkel an Erdogan, déi hiren Deal net wëlle platze loossen, mengt de Jay Schiltz an enger Kulturchronik

Jean-Claude Franck Kommentar
Affaire Bettel-Kemmer

De Xavier Bettel huet Feeler gemaach, mä dat ännert näischt um Fong vun der SREL-Affaire, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar zu der Affaire Bettel-Kemmer

Laurent Moyse.JPG Meenung
Fräie Mikro

Och déi Lëtzebuerger Regierung versicht mat fiskaleschen Agrëffer fir méi Gerechtegkeet ze suergen. Mee dat wäert kaum duergoe fir Problemer ze léisen, déi vill méi déif ginn, seet e Laurent Moyse.

Jean-Claude Franck Meenung
Panama Papers

No LuxLeaks, elo d'Panama Papers: D'Revelatiounen iwwer intransparent an deelweis illegal Geschäfter mat Bréifkëschtefirmae sinn och fir Lëtzebuerg problematesch, mengt de Jean-Claude Franck.

Marc-Glesener-1024x682.jpg Meenung
Panama Papers

Iwwer 200.000 Bréifkëschtefirmaen an de Verdacht op systematesch Steierhannerzéiung. Doriwwer wonnert ee sech net méi richteg. Dat ass geféierlech, mengt de Marc Glesener am Fräie Mikro.

cmpf 2015.jpg Meenung
Europäesch Etude

Lëtzebuerg gehéiert zu deenen EU-Länner mat enger staarker Maart-Konzentratioun am Mediesecteur. Et feelt de politesche Wëllen fir de Pluralismus gesetzlech ze stäerken, mengt d'Pia Oppel.

Marco Thomé.jpg Meenung
No den Attentater

A senger Chronik beschäftegt sech de Marco Thomé mat eisem Grondbedürfnis u Sécherheet a Kontroll, grad ewéi mat eiser globaler Onfähegkeet, dës Besoinen alle Mënschen op dëser Äerd zouzegestoën.

Denis Scuto-2.JPG Meenung
Fräie Mikro

Wéi ass et méiglech, datt e méisproochegt Land, wat sech als "dynamesch, oppen an zouverlässeg" presentéiert, Sproochenufuerderunge virschreift, déi zéngdausenden Immigranten net kënnen erreechen?

Michel Delage Kommentar
Flüchtlingskris

Mam Accord, deen d'EU-Memberstaten de leschte Freideg mat der Tierkei ofgeschloss hunn, soll déi illegal Migratioun gestoppt ginn. Faktesch gëtt d'Recht op Asyl allgemeng ënnergruewen.

Pia Oppel Meenung
Geheimdéngscht-Archiven

D'Regierung wëll een "Institut d'Histoire du Temps Présent" schafen, mee beim Opschaffe vun de Geheimdéngscht-Archive steet se der zäithistorescher Fuerschung am Wee, mengt d'Pia Oppel.

Hand of a person casting a ballot at a polling station during voting. Meenung
Däitschland

AfD heescht de grousse Gewënner vun de Wahlen dëse Weekend an dräi däitsche Bundeslänner. Firwat sinn di etabléiert Volleksparteien quasi inaktiv? Déi Fro huet eise Korrespondent Mathias Kirsch sech gestallt.

Laurent Moyse.JPG Meenung
Fräie Mikro

Mir rutschen an en Zäitalter, wou den Image triumphéiert an d'Substanz an den Eck gedréckt gëtt. Dat ass vläicht de Präis dee mir bereet sinn ze bezuelen, fir datt eis Gesellschaft sech weiderentwéckelt.

Jean-Paul Hoffmann Analys
"Brexit"

D’Konklusioune vum EU-Conseil berouen op falsche Prämissen. Et mécht wirtschaftlech kee Sënn fir d’Migratioun ze decouragéieren.

Jean-Claude Majerus Meenung
Hollywood

Kuerz virun den Oscaren 2016 weist eng Etude iwwert Hollywood eng desastréis Situatioun an der Dramfabrik, déi vun Ausgrenzung, Diskriminatioun a souguer Rassismus dominéiert ass. Eng Kulturchronik.

David Cameron Kommentar
Brexit-Deal

D'EU huet kee Konzept, wéi si mat der sougenannter Flüchtlingskris ëmgoe soll. Wann et drëm geet, economesch u Stäerkt ze verléieren, ass ee sech méi séier eens. Eng Analys vum Danièle Weber.

Michel Pauly Meenung
Institut fir Zäitgeschicht

D’Regierung ass mat hiren Agrëffer an d'Autonomie vun der Uni Lëtzebuerg amgaang, där hir Renommée ganz serieux op d’Spill ze setzen, mengt den Historiker a forum-Mataarbechter Michel Pauly.

Fred Medernach Kommentar
Kulturchronik

Mir hunn e Grammy kritt zu Los Angeles! D'Angélique, de Gast, den OPL, eisen Tountechniker. A ganz Lëtzebuerg mat. Wéi frou däerf een do sinn? De Fred Medernach deelt seng Freed an der Kulturchronik.

bigstock-Eyes-and-mouth-91115969.jpg Meenung
Kulturchronik

Mir ginn ëmmer méi obsedéiert vu Biller. D'Danièle Wecker retracéiert dëse strukturelle Wandel a kënnt zur Konklusioun, datt mir d'Welt haut als Bild wouerhuelen. An datt mir d'Bild als méi reell ugesinn.

Jean-Claude Franck Kommentar
Zukunft vun der CSV

De fréieren CSV-Minister huet eegenen Aussoen no nach net decidéiert, ob hien nees méi eng aktiv Roll an der Politik iwwerhuele wëll. Besser net, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

Marc Glesener.jpg Meenung
Fräie Mikro

De Phänomen Trump dominéiert de Virwalkampf an den USA. De populisteschen Erfolleg gëtt am Fong vun den anere Parteien a Politiker provozéiert. Dat mengt de Marc Glesener a sengem Fräie Mikro.

Mick Entringer Kommentar
Lycéesreform

No zwee Joer huet den Educatiounsminister seng Iwwerleeungen iwwert d’Lycéesreform presentéiert. De Pabeier vu sechs Säiten ass wäit ewech vun engem Gesetzprojet. E Kommentar vum Mick Entringer.

François Aulner Kommentar
Wirtschaft

Eng grouss franséisch Chaîne mécht an zwee Joer am Centre Hamilius an der Stad Lëtzebuerg e Geschäft op. Dozou e Kommentar vum François Aulner.

scuto.jpg Meenung
Déchéance nationalité

Den Historiker Denis Scuto iwwer d'Erweiderung vun der "déchéance de la nationalité", sou wéi de franséische President François Hollande se wëll an d'Verfassung aschreiwe loossen.

Jean-Claude Franck Kommentar
Regierungsembildung

De Récktrëtt vun der Ministesch Maggy Nagel huet net just op hir Schwächten higewisen, mä och op déi vun hirer Partei. D'DP huet eis eppes virgemaach, amplaz fir Kloerheet ze suergen.

white house.jpg Kommentar
Auslandschronik

A der rezenter Ried vum amerikanesche President Barack Obama iwwer den Terrorismus ass et – wéi gewinnt – ëm Krich gaang. Mee och een anert Thema krut eng wichteg Plaz: d'Waffegesetzer.

Jean-Paul Hoffmann Kommentar
Wirtschaftschronik

1968 haten 61 Prozent vun den Autoen zu Lëtzebuerg manner wéi 1,5 Liter Hubraum. Haut sinn et nëmme méi 22 Prozent. Zu Paräis kann nëmmen dat duerchgesat ginn, wat mir all bereet si matzedroen.

Mick Entringer.jpg Kommentar
Wäerteunterrecht

Wann et ëm den neie Wäerteunterrecht geet, ass bis elo bal kee vun de concernéierten Acteure sou richteg zefridden. Dat ass och net verwonnerlech, mengt d'Mick Entringer am Kommentar.

Michel Delage Kommentar
Burka-Debatt

Firwat wëll och d'LSAP d'Burka verbidden? Fir hir Stëmmeverloschter réckgängeg ze maachen hunn d'Sozialisten de Rietspopulismus fir sech entdeckt, mengt de Michel Delage an engem Kommentar.

Jean-Claude Franck Kommentar
Attentater zu Paräis

Rietspopuliste probéieren e Lien ze maachen tëschent Terroristen a Flüchtlingen. Wa mer iwwerfuerdert si fir komplex Entwécklungen ze verstoen, tendéieren der leider vill zu einfachen Erklärungen.

fifa fussball.jpg Meenung
FIFA-Skandal

D'Lëscht vun de Skandaler ronderëm Korruptioun an der FIFA a ronderëm de Profifussball am grousse Ganzen ass laang. An inspiréiert den Denis Scuto zu engem historesche Vergläich.

Jean-Claude Franck Kommentar
Staatsbudget 2016

Mam Staatsbudget fir 2016 ass kloer ginn, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun hir Ambitioune vu virun zwee Joer schonn opginn huet. Dat mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

Programm

Dossieren

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

  • Meenung

    Eng Selektioun vu Kommentaren an Analysen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen