Serie Mäin Europa

Mäin Europa
Foto: Bigstock / melis

Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Mat konkrete Beispiller weise mir, wat d'Europäesch Unioun hire ronn 500 Millioune Bierger bréngt.

Therapie
Mäin Europa

An Holland, der Belsch an zu Lëtzebuerg ass d'Stierfhëllef och dann erlaabt, wann d'Patiente psychesch krank sinn. Mee dat ass net onëmstridden. An der Belsch stounge rezent dräi Doktere viru Geriicht.

Bye bye EU - Mäin Europa
Mäin Europa

No 47 Joer hunn d'Britten d'EU verlooss. Mee de Brexit huet en déiwe Gruef geschaf, an déi brittesch Gesellschaft bleift gedeelt. De Pierre Reyland huet deen historesche Brexit Day zu London materlieft.

Wandmillen
Mäin Europa

Fir 2020 wëllt Europa säin Undeel un erneierbaren Energien op 20 Prozent bréngen. 2030 sollen et 32 Prozent sinn. Wéi eng Roll spillt de Staat, fir den Ausbau ze fërderen?

Mäin Europa
Mäin Europa

D'Charlotte verbréngt all Dag op d'mannst zwou Stonnen am Auto. Si schafft zu Lëtzebuerg a wunnt an der Belsch. An eisem Reportage suivéiere mir den Alldag vun enger belscher Grenzgänger-Famill.

nutriscore
Mäin Europa

Den Nutri-Score soll de Konsumenten ee vereinfachten Accès zu den Nährwäerter vun engem verschaffte Produit ginn. D'Françoise Keller huet fir d'Serie "Mäin Europa" nogefrot, wat den Nutri-Score bréngt.

En Elektrobus
Mäin Europa

Wann et ëm Klimaschutz a Loftqualitéit geet, sollten ëffentlech Administratioune mam gudde Beispill virgoen. Dofir hätt d'EU gären, datt Bussen, déi am ëffentlechen Transport fueren, ëmmer méi propper ginn.

Jean-Luc de Matteis
Mäin Europa

Op Chantieren hei am Land schaffen Aarbechter, déi an aneren EU-Länner ugemellt sinn. D'lescht Joer goufen iwwer 114.000 Aarbechter detachéiert. Wéi gëtt kontrolléiert, datt sozial Standarde respektéiert ginn?

Aedes albopictus
Asiatesch Tigermoustique

Déi geféierlech Asiatesch Tigermoustique verbreet sech zanter de 70er Joren ëmmer méi op all de Kontinenter op der Welt an dat och an Europa. Ass si och schonn zu Lëtzebuerg ukomm?

Narben
Flüchtlingskris

Europa diskutéiert iwwer eng Reform vun der Dublin-Prozedur fir Flüchtlingen, mee hannendru si Mënschen, Schicksaler, Problemer. Mir hunn den Tesfaye aus Eritrea e klengt Stéck begleet.

Geoblocking an der EU
Mäin Europa

Ëmmer méi Leit kucke Filmer a Serien um Internet. De Choix ass awer méi limitéiert, wéi ee menge kéint an hänkt vum Land of, an deem ee wunnt. Territorial Reegele vun den Droit d'auteure spillen hei mat.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen