Sozialwahlen 2019

Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. An de ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, war d'Personal opgeruff seng Delegatioun ze wielen. Och d'Salariatskammer gouf per Bréifwahl nei gewielt: 60 Membere a 60 Suppléante mussen hei bestëmmt ginn. Am Renne sinn 264 Kandidate vun de Gewerkschaften OGBL, LCGB, Aleba, FGFC, Landesverband a Syprolux.
Wahlberechtegt ware 526.476 Salariéen a Pensionnéierter - och Frontalieren hu mat ofgestëmmt. De radio 100,7 begleet d'Sozialwahlen mat Interviewen, Analysen a Reportagen. Beliicht ginn déi grouss Defië fir d'Aarbechtswelt an d'Alldaagsrealitéit an de verschiddene Beruffer.

Komplementar Sozialwahlen
D'Sozialwahle waren am Mäerz - an enger Rëtsch Betriber gëtt awer haut eréischt en neie Betribsrot gewielt. D'Resultater mussen der ITM iwwerwise ginn. E Gespréich mat hirem Direkter, dem Marco Boly.

"Déi gutt Aarbecht vun der CSL weiderféieren"
An enger Woch kënnt déi neigewielten Aarbechterkammer eng éischte Kéier zesummen. Den OGBL huet trotz Verloschter nach ëmmer eng absolut Majoritéit. De 6. Juni gëtt den neie CSL-President gewielt.

Handwierkerfederatioun kritiséiert ITM
D'Handwierkerfederatioun wëllt hire Membere juristesch Hëllef ubidden. Den Direkter vun der ITM hat gesot, Betriber, déi keng Delegatiounswahlen ofgehalen hunn, misste mat Konsequenze rechnen.

André Roeltgen kandidéiert net méi
Den OGBL-President André Roeltgen ass um nächste Kongress am Dezember net méi Kandidat fir seng eege Successioun. Déi Decisioun huet hie selwer geholl an op enger Pressekonferenz ugekënnegt.

An iwwer 300 Betriber gouf keng Delegatioun gewielt
336 Betriber hunn hir Flicht, fir eng Personaldelegatioun ze wielen, net respektéiert. Déi betraffe Betriber mussen elo mat juristesche Konsequenze rechnen, seet den Direkter vun der ITM Marco Boly.

Definitiv Resultater fir Sozialwahlen
Den OGBL behält mat 35 vu 60 Sëtz déi absolut Majoritéit an der Salariatskammer, huet awer dräi Sëtz un den LCGB verluer. De Chrëschtleche Gewerkschaftsbond huet elo 18 Sëtz an der Chambre des Salariés.

Staark Gewerkschaftspräsenz an de grousse Betriber
An den Etablissementer mat iwwer 500 Salariéë kréien d'Gewerkschafte bal 90 Prozent vun den Delegéiertemandater. Den OGBL verléiert liicht un Zoustëmmung beim Personal, während den LCGB gewënnt.

Betribswahle bei der CFL
Bei der CFL bleift d'Kräfteverhältnis tëschent de Gewerkschaften no de Betribswahle relativ konstant: De Landesverband bleift stäerkste Kraaft, de Syprolux kritt 16 vun de 44 effektiven Delegéierteposten.

ALEBA: Debakel konnt verhënnert ginn
De Laurent Mertz weist sech zefridden, datt een en Debakel, dee sech verschidde Leit gewënscht hätten, evitéiere konnt. D'ALEBA kéint mat deem Resultat hir Positioun a verschidden Entreprisen halen.

OGBL weider stäerkste Gewerkschaft am Privatsecteur
Bei de Sozialwahle ginn et bis elo Resultater fir 1.985 Betriber - bësse méi wéi d'Hallschent. Um nationale Plang krut den OGBL bis elo 1.260 Personaldelegéierter. Den LCGB kënnt bis elo op 691 Delegéierter.

Wéi gesäit et am Betrib aus?
Wéi sinn d'Aarbechtskonditiounen an deenen ënnerschiddleche Secteuren a sinn d'Personaldelegéiert an d'Gewerkschafte präsent genuch? Fënnef Salariéen erzielen anonym, wéi et op hirer Aarbechtsplaz ausgesäit.

Schwaarzaarbecht zu Lëtzebuerg
D'Schwaarzaarbecht betrëfft och zu Lëtzebuerg vill Leit. Mee et géif keng Statistiken an net genuch Kontrollen, sou d'Gewerkschaften an d'Patronen. Betraffenener, Gewerkschaften a Patronen erzielen hir Erfahrungen.

ITM: Rekrutementer iwwer d'Arméi?
Fir optimal ze schaffe brauch d'ITM bis d'Joer 2025 220 nei Posten, seet den Direkter vun der Gewerbeinspektioun. Een Deel dovu kéint aus der Arméi rekrutéiert ginn. Dat soen de Marco Boly an den Aarbechtsminister.

Wat sinn d'Haapt-Enjeue vun de Sozialwahlen?
Kréien d'Gewerkschaften nees méi Afloss an de Betriber? Oder confirméiert sech den Trend vun 2013, wéi eng éischte Kéier méi wéi d'Hallschent vun den Delegéierten net op Gewerkschaftslëschte kandidéiert haten.

D'Salariatskammerwahlen erkläert
526.476 Salariéen a Pensionéierter sinn opgeruff bis den 12. Mäerz déi 60 Vertrieder vun der Salariatskammer per Bréifwahl ze wielen. Wéi lafen déi Wahle genee of?

Sech net just beschwéieren, mee eppes veränneren
Den 12. Mäerz si Sozialwahlen. An de ronn 3.800 Betriber zu Lëtzebuerg, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, gëtt eng nei Personaldelegatioun gewielt. Wat ass de Rôle vun engem Personaldelegéierten a wéi gesäit esou en Alldag aus?

D'Delegatiounswahlen erkläert
An alle Betriber, an deene 15 oder méi Leit schaffen, ass d'Personal den 12. Mäerz opgeruff seng Delegatioun ze wielen. Wéi lafen déi Wahlen genee of?

Eng besser Kommunikatioun fir d'CFL
D'Mylène Bianchy (Syprolux) fuerdert, datt d'Kommunikatioun vun der CFL méi proaktiv misst ginn. Fir de Georges Merenz (Landesverband) misst déi extern an déi intern Kommunikatioun verbessert ginn.

Sozialwahlen a soziale Wandel
Et sinn nees Wahlen zu Lëtzebuerg. Vu Wahlkampfféiwer ass allerdéngs wéineg ze spieren, obschonn zueleméisseg déi gréisste Wielerschaft an der Geschicht vun eisem Land betraff ass.

D'Personaldelegatiounen ënner der Lupp
Wéi ee Profil hunn d'Personaldelegéiert an de Betriber - a wat maachen d'Delegéiert eigentlech konkret? De LISER huet dat erfuerscht. Eng Conclusioun: de Sozialdialog gëtt vu Männer dominéiert.

Alkohol um Steier
Ëmmer méi dacks héiert een, datt Camionschaufferen, déi hir Zäit op Raststätte verbréngen, ze vill Alkohol am Blutt hunn. Hei am Land ginn nëmme seele sou Kontrolle gemaach. Wéi grouss ass déi Problematik zu Lëtzebuerg?

"Eng harmonesch Sozialgestaltung vun de Paie garantéieren"
Déi wichtegst Revendicatioun vum Postsyndikat fir de Kollektivvertrag wier et, d'Paien op een Niveau ze bréngen, datt d'Leit de Betrib net no dräi bis véier Méint verloossen, seet de Gilbert Goergen.

Auslännerwahlrecht: "Parteiiwwergräifende Konsens néideg"
D'Patronat wëllt an den nächste Jore keng nei Initiativ fir d'Aféiere vun engem Auslännerwahlrecht ze lancéieren, seet den Nicolas Buck. Den Nach-President vun der FEDIL gëtt a knapp engem Mount den neien UEL-President.

Eng Nischegewerkschaft bei de Sozialwahlen
D'NGL-SNEP kandidéiert bei de Sozialwahlen net méi fir d'Salariatskammer. Fir kleng Gewerkschafte wier dat ze opwändeg. Wéi eng Bedeitung hunn d'Sozialwahle fir eng kleng Gewerkschaft wéi d'NGL-SNEP?

Den Esprit vun der Demokratie an der Entreprise war emol
An enger S.A., bei där de Staat iwwer 25 Prozent vun de Parten huet, muss d'Personal am Verwaltungsrot vertruede sinn. Dat gëtt net ëmmer agehalen, well keen d'Applikatioun vum Gesetz afuerdert.

"Et gëtt vill Prekaritéit am Botzsecteur"
D'Aarbechtskonditiounen am Botzsecteur wiere ganz schwiereg, soen d'Estelle Winter an d'Doris Azeredo. D'Salariéen hätten extrem flexibel Aarbechtszäiten, vun hinne géif eng grouss Mobilitéit erwaart ginn.

Theorie a Praxis am Sozialdialog
All Betrib mat iwwer 15 Salariéë muss eng Personaldelegatioun hunn. Hir Aufgab ass et, fir d'Interesse vun de Salariéen a Saachen Aarbechtskonditioune géintiwwer dem Patron ze vertrieden.

"Den Drock ass do"
Et géif e groussen Drock gi fir Bauprojete méi séier fäerdeg ze kréien, do si sech den Tiago Ferreira an de Jean-Luc De Matteis eens. Béid Gewerkschaftler fuerdere méi Kontrolle vun der ITM um Terrain.

"D'Regierung mécht sech Gewerkschaftsthesen zu eegen"
Dës Attitüd vun der Regierung kéint een am Aarbechtsrecht feststellen, genee wéi an der Finanzpolitik, der Gouvernance vun der Sécurité Sociale, de Pensiounen an deemnächst och am Konsumenteschutz, sou de Jean-Jacques Rommes.

ALEBA: Zousätzleche Congésdag och am Finanzsecteur
D'ALEBA ass der Meenung, datt deen zousätzleche gesetzleche Congésdag och am Banken- an Assurancësecteur fälleg ass, seet de Generalsekretär vun der Gewerkschaft Laurent Mertz.

Den Defi vun der Méisproochegkeet
Bei de Sozialwahlen am Mäerz sinn iwwer 500.000 Persoune wahlberechtegt. Dorënner Lëtzebuerger, Frontalieren an Auslänner. D'Villsproochegkeet ass een Thema, dat d'Gewerkschafte berücksichtegen.

"Eng Gewerkschaft steet a fält mam Terrain"
Dem OGBL géif et net ëm eng Eenheetsgewerkschaft goen, mee ëm eng eenzeg Gewerkschaft, seet den LCGB-President Patrick Dury. D'Zesummenaarbecht aus der Vergaangenheet hätt den OGBL op en Enn bruecht.

D'CLC informéiert Betriber iwwer d'Sozialwahlen
Vu wéini u muss e Betrib eng Personaldelegatioun stellen? Mussen an engem Betrib mat méi Gesellschaften och méi Personaldelegatioune gewielt ginn? D'confédération luxembourgeoise du commerce liwwert Äntwerten.

"Positioun weider ausbauen"
Den OGBL wëllt no de Sozialwahle weiderhin de President vun der Salariatskammer stellen, seet den André Roeltgen. Hie wëllt awer net kommentéieren, ob hie selwer um Posten interesséiert ass.

"Ech mengen, datt ech mäint gemaach hätt"
No zéng Joer un der Spëtzt vun der CSL wëllt de Jean-Claude Reding net méi als CSL-President kandidéieren. Als Successeur kann hie sech den OGBL-President André Roeltgen gutt virstellen.

Kandidate fir Salariatskammer
264 Kandidate vu sechs Gewerkschafte gi mat an d'Wahle fir d'Salariatskammer. Déi 60 Membere vun der CSL ginn am Mäerz per Bréifwahl gewielt. Wahlberechtegt sinn 526.476 Salariéen a Pensionéierter.