Dateschutz

De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt. Nieft aktuelle Bäiträg, Artikelen a Reportagen fannt Dir och Artikelen aus eisem Archiv.

Themschwéierpunkt Dossier Dateschutz
Foto: Bigstock / tanaonte

Ronn 500 Milliounen EU-Bierger si vum neie Reglement betraff. Dat neit Reglement ass och de Grond, firwat vill Leit, déi lescht Woche vu villen Entreprisen opgefuerdert gi sinn, fir neie Notzungsconditiounen zou ze stëmmen.

Wat ass dat neit Reglement a wie betrëfft et?

Anescht wéi déi viregt Dateschutzreegelung ass den RGPD keng europäesch Direktiv, mee een europäescht Reglement. Ee Reglement trëtt - am Géigesaz zu enger Direktiv - gläichzäiteg an all EU-Staat a Kraaft, ouni vun nationale Parlamenter a nationaalt Recht mussen ëmgewandelt ze ginn.

D'Reglement betrëfft jiddereen, dee persounebezunn Donnéeë weiderverschafft. Ausser Entreprisen, sinn also och Veräiner, Blogger, oder Fotografe betraff.

Recht op Läsche vu privaten Donnéeën

Entreprisen, déi Donnéeën traitéieren, mussen hir Notzer an Zukunft - op Nofro - doriwwer informéieren, wéi eng Donnéeë si iwwer de Notzer gespäichert hunn. Ënner bestëmmte Konditioune muss d'Entreprise de Client iwwerdeems fir säin Accord froen, fir d'Donnéeën dierfe weiderzeverschaffen. EU-Bierger hunn an Zukunft doriwwer eraus d'Méiglechkeet, fir Donnéeën läschen ze loossen. Konkret kann dat zum Beispill heeschen, datt Notzer Google opfuerdere kënne, fir Fotoen aus sengem Index ze sträichen.

Recht op Portabilitéit

Doriwwer eraus ass am neie Reglement d'Recht op d'Portabilitéit vun den Donnéeë virgesinn. Wann ee Client zum Beispill säi Whatsapp-Account läsche loosse wëll, kann hie bei Whatsapp seng komplett Kommunikatiounen a Kontakter ufroen, a se bei en anere Messenger transferéieren. Grouss Entreprisë wéi Facebook oder Google bidden aktuell schonn d'Méiglechkeet, fir dem Notzer seng perséinlech Donnéeë weiderzeverschaffen. Wéi genee awer den Transfert an Zukunft soll ausgesinn, ass de Moment nach net ganz kloer. Sécher ass awer, datt Entreprisen dës Méiglechkeet an Zukunft schafe mussen.

Méiglech Strofen

Am Fall vun enger Datepann huet eng Entreprise an Zukunft 72 Stonnen Zäit, fir déi concernéiert Dateschutzautoritéiten an déi betraffe Clienten ze kontaktéieren.

Mierkt ee Notzer, datt d'Entreprise enger vun hiren Obligatiounen net nokënnt, kann hien dat bäi senger nationaler Dateschutzautoritéit mellen.

Bei Verstéiss géint déi genannte Reegele gräifen an Zukunft och méi héich Strofen. Am schlëmmste Fall misst eng Entreprise deemno bis maximal 20 Milliounen Euro oder véier Prozent vun hirem jährlechen Ëmsaz als Strof bezuelen.

Dateschutz als Grondrecht

D'Entreprisë sollen dozou beweegt ginn, fir schonn an der Planungsphas vun engem Service, enger Software oder engem Apparat un den Dateschutz ze denken.

Praktesch Ëmsetzung

Vergläicht een d'Zuel vun de concernéierten Entreprise mat de Moyene vun Dateschutzautoritéiten, stellt sech d'Fro, ob d'Autoritéiten an Zukunft dacks vu sech aus aktiv ginn. Auszeschléissen ass dat Experten no awer net.

D'Reglement ass relativ allgemeng formuléiert. Expertë rechne mat Präzisiounen iwwert déi nächst Joren a mat Geriichtsaffären. Dat neit Dateschutzreglement gëllt iwwerdeems eigentlech schonn zanter Mee 2016. Et gouf awer eng Iwwergangsperiod vu ronn zwee Joer.

Erklärungen iwwer d'Dateschutzreglement


Dateschutzexpert Peter Schaar

Déi meescht Leit ginn op déi nei Dateschutzregelen opmierksam, well se masseweis E-Maile vu verschiddenen Déngschter kréien. Hei gëtt een opgefuerdert, zouzestëmmen, datt engem seng perséinlech Donnéeën weiderhin dierfe genotzt ginn. Dacks wier dat guer net néideg, well d'Leit schon zougestëmmt haten, seet den däitschen Dateschutzexpert Peter Schaar. Problematesch wier awer, datt och Servicer, déi bis elo keng Zoustëmmung fir d'Notze vun Donnéeën haten, dat elo versichen ze kréien. D'Leit sollten also genau hikucken an iwwerleeën, wéini si zoustëmmen a wéini net.

Et géifen iwwerdeems vill falsch Informatiounen iwwert dat neit europäescht Dateschutzgesetz verbreet ginn. Zum Beispill géif et net stëmmen, datt all Dokter a sengem Cabinet een Dateschutzbeoptraagte misst hunn. Just eng Entreprise, bei där "dat ëmfaassend Beobachte vu ville Mënschen de Kär vun hirem Geschäftsmodell" ausmécht, misst esou ee Beoptraagten nennen.

De Peter Schaar war tëscht 2003 an 2013 Bundesdateschutzbeoptraagten an Däitschland. Haut ass hien ënnert anerem President vun der Europäescher Akademie fir Informatiounsfräiheet an Dateschutz. An de leschte Joren huet hien eng Rei Bicher zum Thema Dateschutz a publizéiert. D'Pia Oppel huet sech mat him iwwer d'Auditioun vum Facebook-Chef Mark Zuckerberg am Europaparlament an iwwer dat neit europäescht Dateschutzreglement ënnerhalen.

Dateschutzexpert Peter Schaar


Wéi gi mëttelstänneg Entreprisë mam Dateschutz ëm?

Dat neit Europäescht Dateschutzreglement bréngt fir de Konsument méi Kontroll iwwer seng privat Donnéeën. Bei mëttelstännegen Entreprisë suergt d'Gesetz awer fir Onsécherheeten, well et mat méi Aarbecht a Verflichtunge verbonnen ass.

Ëmgang vu Betriber mam Thema Dateschutz


Facebook & Google: Ëffentlech Infrastruktur?

Sozial Netzwierker wéi Facebook oder Sichmaschinne wéi Google kéinten - ähnlech wéi d'Energie oder d'Waasserversuergung - als essentiell ëffentlech Servicer consideréiert ginn, déi zu engem natierleche Monopol tendéieren. An deem Fall misste se anescht reguléiert ginn. Dateschutzproblemer kéinten da méi efficace geléist ginn, ewéi mat der neier EU-Richtlinn, déi op dësem 25. Mee a Kraaft trëtt, mengt d'Pia Oppel.

Facebook als Service Public


Plaintë géint Google, Instagram, WhatsApp a Facebook

D'Associatioun "Noyb.eu - Europäeschen Zentrum fir digital Rechter", eng spendefinanzéiert ASBL, notzt dat neit EU-Dateschutzreglement fir géint Facebook, Google, Instagram a WhatsApp ze kloen. Ee Gespréich mam Aktivist mam Aktivist Max Schrems.

Interview mam Max Schrems


Déi meescht Associatiounen a Clibb si nach net ganz prett

Vill Lëtzebuerger Associatiounen a Clibb kënnen d'Bestëmmunge vun der neier Europäescher Dateschutzreegelung nach net ëmsetzen. Déi meescht hätte sech zwar scho viru méi laanger Zäit iwwer de Sujet informéiert. Déi mannst hunn déi nei Reegele bis elo awer och ëmgesat. Dat soten eis Vertrieder vun der Nationaler Museksfederatioun UGDA a vun der Greenpeace Lëtzebuerg.

RGPD - Clibb a Veräiner

GDPR fir Betriber
EU-Dateschutzreglement

Duerch dat neit EU-Dateschutzgesetz huet de Konsument méi Kontroll iwwer seng privat Donnéeën. Bei mëttelstännegen Entreprisë suergt d'GDPR awer fir Onsécherheeten a bedeit méi Aarbecht a Verflichtungen.

Pia Oppel Kommentar
Dateschutz

Sozial Netzwierker oder Sichmaschinne kann een als essentiell Servicer gesinn, déi zu Monopoler tendéieren. Eng méi strikt ëffentlech Kontroll kéint d'Äntwert sinn, mengt d'Pia Oppel.

Peter Schaar
EU-Dateschutzreglement

Et gi vill falsch Informatiounen iwwert d'EU-Dateschutzgesetz verbreet, seet de Peter Schaar. Hie kritiséiert, datt Servicer, déi bis elo keng Zoustëmmung fir d'Notze vun Donnéeën haten, dat elo versichen ze kréien.

Gdpr - General Data Protection Regulation. Gdpr Compliance Symbol. Vector Illustration
Réglementation générale sur la protection des données

Un marché de l'expertise s'est crée autour de la nouvelle réglementation sur la protection des données, qui entre en vigueur vendredi 25 mai. Résultat, le secteur connaît un boom avec de nombreuses dérives.

Pia Oppel Kommentar
Dateschutz

D'Auditioun vum Facebook-Chef am Europaparlament ass elo awer ëffentlech. De Sträit doriwwer weist, datt Transparenz keen neutraalt Ideal, mee ee Muechtinstrument ass, mengt d'Pia Oppel.

Herwig Hofmann
Dateschutz

An der EU kënnen d'Bierger sech vum 25. Mee un zesumme géint Dateschutzverstéiss wieren. Mee dat neit Dateschutzreglement huet och Schwaachpunkten, seet den Droits-Professer Herwig Hofmann.

Delete Facebook
Kommunikatioun

De Facebook-Dateskandal huet déi lescht Wochen d'Schlagzeilen an de Medien dominéiert. Vill Leit hunn hire Kont beim soziale Netzwierk zougemaach. Wéi eng alternativ Netzwierker ginn et?

ChamberLeak

Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

Michel Delage Meenung
Wirtschaftschronik

Wahlcampagnë ginn duerch den Internet zwar ëmmer méi bëlleg a rentabel. Och si hunn awer ee Präis. Dat weist dat illegaalt Notze vu Facebook-Donnéeën, seet de Michel Delage an der Wirtschaftschronik.

Visual RER Cybersecurity
Nom #chamberleak

Wéi sécher sinn d'Datebanken a - méi allgemeng - déi informatesch Systemer beim Staat? Oder am Privatsecteur? Wéi ass et mam Dateschutz, grad am Hibléck op déi nei Dateschutz-Reglementatioun?

Vĕra Jourová EU-Kommissärin
EU-Dateschutz-Reglement

Vum 25. Mee u gëllen nei Dateschutzreegelen. Bis elo sinn nëmmen zwee EU-Länner prett, Lëtzebuerg gehéiert net dozou. De Justizminister sot, d'Zäit wier knapp, et géif een den Delai awer anhalen.

Surveillance
Sécherheet a Privatsphär

Wou dierf een zu Lëtzebuerg per Video iwwerwaacht ginn? Wat ännert sech duerch d'Dateschutzreform, déi am Mee dëst Joer a Kraaft trëtt, a wat kéint sech duerch d'Evolutioun vun der Technologie nach änneren?

Steierpolitik an Dateschutz
Steierpolitik & Dateschutz

D'Jonk Sozialiste fuerderen d'Aféiere vun enger Steier op digital Donnéeën. Op EU- an OECD-Niveau gouf d'Iddi schonn diskutéiert, mä net zréckbehalen. D'Fro bleift awer aktuell.

Felix Braz
Dateschutz

No engem neien Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff ass fir de Justizminister Félix Braz kloer: Dat systematescht Späichere vu Kommunikatiounsdonnéeën verstéisst géint d'EU-Grondrechtscharta.

cybersecurity dossier.JPG
Dateschutz

Mat der Digitaliséierung ginn d'Cyberattacke konstant an d'Luucht. Wéi positionéiert Lëtzebuerg sech am Beräich Internetsécherheet, wie sinn déi Kriminell a wéi kann ee sech schützen?

Max Schrems & Jan Philipp Albrecht
Dateschutz

En neit Ofkommes versprécht EU-Bierger méi Sécherheet beim Tranfer vun hiren Donnéeën an d'USA. Agrëffer an d'Privatsphär a Masseniwwerwaachung solle verhënnert ginn. Kritiker bezweifelen dat.

Smart Home Control
Energie an Dateschutz

Bannent deenen nächste véier Joer gëtt de Verbrauch vu Stroum a Gas mat intelligente Compteure gesammelt. Mee wat genee geschitt mat den Donnéen? A wéi sécher si se virun Zougrëff vun Drëtten?

Security Technology Online and Digital Privacy Encryption
Dateschutz

Kënne Firme vun de Sécherheetsautoritéite gezwonge ginn, verschlësselt Date vu Clienten zougänglech ze maachen? An den USA huet den FBI eng deementspriechend Geriichtsprozedur géint Apple fale gelooss.

Tine Larsen.JPG
Dateschutz

Mam "Privacy Shield" si sech d'EU an d'USA iwwert en neien Accord fir den Transfert vun Donnéeë vun der EU an d'USA eens ginn, den zukënftege Nofolger vu "Safe Harbour". D'Tine Larsen vun der CNPD begréisst dat, mee gëtt och ze verstoen: den Däiwel wäert am Detail leien.

Safe-Harbour.jpg
Dateschutz

D’EU-Kommissioun handelt een neien Accord mat den USA aus. D’US-amerikanesch Entreprisen, déi an der EU operéieren, mussen an der Tëscht Alternativen aussiche fir d’Donnéeën ze geréieren.

Max Schrems
Dateschutz

Den Internet-Aktivist Max Schrems huet a senger Affaire géint Facebook Recht kritt. Europäesch Notzer sinn doduerch besser viru Masseniwwerwaachung aus den USA geschützt.

Dem Avocat général vum Europäesche Geriichtshaff no muss dee vun der EU-Kommissioun decidéierte Kader fir den Transfer vu perséinlechen Donnéeën aus der Europäescher Unioun an d'USA fir ongülteg erkläert ginn.

Interview mam Justizminister Felix Braz iwwer den Dateschutz an d'Vorratsdatespäicherung - zwee Dossieren déi während der Lëtzebuerger EU-Presidence am zweete Semester dëst Joer eng Roll spillen

Den Dateschutz-Aktivist Max Schrems huet eng Plainte um Wiener Handelsgeriicht deposéiert, där sech all Facebook-Notzer baussent den USA a Kanada kënnen uschléissen

Am Europawahlkampf schwätzt sech keng Partei géint Dateschutz aus, mee et fehle konkret Proposë wéi "informell Selwerbestëmmung" ka garantéiert ginn - sou d'Analys vum Pia Oppel

Programm

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen