1868-2018 Verfassungsreform

Dossier constitution 1868.jpg
D'Verfassung vum 17. Oktober 1868 kéint am Joer vun hirem 150. Anniversaire duerch eng nei Verfassung ersat ginn (©Archives Nationales)

D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Nom consultative Referendum vum 7. Juni 2015 ass nach een decisionelle Referendum iwwer de ganzen Text geplangt. De radio 100,7 huet an de leschte Joren intensiv iwwer dës grouss Reform bericht.

Frank Engel
Déi (nei) CSV-Positioun am Dossier Verfassung

D'CSV wier "après réflexion" der Meenung, datt e verflichtende Referendum iwwer déi nei Verfassung net déi beschten Optioun wier, seet de Frank Engel. Dat wier keen Ultimatum an d'CSV géif hir Positioun och net méi iwwerdenken.

Alex Bodry
Reform vun der Verfassung

De President vun der Chamberkommissioun fir d'Verfassungsrevisioun, den Alex Bodry, kritiséiert a bedauert, datt et een totale Broch mat der Aarbechtsweis am Konsens aus de leschte méi wéi 15 Joer géif ginn.

Frank Engel
Debatt ëm d'Verfassungsreform

Déi rezent Diskussiounen iwwer eng eventuell Reform vum Wahlsystem géife weisen, datt d'Verfassungs-Debatt nach net ofgeschloss ass. Dat sot den CSV-President Frank Engel den Dënschdeg virun der Press.

Wahlbüro
Diskussiounen iwwer neit Wahlgesetz

Nieft der LSAP, schwätzen och déi gréng an d'Pirate sech fir een eenzege Wahlbezierk aus. Dat confirméieren déi zwou Parteien eis op Nofro hin. D'DP wëllt iwwerdeems nach keng Positioun bezéien.

Alex Bodry-3
Kontext Verfassungsreform

Hannergrond fir d'Fuerderung vun engem Wahlbezierk ass e Bréif vum Premierminister en vue vun enger Reform vum Wahlgesetz. D'Parteie sollten dem Xavier Bettel bis gëschter hir Positioun zu dësem an aneren Theme matdeelen.

Claude Wiseler
Verfassungsrevisioun

D'CSV wëllt d'Prozedur fir eng nei Verfassung begleeden an ënnerstëtzen, egal ob d'Partei no de Chamberwahlen an der Majoritéit oder an der Oppositioun ass. Dat seet de Spëtzekandidat Claude Wiseler.

Claude Wiseler-
CSV

De Claude Wiseler ass fir e Referendum iwwert d'Verfassungsreform- awer eréischt no de Wahlen. Et misst ee sech Zäit huelen, fir den Text ze finaliséieren an d'Bierger opzeklären.

Referendum-Diskussioun.JPG
Verfassungsreform

Uganks 2018 soll iwwer d'Verfassung ofgestëmmt ginn. D'Chamber wëll sech dës Kéier besser opstellen, wéi 2015. Wéi staark kann de Verfassungstext nach änneren? Wéi eng Roll spillt d'Bierger-Participatioun?

mars di bartolmeo.jpg
Verfassungsreferendum

Et sollt ee sech déi Zäit huelen, déi ee brauch, sou de Mars Di Bartolomeo. D’Biergerforumen, déi de Referendum solle preparéieren, sinn awer nach net opgestallt.

 

Art.-32_-1024x664.jpg
Verfassungsreform

D'CSV ass bereet, enger Ännerung vum Artikel 32 zouzestëmmen. Dat fir e Blockage beim Legiferéieren ze verhënneren. Et géing een awer fir d’éischt déi genee d’Propose vun der Regierung ofwaarden.

Audience in the conference hall.
Verfassungsreferendum

Ëmmer méi Deputéiert sinn der Meenung datt Hierscht 2017 net optimal ass. Haapt Argument ass, datt de Gemengewahlkampf an d'Campagne fir de Verfassungsreferendum da géife matenee vermëscht ginn.

P10004472.jpg
Referendum

Um Dag nom Referendum diskutéieren de Claude Wiseler (CSV), den Alex Bodry (LSAP), de Gast Gybérien (ADR) an de Serge Urbany (déi Lénk) iwwert Uersaachen an Konsequezen vum Walresultat.

Jean-Claude Franck Kommentar
Referendum

Egal wéi een et dréit a kéiert : d’Regierungsparteie kruten am konsultative Verfassungsreferendum vun dësem 7. Juni d’Rechnung. Dat mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar

20150607-Kies-L1007255.jpg
Referendum

De Politikwëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg Raphaël Kies an de Laurent Schmit vun der Zäitschrëft Forum hunn am 100,7-Interview d'Referendumscampagne analyséiert.

20150530-Verfassung-DSCF4888-1024x682.jpg Riicht Eraus
Verfassungsreform

Invitéë beim Pia Oppel waren d’Juristin Véronique Bruck, de Chefredakter vum Lëtzebuerger Land Romain Hilgert, de Politikwëssenschaftler Michel Dormal an den Historiker Michel Pauly.

ministermandater.jpg
Referendum

Invitéen am "Riicht Eraus Spezial" iwwer déi drëtt Referendumsfro waren de Claude Adam (déi gréng), de Serge Urbany (déi Lénk), de fréieren CSV-Minister Marc Fischbach an de Marc Goergen (Piratepartei).

De Verfassungsjurist Luc Heuschling (Uni Lëtzebuerg) ass der Meenung, datt de Referendum vum 7. Juni juristesch bindend ass. Den Alex Bodry (LSAP) an den CSV-Fraktiounschef gesinn dat anescht
IMG_1599-1024x768.jpg

D’Gemeng Réiser huet e Méinden den Optakt markéiert, mat der éischter Table-Ronde zu enger vun den dräi Referendumsfroen, dem Awunnerwahlrecht

D'Majoritéit an d'CSV sinn sech op eng Ännerung vun der Verfassung eens ginn. ADR an déi Lénk kritiséieren de Kompromëss

Dem Professer fir Verfassungsrecht Luc Heuschling no verstéisst et géint geltend Recht, datt de Grand-Duc net an de Wielerlëschte steet. Vertrieder vun LSAP an CSV deelen des Analys

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen