Weltfraendag 2019

1911 ass an Dänemark, Däitschland, Éisträichesch-Ungarn an an der Schwäiz den 1. europäesche Fraendag gefeiert ginn.

De Weltfradendag 2018 zu Bréissel
Foto: picture alliance / NurPhoto

Vertriederinne vu sozialisteschen Organisatiounen hu sech domat oppe fir Gläichberechtegung, d'Wahlrecht fir béid Geschlechter an d'Emanzipatioun agesat. 100 Joer drop, am Joer 2011, huet sech Lëtzebuerg fir d'éischte un der Aktioun bedeelegt.

Protestmarsch an der Stad.JPG
Weltfraendag

A ganz Europa sinn um Weltfraendag Manifestatioune fir sech fir d'Gläichberechtegung tëschent Fraen a Männer anzesetzen. Och hei zu Lëtzebuerg haten an der Mëttesstonn eng Rei ONGen, Parteien a Gewerkschaften zu engem Protestmarsch an der Stad opgeruff.

Lou Reckinger
Weltfraendag

Feministen hätte fir d'Frae vun haut gekämpft an et hätt een hinne vill ze verdanken. Där Meenung ass d'Lou Reckinger, Member beim Grupp "Voix des jeunes femmes". Dëse Kampf misst ee weiderféieren.

Ainhoa Achutegui
Weltfraendag 2019

Wéi steet et ëm d'Fraerechter zu Lëtzebuerg? Wéi wichteg ass et, geziilt Manifestatioune ronderëm den 8. Mäerz ze organiséieren? D'Valerija Berdi am Gespréich mat der Ainhoa Achutegui.

Mirjam Sachse Foto.jpg
Weltfraendag 2019

D'Clara Zetkin ass eng vun de bedeitendsten Aktivistinnen, déi sech fir d'Rechter vun de Fraen agesat huet. D'Valerija Berdi huet mat der Dr. Mirjam Sachse vum Archiv der deutschen Frauenbewegung Kassel iwwer d'Clara Zetkin geschwat.

Selma Schauls
Invitée am Moies-Magazin

Am Kader vum Internationalen Dag vun de Fraerechter ass déi passionéiert Musekerin a Poetin eis Invitée. Si erzielt iwwer hir Musek, hire Wee vu Mostar op Lëtzebuerg a si spillt och e Stéck um Piano.

Eng Botzfra
Sozialwahlen 2019

"Mir perséinlech geet et gutt, mee et gi genuch Persounen am Secteur, déi mat schwierege Verhältnisser ze kämpfen hunn." Dat seet d'Lara, Mamm vun dräi Kanner an zanter zéng Joer am Botzsecteur ugestallt.

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen