Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Queen, de King, den Uhu an den Alphabet

Kannerkëscht

D'Queen, de King, den Uhu an den Alphabet

Et kommen a Groussbritannien elo Changementer mam neie Kinnek, an der Kannerkëscht erklären mer iech, wéi eng dat sinn. Da schwätze mer och iwwer Eilen, iwwer eng Käerz, déi am Waasser brennt, an iwwer Mënschen, déi Problemer beim Liesen a Schreiwen hunn.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Déi englesch Kinnigin ass gestuerwen an doduerch huet a wäert sech nach esou munches fir d'Britten änneren, wéi zum Beispill den Text vun hirer Nationalhymne.

De Jean Claude Majerus erzielt, wat bei der Nationalhymne ännert, ma awer och wéi eng Changementer soss nach kommen.

Dann, et ass bal net ze gleewen, de Mister Science, de Joseph Rodesch huet en Experiment derbäi, wou hien eis weist, wéi eng Käerz ënner Waasser brennen kann.

Da huelen mer iech mat an de Naturmusée, an d'Françoise Theisen erzielt iech ganz vill d'Eilen .Dir gitt och gewuer, wat en Uhu mam Grand Duc ze dinn huet.

An et geet och rieds iwwer de Weltdag vun der Alphabetiséierung, wou speziell un déi Mënschen geduecht gëtt, déi net gutt oder guer net Liesen a Schreiwen kënnen.

Där Mënsche ginn et der méi, ewéi ee mengt. A si hunn et net einfach am Liewen, an et ass wichteg datt jiddereen deene Mënschen, wéi et nëmme geet, hëlleft.