Radioen

On air

De Moien  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Jos säi krasse Fuesbal

Kannerkëscht

Dem Jos säi krasse Fuesbal

De Jos ass erëm do. Eise jonke Lausbouf, deen nawell gären déi eng oder aner Spiicht dréit, och wann dat ni béiss gemengt ass. An de Jos ass nu wierklech e Kärelchen deen Häerz op der richteger Plaz huet.

auto_stories

3 min

Dem Jos säi krasse Fuesbal: Deel 1

Lauschterenplay_arrow

Nujee, wéi a ville Famillje gëtt de Jos och net ëmmer ganz gutt mat senger Schwëster, dem Nora eens, do klaakt et emol heiansdo, mä och dat ass wéi bei jidderengem doheem.

An da si jo och nach de Bop an d'Nonna do, wou de Jos fir säi Liewe gär hi geet, well déi Zwee einfach nëmme "cool" sinn.

De Jos ass am Fong ëmmer ganz frou mat Feierdeeg oder wann eppes ze feiere gëtt, dat hu mer scho mat erlieft mam Jos senge Geschicht mam Kleeschen oder mat Halloween oder och mat Chrëschtdag.

Mä elo si mer awer bei engem Fest ukomm dat de Jos nun iwwerhaapt net ka leiden. D'Fuesent. Jo, en haasst d'Fuesent esou guer. An doriwwer geet et elo am Anja Di Bartolomeo senger neier Geschicht: Dem Jos säi krasse Fuesbal. An domat vill Freed fir Iech an ärer Kannerkëscht.


Dem Jos säi krasse Fuesbal: Deel 2

Lauschterenplay_arrow

Salut alleguerten! Elo komme mer da bei den zweeten Deel vum Jos senger Geschicht ronderëm d'Fuesent. An eent ass jo kloer, de Jos kann d'Fuesent net leiden, zemools zanter deem Dag wou seng Mamm e gezwongen huet sech als Kéiseker ze verkleeden a mat op den Fuesbal vum Déieren a Planzefrënn Club ze goen. Fir de Jos war dat säin "schrecklechst a peinlechst Erliefnes".

De Jos huet sech geschwuer ni méi op e Fuesbal ze goen, an elo op emol héiert en nees Fuesbal, well d'Nonna hätt gären datt déi ganz Famill mat op de "Planz de Bal" vum Déieren a Planzefrënn Club geet, well si do e Präis iwwerreescht kritt. D'Nonna huet nämlech de Präis fir déi schéinste Virgaart gewonnen.

De Jos weess direkt datt en déi Nuecht net gutt schléift.

Den zweeten Deel vun der Anja Di Bartolomeo hirer Geschicht "De Jos a säi krasse Fuesbal"


Dem Jos säi krasse Fuesbal: Deel 3

Lauschterenplay_arrow

Salut alleguerten! De Jos ass also mat der ganzer Famill, dem Nora, dem Bop an der Nonna op de "Planz de Bal" vum Déieren a Planzefrënn Club gaangen. An elo waarden de se drop datt d'Nonna hire Präis fir de schéinste Virgaart iwwerreecht kritt. De Buergermeeschter huet nach eng laang Ried gehalen a se fänken un ongedëlleg ze ginn.

Mä et ass bestëmmt gläich esouwäit, datt d'Nonna hire verdéngte Präis kritt an dann de Star vum Bal ass. Mä, léif Alleguerten, meeschtens kënnt et anescht wéi een dat am Fong geduecht huet.

An domat de leschten Deel vum Anja Di Bartolomeo senger Geschicht: Dem Jos säi krasse Fuesbal.

An och nach e ganz grousse Merci all deenen, déi de Personnagen an dëser Geschicht hir Stëmm geléint hunn: D'Carine Reuter, d'Efi Treff, d'Pascale Menghi, Bea Lippert, Noémie Mergen, Claudine Menghi, Anna Majerus, Sophie Morang, Mike Wenzel, Pit Majerus a Sylvain Gregorius.