Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dandelion Head - Love On Your Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Researchers Days", Launchmusek an Huesen a Kanéngercher

Kannerkëscht

"Researchers Days", Launchmusek an Huesen a Kanéngercher

Wann der ganz vill Experimenter sou wéi déi aus der Kannerkëscht wëllt gesinn, da kënnt der dat e Samschdeg 26. November an der Rockhal zu Esch maachen. Dir gitt awer och den Ënnerscheed tëscht Huesen a Kanéngercher gewuer an mer hunn eng Iddi, wann der wëllt selwer Musek maachen.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Fir un ze fänke schwätze mir awer iwwer d'Adventszäit, déi e Sonndeg, de 27. November ufänkt. Dobäi geet rieds iwwer den Adventskalenner, an och den Adventskranz.

E Samschdeg, den 26. November sinn an der Rockhal d'Researchers Days, déi vum Fond National de Recherche organiséiert ginn, wou dir dann emol en direct de Joseph Rodesch an d'Michèle Weber kënnt gesinn, déi ëmmer esou flott Experimenter an der Kannerkëscht maachen.

De Philippe Jeitz vum Naturmusée erkläert eis den Ënnerscheed tëscht Huesen an Kanéngercher.

An dann kënnt der selwer Musek maachen an zwar mat engem Launchpad, deen der op mimamu.lu fannt.