Firwat lafe mir alleguer Gefor, op Fake News oder Verschwörungstheorien eranzefalen? Wéi eng Auswierkungen hu se op d'Meenungsbildung an op d'Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen?
D'Debatt vum 22. Abrëll war am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach, a Kooperatioun mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft forum.
Participanten:
- Karin Weyer, Psychologin a Psychotherapeutin am Centre contre la radicalisation
- Judith Reicherzer, verantwortlech fir Kommunikatioun a Medienausbildung am Lycée Aline Mayrisch
- François Moyse, Affekot an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass spezialiséiert op Mënscherechter, praktizéiert awer och Europäescht Recht an allgemeng Sträitfäll op alle Geriichter
- Anne Schaaf, fräi Kulturjournalistin heiheem an am Ausland an zukünfteg Historikerin
Moderatioun: Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung
Enregistrement: Trifolion. Montage an Audio-Mastering: Carlo Link
V.l.n.r.: Anne Schaaf, François Moyse, Judith Reicherzer, Karin Weyer, Romain Schroeder © Trifolion