Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 14 Joer um gréngen Hiwwel

Invité am Moies-Magazin

14 Joer um gréngen Hiwwel

Déi lescht 14 Joer hat de lëtzebuergeschen Theatermann Frank Hoffmann als Intendant d'Soe bei de Ruhrfestspiller zu Recklinghausen, an et ass wuel net vermëssen ze soen, datt d'Ruhrfestspiller am Pott elo mat zu de bedeitendsten europäeschen Theaterfestivaler zielen.

auto_stories

2 min

Wann elo bis Enn dës Joers déi leschte Kuel geschëppt ass, geet net nëmmen industriell eng Epoch op en Enn, mä um gréngen Hiwwel ass de Schlussaccord fir de Frank Hoffmann. Et wieren erfollegräich Jore gewiescht, déi och mënschlech a kënschtleresch zu dem Schéinste gehéiert hunn, wat hien a sengem Liewen erlieft hätt, seet de Frank Hoffmann.

E Lëtzebuerger soll d'Festspiller retten

Ënner sengem Virgänger, dem Frank Castorf, ass d'Zuel vun de Spectateuren an de Keller gerutscht, d'Noutbrems gouf gezunn, an de Frank Hoffmann sollt d'Ruhrfestspiller aus dem Déif erausféieren. Dat war fir de Frank Hoffmann eng Iwwerraschung, datt hien d'Festspiller rette sollt. Et hätt hien awer och faszinéiert, an et wier och eng Erausfuerderung gewiescht.

An der Zeen hätt ee sech erwaart, datt e berühmten däitschen Theatermann géif kommen. Amplaz wier e Lëtzebuerger domat beoptraagt ginn, fir d'Festspiller ze retten. Säin Numm hätt am Virfeld net an der Press zirkuléiert, an deementspriechend wiere vill Leit iwwer dem Frank Hoffmann seng Nominatioun erstaunt gewiescht. Dëst hätt awer net laang ugehalen, bis datt d'Leit hie mat oppenen Äerm empfaangen hunn, erënnert sech de Frank Hoffmann.

Spueren an investéieren

Ugangs hätt een e limitéierte Budget gehat, mä de Frank Hoffmann hat eng Strategie: Et sollt een do spueren, wou ee kann. Et hätt en Defizit vun 880.000 Euro ginn, an dat bei engem Budget vu fënnef Milliounen Euro. "Dat ass schonn en immens groussen Deel, an do muss ee kucken, datt een (...) spuert", seet de Frank Hoffmann.

Fir mat dëser schwiereger finanzieller Situatioun eens ze ginn, hätt hien déi fest Beleegschaft vum Fest relativ kleng gehalen an hätt och vill Geld investéiert a Produktiounen, wou hie gehofft huet, datt se erëm Leit géif unzéien, erënnert sech de Frank Hoffmann.