Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 200 Museker a 40 Concerten an der Alstad

Blues 'n Jazz Rallye

200 Museker a 40 Concerten an der Alstad

Ronn 20.000 Leit gi fir de Blues 'n Jazz Rallye e Samschdeg an der Haaptstad erwaart. Fir d'Bühnen an d'Stänn an der Alstad opzeriichten, a fir d'Leit op déi richteg Plazen ze féieren, bréngt e gewëssent organisatorescht Kappzerbrieches mat sech. Och d'Sécherheet spillt eng ëmmer méi grouss Roll.

auto_stories

3 min

Ronn 200 Museker aus aller Welt trieden op de Bühnen an an de Caféen am Gronn, Clausen a Pafendall op.

D'Organisatioun vum Blues 'n Jazz Rallye géif eigentlech ëmmer direkt ufänken, wann eng Editioun eriwwer ass, seet Tom Bellion, President vum LCTO, deen de Rallye zesumme mat der Stad Lëtzebuerg organiséiert.

"Nach dem Spiel ist vor dem Spiel", seet hien. Direkt nom Rallye géifen den LCTO, an och d'Stad Lëtzebuerg, eng Evaluatioun maache fir ze kucken, wat gutt oder manner gutt gelaf ass. Dat wier dann d'Grondlag fir déi nächst Editioun.

Dobäi wier d'Plaz ëmmer eng vun de Haaptfroen: Kann de Rallye d'nächst Joer nach ausgebaut ginn? Oder muss de Festival méi kléng gemaach ginn?

Enk Stroossen

D'Stroossen an der Alstad sinn enk. An d'Plaz ass limitéiert. Nieft de Bühne ginn Dosende vun Iess- a Gedrénks-Stänn opgeriicht. Dofir ass d'Gemeng Lëtzebuerg zoustänneg. "Mir ginn d'Autorisatiounen eraus an hu jorelaang Erfahrung", esou de Marc Weydert vum Stater Service Fêtes et Marchés.

D'Caféen an Associatiounen, déi beim Blues 'n Jazz Rallye mat maachen, ginn op engem grousse Plang agedroen. Do géif kee benodeelegt oder bevirdeelegt ginn, betount de Marc Weydert.

Fir alles opzeriichte wier eng Erausfuerderung. Et kéint een d'Stroossen, a Clausen an am Gronn, net scho Freides ganz ofspären, wéinst de Busser, de Liwwerungen, an den Awunner. Dat misst präzis mam Stater Service de la Circulatioun a mat der Police ofgestëmmt ginn.

Verstäerkte Sécherheetsmesuren

Wéinst den Attentater an de lëschte Méint, wéi zum Beispill d'Attack op de Chrëschtmaart zu Berlin, den 19. Dezember zejoert, wieren d'Sécherheets-Moossname méi grouss ewéi normal, seet Marc Weydert.

Verschidde Bühnen oder Plazen, wou Iess- a Gedrénks-Stänn sinn, hunn dowéinst entweder op enger aner Plaz misse wiesselen. Oder si goufe besser ofgeséchert.

Virun engem Mount sinn déi Stater Autoritéite mat der Police duerch d'Lokalitéite gaangen, fir e präzise Sécherheets-Plang opzestellen. Dëse Sécherheets-Plang goung duerno och un de Stater Schäfferot.

Komplett Ofspärunge vum Site wieren awer net méiglech. Et misst en Accès bleiwen, fir d'Awunner, a fir d'Rettungsdéngschter, esou de Marc Weydert.

Musikalesche Programm

De Luxembourg City Tourist Office ass fir de musikalesche Programm responsabel. Well de Blues 'n Jazz Rallye eng laang Geschicht huet (et ass schonn déi 23. Editioun), an eng gutt Reputatioun, wier et net all ze schwéier, fir Museker a Bands ze fannen, mengt den LCTO-Direkter Tom Bellion.

"Mir hu gutt Kontakter", seet hien, "net nëmme mat der nationaler Blues- an Jazz-Zeen, mä och mat auslännesche Museker an Agenten".

Ronn eng hallef Dose Leit géife beim LCTO d'ganzt Joer, méi oder manner intensiv, um Blues 'n Jazz Rallye schaffen, seet den Tom Bellion. Fir de Bühnen-Management wieren, um Dag selwer, och nach zousätzlech Leit engagéiert ginn.

Déi grouss Botz

De Stater Hygiène-Déngscht huet beim Blues 'n Jazz Rallye, sou wéi bei alle gréisseren Evenementer an der Stad, vill ze dinn.

Fir d'éischt mussen iwwerall Dreckskëschten opgeriicht ginn. Nom Festival muss dann direkt gebotzt ginn.

Wéi de Marc Weydert seet: D'Leit hätte gär direkt den Dag duerno, nees "eng propper Stad".