Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hannah Jadagu - Warning Sign

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 25 Joer Jazzkantine: Mit Pauken und Trompeten

Musek

25 Joer Jazzkantine: Mit Pauken und Trompeten

"Mit Pauken und Trompeten" - déi nei Scheif vun der Jazzkantine - ass net nëmmen eng Berouegungszöppche fir moies am Auto, mee och en Energiespender am Fall, wou een no engem laange Schaffdag nach eppes vu senger Fräizäit wëllt hunn. D'Nathalie Bender huet sech d'Resultat vun engem Véierelsjoerhonnert zesummegewürfelter Musekbegeeschterung a Form vu Band mat Rapper, DJ a Gaaschtmuseker ugelauschtert.

auto_stories

2 min

De Christian Eitner bréngt mat senge Musekdinosaurier neit Fudder fir funkjazzhongreg Frënn vun der Jazzkantine.

Wie gemengt hat, d'Uergesteng vun der zesummegetrommelter Jazzband hätten d'Bengele bei d'Tromm geheit, huet sech geiert: "Mit Pauken und Trompeten" heescht déi nei Scheif - an och wann d'Intro eppes méi lues ukléngt, sinn d'Jazzer vun der Kantin hirem Rock'n'roll-aartege Stil trei bliwwen a loossen direkt vum zweeten Track un, mat "Eine Ehre", keen Zweiwel drun, datt si och no engem Véierelsjoerhonnert nach ëmmer grooven, wéi zu Zäiten, wou hir Plaken "Heiss und fettig" geheescht hunn.

Keng opgewiermten Zopp

Wuel sinn Eenzeler aus den Ufankszäiten net méi mat am Boot, mee wéi am Jazz üblech, huet d'Band vu Braunschweig ëmmer nees nei Museker kënne fir hir funky Téin a fett Beats begeeschteren, a si hu vill Museker Kolleegen, déi eege Bands hunn, respektiv soss Solo ënnerwee sinn, am Laf vun de 25 Joer kënne fir sech gewannen.

Den Album "Mit Pauken und Trompeten" ass keng opgewiermten Zopp, mee zäitgeméissen Jazzfunk, deen éier een et selwer gemierkt huet, mécht, datt een op d'mannst matwackelt. A wann een d'Stecker bis e puermol gelauschtert huet, provozéieren och d'Texter ëmmer nees deen een oder anere Schmunzeler.

Eng Plack fir relax duerch de Stau ze kommen

Vun der Informatiounsflut iwwer d'Hymne u 25 Joer Jazzkantine, an all déi, déi de Wee matgaange sinn, bis bei Theme vun iwwerbesuergten Helikopterelteren: "Mit Pauken und Trompeten" bitt de Frënn vun de genreiwwergräifende Grooves eng Plack, déi ee moies méi relax duerch de Stau op d'Aarbecht komme léisst, an engem owes doheem deen néidegen Drive bréngt, fir och no engem laangen Aarbechtsdag nach entspaant kënnen eppes ze schaffen.