Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - Raise Your Hands

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 300.000 Bicher direkt accessibel

Nationalbibliothéik

300.000 Bicher direkt accessibel

Den 18. Dezember soll déi nei Nationalbibliothéik um Kierchbierg fir de Public opgoen. Op véier Etagen ass de groussen oppene Raum vun der neier Bibliothéik ënnerdeelt, wou et ronn 500 Sëtzplaze ginn. Mat enger moderner Architektur sollen d'Leit an d'Bibliothéik ugezu ginn, fir esou d'Wëssen an d'Kultur méi attraktiv ze maachen.

auto_stories

3 min

Aktuell huet d'Nationalbibliothéik nach siwe verschidde Sitten - um Enn vum Joer sollen déi op 24.000 Meter Carré um Kierchbierg zesummekommen. Déi zukünfteg Nationalbibliothéik gëtt eng "Bibliothèque de magasin", dat heescht de Gros vun den Dokumenter sinn agespaart.

Vun den 1,8 Milliounen Dokumenter, déi am neie Gebai gezielt ginn, wäerte ronn 300.000 Bicher direkt accessibel sinn, erkläert d'Directrice vun der Nationalbibliothéik Monique Kieffer. De Lieser kéint mat enger Maschinn selwer direkt e Buch ausléinen. Doduerch géif d'Wëssen an d'Kultur, déi d'Nationalbibliothéik ubitt, vill méi attraktiv ginn.

De ganzen Dag Bicher ausléinen

Anescht wéi an der aler Bibliothéik, soll dat neit Gebai en neie System kréien, fir et de Leit an Zukunft méi einfach ze maachen, hir Bicher erëm zréckzebréngen, seet d'Monique Kieffer. Et géif e Guichet installéiert ginn, wou ee 24 Stonnen den Dag e Buch kéint ausléinen. De physesche Raum wier allerdéngs net de ganzen Dag op.

Do dernieft soll et eng App fir den Handy ginn, wou d'Leit eng zousätzlech Hëllef kréien, fir d'Bicher an der Bibliothéik ze fannen, esou d'Monique Kieffer. Fir den Esprit vun enger oppener Bibliothéik ze ënnersträichen, gouf an der neier Nationalbibliothéik vill op natierlech Beliichtung gesat. Zum Confort an zum Bien-être géif dëst natierlecht Liicht dozou gehéieren, erkläert d'Directrice. Vill Leit géifen dacks stonnelaang an der Bibliothéik sëtzen, dat wier also e wichtege Punkt fir d'Gesondheet. Am gréisste Liessall um drëtte Stack géif dofir net nëmme Luucht vun der Säit kommen, mee och vun uewen erof.

Eng gutt Akustik

Beim oppenen Espace war d'Akustik e wichtegt Element bei der Konzeptioun vum Gebai, esou den Thierry Hirtz, Chef de Projet vun der neier Nationalbibliothéik. Et hätt ee perforéiert Backsteinzille benotzt, déi fir eng gutt Akustik suergen, fir datt d'Leit hir Rou hätten.

Wat mam Gebai geschit, wou am Moment nach d'Nationalbibliothéik dran ass, ass och scho gewosst: Do soll spéider Lëtzebuerger Konscht ausgestallt ginn, seet de Kulturminister Xavier Bettel. Et géif een eng Plaz brauchen, wou alles wat Lëtzebuerger Kënschtler gemaach hunn, kéint ausgestallt ginn. Hie wier frou, wann een et géif fäerdeg bréngen, datt auslännesch Touristen, an och d'Lëtzebuerger selwer, sech doriwwer bewosst ginn, wat d'Lëtzebuerger Kënschtler alles kënnen. Et hätt een immens vill Kënschtler zu Lëtzebuerg, net nëmmen déi, déi de Lëtzebuerger Pass hunn. Lëtzebuerger Konscht ass fir de Kulturminister déi, déi zu Lëtzebuerg kreéiert gëtt.

De Projet vun der neier Nationalbibliothéik um Kierchbierg kascht ronn 120 Milliounen Euro. Nieft de Lies-, Ausstellungs- a Konferenzraim bitt d'Bibliothéik och eng Cafeteria an eng Terrass fir d'Leit un.