Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Rome - Death From Above

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 300 Joer Robinson Crusoe

Méi wéi just e Roman

300 Joer Robinson Crusoe

Als "Incarnatioun vum Abenteuer" fir vill Generatioune gëllt dem Daniel Defoe säi Roman Robinson Crusoe, deen 1719 déi éischte Kéier publizéiert gouf. 28 Joer laang huet de Robinson op enger verloossener Insel iwwerlieft, éier hie sech rette konnt. E Roman, deen awer net just en Abenteuer-Roman ass, mee och de reliéise Glawen an de Kolonialismus zum Thema huet.

auto_stories

3 min

"I was born in the year 1632, in the city of York, of a good family, though not of that country, my father being a foreigner of Bremen, who settled first at Hull. He got a good estate by merchandise, and leaving off his trade, lived afterwards at York, from whence he had married my mother, whose relations were named Robinson, a very good family in that country, and from whom I was called Robinson Kreutznaer; but, by the usual corruption of words in England, we are now called- nay we call ourselves and write our name- Crusoe; and so my companions always called me."

An de Robinson decidéiert entgéint dem Wonsch vu sengem Papp Matrous ze ginn. Éier de hien awer op der berühmter Insel ukënnt, erlieft hien eng Rei Aventuren. Schonn op senger éischter Rees gëtt hie versklaavt, vun engem portugisesche Kapitän befreit an do kënnt de Robinson a Brasilien, wou hien a Besëtz vu Plantagë kënnt.

Fir seng Plantagë brauch hien awer Sklaven an do mécht hie sech op de Wee op Guinea. D'Schëff geet awer ënner an de Robinson ass den Eenzegen deen iwwerlieft an op der Insel lant, op där hien déi nächst 28 Joer vu sengem Liewe verbrénge soll.

Un enger reeller Geschicht inspiréiert

De Roman ass an der Ich-Form geschriwwen, den Daniel Defoe huet sech fir dës Geschicht un den Erliefnisser vum schottesche Matrous Alexander Selkirk inspiréiert. D'Insel, op där de Robinson gelant war, ass dann och déi, op där den Selkirk bal fënnef Joer laang iwwerlieft hat. Haut ass déi chilenesch Insel nom Daniel Defoe sengem Held benannt.

Enges Daags entdeckt de Robinson Spueren am Sand a weess, datt hien net eleng op der Insel ass:

"I understood him in many things, and let him know I was very well pleased with him. In a little time, I began to speak to him; and teach him to speak to me: and first, I let him know his name should be Friday, which was the day I saved his life: I called him so for the memory of the time. I likewise taught him to say Master; and then let him know that was to be my name: I likewise taught him to say Yes and No and to know the meaning of them."

Et geet ëm Relioun a Glawen

De Robinson, dee viru sengem Schëffbroch net grad e reliéise Mënsch ass, fënnt op der Insel dee Wee zum Glawen. Him war et gelongen eng Bibel ze retten. An esou ass et säin Zil aus dem Friday net just ze gudden Dénger, mee och hien zu engem gudde Chrëscht ze erzéien.

Et ass d'Vue op déi schwaarzafrikanesch Populatioun, déi an dësem Wierk erschreckend ass, mat wéi enger Selbstverständlechkeet de Robinson am éischten Deel e Sklav iwwer Bord geheit an en anere verkeeft, an op wéi eng mënscheveruechtend Aart a Weis den Defoe dem Friday seng Ënnerwerfegkeet an Dankbarkeet duerstellt, ouni och nëmmen an engem Saz dës Attitüd a Fro ze stellen.

Wien ass dee Mann, deen de Robinson no engem Wochendag nennt? Am Defoe sengem Roman kritt den afrikanesche Mënsch eréischt eng Existenz, wann hie vun engem Wäisse versklaavt an erzu gëtt an éier een dëst Wierk als groussen Abenteuer-Roman feiert, kann ee just feststellen, datt e just d'Inkarnatioun vun der Iddi vum Kolonialismus a Rassismus duerstellt.

1