Radioen

On air

Kultur um 5  |  Olivia Dean - Messy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 400 Joer Molière

Theater

400 Joer Molière

Dëse Mount ass dem Molière säi 400. Gebuertsdag. De franséischen Dramaturg hat am 17. Joerhonnert fir de Kinnek Louis XIV Theaterstécker geschriwwe wéi "Le Misanthrope", "Le malade imaginaire" oder "Les Fourberies de Scapin". De Molière ass e fundamentale Schrëftsteller aus der franséischer Literatur, an dofir huet d'Comédie Française him dëst Joer eng ganz Programmatioun gewidmet. Och 400 Joer duerno schéngen dem Molière seng Stécker ëmmer nach universell an zäitlos.

auto_stories

5 min

Julien Frison, Denis Podalydès a Christophe Montenez. Foto: Jan Versweyveld

Kee Schrëftsteller am franséische Sproochraum ass eng esou monumental Figur wéi de Molière. Et seet ee jo och net: "La langue de Victor Hugo" oder "la langue de Voltaire", mee "la langue de Molière".

Säi kritescht Gesellschaftsbild ass haut ëmmer nach esou aktuell, datt kee Schauspiller a Frankräich ëm seng Stécker kënnt, erkläert de Loïc Corbery, Schauspiller an der Comédie Française:

"Mes premiers pas au théâtre, quand j'avais treize ou quatorze ans, les premiers mots que j'ai dit sur un plateau de théâtre, étaient des mots de Molière. C'étaient des mots de Tartuffe d'ailleurs, de Valère."

Der Gesellschaft e Spigel virhalen

"Le Tartuffe ou l'Hypocrite" ass déi éischt vun enger laanger Serie vu Komedien, déi d'Comédie Française op d'Bee gestallt huet. Well et dem Molière säi Genie op de Punkt bréngt, ass et net verwonnerlech, datt Tartuffe als éischt Stéck opgefouert gëtt.

Eng friddlech Famill gëtt vun engem Intrus zerstéiert, dem Tartuffe. Mat senge Manipulatiounen a senger falscher Frëmmegkeet, hetzt hien de Patriarch Orgon an deem seng Mamm Madame Pernelle géint hir eege Famill op.

De Molière hëlt d'Relioun, d'Famill an eng liichtgleeweg Bourgeoisie op d'Schëpp. De Molière hält der Gesellschaft e Spigel vir, sou de Schauspiller Loïc Corbery:

"Il parlait des gens qui étaient autour de lui. Et il tenait aux spectateurs un miroir de même. Ça veut dire que lui-même racontait ses contemporains et qu'aujourd'hui, ses pièces nous permettent de nous raconter nos contemporains, de leurs parler que de nous en racontant des histoires qui ont été écrites il y a 400 ans par un homme. Et puis avec des enjeux fondamentaux! Des combats qui étaient les siens, les engagements qui étaient les siens sur les angoisses fondamentales des hommes, sur leurs inquiétudes, sur leurs travers, tout ça en faisant rire."

D'Stéck war ze obszön a gouf verbueden

"Le Tartuffe ou l'Hypocrite" war 1669 esou obszön, datt de Kinnek Louis XIV en op Drock vum Paräisser Äerzbëschof verbueden huet. Aus "Le Tartuffe ou l'Hypocrite" gëtt dann "Le Tartuffe ou l'Imposteur".

D'Handlung gouf entschäerft, virun allem gouf dem Stéck e leschten Akt bäigefüügt. An deem Akt gëtt d'Famill vun engem gewësse Monsieur Loyal gerett an den Tartuffe zur Rechenschaft gezunn.

De Monsieur Loyal daucht einfach esou aus dem Näischt op - en Deus ex machina, deen änlech wéi e gëttleche Kinnek, all d'Problemer vum Orgon senger Famill léise kann. Dës Versioun gefält dem Versailler Haff selbstverständlech besser a bis dato bleift Le Tartuffe ou l'Imposteur déi offiziell Versioun vum Stéck.

Eng Re-Inzenéierung vum Originalwierk

De belsch-hollännesche Regisseur Ivo van Hove wollt dofir eppes Neies woen an déi ursprénglech Versioun "Le Tartuffe ou l'Hypocrite" fir dem Molière säi 400. Gebuertsdag nees an d'Liewe ruffen - mat groussem Succès, souguer bei de Literaturhistoriker.

Claude Mathieu, Denis Podalydès, Loïc Corbery, Julien Frison an Dominique Blanc. Foto: Jan Versweyveld

Déi reliounskritesch Versioun leeft bis de 24. Abrëll, mee ass zanter iwwer enger Woch komplett ausverkaaft. De Blasphème wier e wichtege Bestanddeel vum Molière, a villäicht och ee vun de Grënn fir seng Zäitlosegkeet, mengt de Schauspiller Loïc Corbery.

"Je trouve qu'à chaque époque, les hommes sont confrontés aux mêmes trévères, aux mêmes chaos, que ça soit leur rapport au pouvoir, leurs rapports à la religion. Effectivement, Molière à l'époque s'empênait aux radicaux, aux extrêmes religieux. Mon dieu, le hasard qui fait parfois mal les choses, fait que depuis quelques années, quelques décennies maintenant, on est confronté de nouveau en plein fouet, aux extrémismes religieux. À donc là tout à coup, cette parole-là, cette audace-là, le risque qu'il prend, à raconter ça au théâtre et en plus d'essayer à faire rire avec ça tout en réfléchissant, ce risque là aujourd'hui, il me saute à la figure."

D'Inzenéierung vum Regisseur Ivo van Hove ass gewot. Hie seet selwer, datt een nëmme verléiere ka wann ee versicht, de Molière am Land vum Molière opzeféieren, virun allem als Belsch. Wéi hien d'Offer gemaach krut, Tartuffe als Ouverture fir de 400. Anniversaire vu Molière ze inzeenéieren, konnt hien net Nee soen.

De Regisseur ass fir säi modernt-mechanescht Zeenebild bekannt. D'Stëmmung ass aggressiv, obskuer, martialesch. D'Schauspill war iwwerwältegend. D'Comédie Française ass déi eenzeg fest Theatertrupp a Frankräich, ganz am Geescht vum Molière. Mee d'Inzeenéierung war net no jiddwerengem sengem Goût.

Et ass net vill iwwer de Molière gewosst

Et steet fest, datt de Molière haut esou aktuell ass wéi deemools viru 400 Joer, obwuel iwwer de Kënschtler selwer wéineg gewosst ass. D'Historiker konnten zum Beispill bis haut säi geneeë Gebuertsdatum net feststellen.

Seng Figur léisst dofir vill Sputt fir Interpretatioun. War hien en enke Kolleeg vum Sonnekinnek? War hien zu Liefzäite schonn en aflossräiche Mann? Ass hie wierklech no senger Opféierung vum Malade imaginaire op der Bün gestuerwen?

Am Kontext vun de bevirstoende Presidentschaftswalen am Abrëll, gëtt esou eng mystesch ma wichteg Perséinlechkeet wéi de Molière séier politiséiert.

Soll de Molière am Panthéon veréiwegt ginn?

Déi konservativ Kandidatin Valérie Pécresse plädéiert dofir, de Molière am Panthéon ze veréiwegen, do wou d'Fransousen hir gréisste Vertrieder begruewen. Och d'Sozialistin Anne Hidalgo huet lescht Woch op France Inter de Projet vun der Valérie Pécresse ënnerstëtzt.

Den Ament refuséiert de President Emmanuel Macron awer der Valérie Pécresse hir Propos. Säin Argument: an de Panthéon kéimen nëmme Perséinlechkeeten vum 18. Joherhonnert, dem Siècle des Lumières, un.

Baussent der politescher Sphär suergt deen Debat kaum fir Wellen. Wat beim Molière monumental ass, dat ass net seng Persoun, mee seng Wierker, mengt de Schauspiller Loïc Corbery.

"Molière il a besoin d'acteurs et de spectateurs. C'est juste ça. Il a besoin de théâtre. Le théâtre est le meilleur Panthéon pour Molière, n'importe quelle scène de théâtre."

Ausser Tartuffe ginn an der Comédie Française och "Le Misanthrope", "Le Malade imaginaire", "L'Avare", "Les Fourberies de Scapin" a "Le Bourgeois Gentilhomme" gespillt. D'Programmatioun geet bis Enn Juli.