Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 65 Joer Mickey-Mouse-Hefter

Bande Dessinée

65 Joer Mickey-Mouse-Hefter

Wien huet net schonn ee Mickey-Mouse-Comic gelies? Viru 65 Joer ass dat éischt Heft an eise Géigenden op de Marché komm. An Däitschland konnten si sech ufanks awer net duerchsetzen. "Schundhefter" goufen d'Comice genannt.

auto_stories

2 min

D'Mickey Mouse ass an de 1920er erfonnt ginn. Foto: ABC

An Däitschland ass den 1. August 1951 dat éischt Band vun de Mickey-Mouse-Comicen erauskomm. D'Kritike waren net gutt. Vill Leit hunn d’Billergeschichte mat de Loftblosen als “Hefte für Analphabeten” beschriwwen, déi géingen zu enger Verblödung féieren. Et goufen esouguer Plainten deposéiert, fir datt d'Comichefter verbuede ginn.

D'Mickey Mouse huet sech awer duerchgesat. Haut, 60 Joer méi spéit, kennt bal jiddereen d’Abenteuer vum Mickey, dem Donald, dem Pluto, dem Dagobert, dem Daniel Düsentrieb, de Panzerknacker an all den aneren Awunner vun Entenhausen.

1,2 Milliarde Comice verkaf

Generatioune vu Kanner hu mat der Mickey Mouse liese geléiert. Bis haut goufen 1,2 Milliarde Comice verkaf. Fir den Egmont Ehapa Verlag vu Berlin ass et ee stabilt Geschäft. D'Hefter kommen all Woch eraus. Bis 1988 huet d'Chefredaktesch Erika Fuchs d'Geschichten op Däitsch iwwersat.

Eng gutt erhalen éischt Editioun vum Comic huet e Sammlerwäert vu ronn 13 000 Euro. 1951 huet de Comic 37 Cent kascht.

“Ächz”, “Würg” a “Bibber”

Iwwer d’Sproochkreatiounen, d’Iwwersetzungen an d'literaresch Uspillunge vun der Erika Fuchs si wëssenschaftlech Aarbechte geschriwwe ginn. Hire sougenannten Erikativ, bei deem Verben op hir Wuerzel reduzéiert ginn, huet een als “Grummel”, “Ächz”, “Würg” a “Bibber” an de Comicen erëmfonnt.

Dës Begrëffer hunn de Wee an d’Alldagssprooch fonnt. Bis haut probéiert d’Mickey Mouse Anglizismen esou wäit et geet z’evitéieren. D'Geschichte sollen an dat beschtméiglecht Däitsch iwwersat ginn.

D'Geschicht vun der Mickey Mouse

Ugefaangen huet alles mat dräi Kreesser: engem Ronne Kapp an zwee groussen Oueren. An de 1920er Joren hunn de Walt Disney an den Zeechner Ub Iwerks d'Mickey Mouse erfonnt.

1948 huet den Egmont Verlag d’Publikatiounsrechter vun den Disney-Comice fir Skandinavien a fir déi däitschsproochege Länner kaf. D'Comice kommen haut a 27 Sproochen an a 29 Länner eraus. Dorënner och China, Russland, Polen, Island oder Brasilien. Ironescherweis gëtt et an den USA kee Mickey-Mouse-Heft.

Mickey Mouse oder Donald Duck

Dee beléiftsten Awunner vun Entenhausen ass an de meeschte Länner awer net de Mickey mä den Donald Duck. De Mickey ass e sobere Kärel. Hie weess alles, kann alles, a wierkt e bësse wéi e Streber. Den Donald Duck dogéint huet d'Häerz ënnert sengem Matrousekostüm op der richteger Plaz.

Sex, Gewalt, Relioun a politesch Meenung sinn an de Mickey-Mouse-Hefter en Tabu. Den typesche Mickey Mouse Lieser huet zéng Joer, ass e Bouf a e wunnt an Däitschland an den ale Bundeslänner. Nëmme knapp d’Halschent vun de Lieser kënnt aus der Ex-DDR. Do waren d'Mickey-Mouse-Geschichten aus dem kapitalisteschen Amerika nämlech verbueden.