Radioen

On air

De Moien  |  Schwéierpunkt vum Dag

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 68er Geschichtsstonn

Dominique Grange & Tardi: "Elise et les nouveaux partisans"

68er Geschichtsstonn

Scho méi wéi eng Kéier huet d'Musekerin an Aktivistin Dominique Grange mat hirem Mann, dem Zeechner Tardi, zesummegeschafft. Den neisten a bis dato bedeitendste Produit vun dëser Kollaboratioun ass eng staark autobiographesch BD mam Titel "Elise et les nouveaux partisans", déi elo bei Delcourt erauskoum.

auto_stories

5 min

Zwar nennt sech d'Protagonistin vum Buch Elise an net Dominique, mee wie sech de Liewenslaf vun der Autorin ukuckt, gesäit séier, datt d'Fiktioun sech bei dësem Wierk éischter an den Detailer verstoppt.

D'Dominique Grange erzielt vun hirem Parcours tëschent de spéider Fofzeger- an de Siwwenzegerjoren, eng beweegten Zäit a Frankräich, mat den Evenementer vum Paräisser Mee 68, un deenen och d'Erzielerin a Protagonistin deelgeholl huet, am Mëttelpunkt.

Dréi- an Angelpunkt vun der BD ass allerdéngs fir d'éischt emol eng Episod aus dem Joer 1972. Nodeems et beim Mësche vu Molotowcocktailen an engem Appartement zu enger Explosioun kënnt, muss eng schwéier blesséiert Elise fir e puer Méint ënnertauchen a gëtt vu Frënn, Sympathisante vun der Gauche proletariénne, zu där si gehéiert, bei sech doheem verstoppt.

Eng Zäit vun der forcéierter Inaktivitéit, déi d'Erzielerin dozou notzt, fir zeréckkucken an ze beriichten, wéi et iwwerhaapt dozou koum, datt aus der Duechter vun engem Lyoner Dokter eng militant Maoistin ginn ass, déi vun der Police gesicht gëtt.

Den Opstand géint déi franséisch Kolonial-Politik

D'Dominique Grange beschreift, wéi sech d'Elise am Lycée politiséiert, wou si vum Krich an Algerie a vun der Folter gewuer gëtt, déi d'franséisch Arméi géint den FLN agesat huet. Mat enger Frëndin aus engem marxisteschen Elterenhaus geet et dann och op éischt Demonstratioune géint d'franséisch Kolonial-Politik.

Iwwerhaapt, d'Buch fänkt mat enger Rekapitulatioun vum Massaker vum 17. Oktober 1961 un, wou eng Demonstratioun vun Algeerier zu Paräis vun der Police brutal niddergeschloe gouf, mat engem Bilan vu mindestens 200 Doudegen.

Et wierkt, wéi wann d'Dominique Grange mat dësem Prolog, an deem si selwer - also, d'Elise - net virkënnt, undeite wéilt, datt "Elise et les nouveaux partisans" trotz allen autobiographeschen Elementer keng wierklech perséinlech, individuell Geschicht ass, mee eng, déi sech virun engem historeschen Hannergrond ofspillt, dee vill Jonker dozou beweegt huet, sech ze engagéieren.

De Mee 68

Fir d'Elise geet et no der Schoul op Paräis, allerdéngs net direkt, fir Revolutionärin ze ginn, mee fir eng Karriär als Schauspillerin a Sängerin. Obwuel et mat éischten Disken ee moderate Succès huet, ass der Dominique Grange déi Period allerdéngs just e puer Säite wäert.

Eréischt wéi d'Heldin sech am Fréijoer 68 fir d'Demonstratioune vu Studenten an Aarbechter interesséiert an decidéiert, mat anere Museker a besaten Unisauditoire a bestreikte Fabricken opzetrieden, kuckt d'BD méi genau hin. Als Sängerin, déi d'Uleiesse vun der Protestbeweegung an hire Lidder thematiséiert, huet d'Elise hir Bestëmmung fonnt.

De Mee 68 war bekanntlech intensiv, mee kuerz. Fir d'Elise ass e Retour an d'Normalitéit, an e Liewen, wéi et et virdru gefouert huet, allerdéngs net virstellbar. "Elise et les nouveaux partisans" erzielt, wéi d'Protagonistin zur Vollzäit-Aktivistin gëtt a sech un der Säit vun hirem neie Partner Simon weider radikaliséiert.

Eng spannend an agreabel Lektür

Der Radikalitéit vu der Heldin an Erzielerin steet iwwregens déi bal scho klassesch-realistesch Approche vum Zeechner géigeniwwer. Dem Tardi seng kräfteg, kloer Linnen a grouss, detailléiert Case verweisen op d'Traditioun vun der BD a maachen d'Buch zu all Moment zu enger agreabeler Lektür.

An enger spannender, well d'Elise erlieft nawell vill. Eng kuerz Zäit ass et op der nei gegrënnter Uni zu Vincennes, wou sech d'radikal Denker an Denkerinnen aus Frankräich versammelen, mee och wann d'Heldin sech zum Maoismus bekennt, ass d'Theorie net hires.

Si wëllt direkt eppes sur place beweegen a geet dofir zum Beispill op Nice an enger Pabeierfabrick schaffen, wou si hofft, net nëmmen d'Realitéit vun enger proletarescher Existenz besser kennen ze léieren, mee och d'Aarbechter - hei gréisstendeels Aarbechterinnen - op hir Säit ze zéien an Aktioune géint d'Patronat ze starten.

Dës Infiltratioun flitt allerdéngs op an d'Elise plënnert zeréck op Paräis, wou si sech fir d'Immigranten asetzt a bei enger Demonstratioun vu der Police festgeholl an zu e puer Woche Prisong verurteelt gëtt.

Och dat bestäerkt d'Heldin awer just doran, sech weider géint de Staat ze revoltéieren an zesumme mam Simon an den Ënnergrond ze goen. Eréischt wéi d'Gauche prolétarienne sech 1973 opléist, sinn déi zwee gezwongen, erëm de Wee an eng "normal" Existenz zeréckzefannen - e Prozess, deen d'Dominique Grange als douleuréis an depriméierend beschreift.

Keng Relativéierung a keng Entschëllegungen

Och wann d'Evenementer vun der BD fofzeg Joer zeréckleien an seng Autorin entre-temps eng Fra vun iwwer achtzeg Joer ass, entdeckt een am Fong keng historesch Distanz an der Aart a Weis, wéi d'Dominique Grange op hiert Liewen an d'68er-Beweegung allgemeng zeréckkuckt.

An engem Nowuert erkläert si, wéi si a vill vun hire Matstreider sech an de Siwwenzeger vum Maoismus distanzéiert hunn, nodeem se vun der Schrecke vun der Kulturrevolutioun gewuer goufen. Fir de Rescht muss ee soen, datt, wien un enger kritescher kënschtlerescher Ausernanersetzung mat de maoistesche Gruppen a Frankräich interesséiert ass, mam Jean-Luc Godard sengem Klassiker "La Chinoise" - e Film vu 1967, wuelgemierkt - besser bedéngt ass.

D'Dominique Grange relativéiert an entschëllegt näischt, si hält u senge grondsätzlechen Iwwerzeegunge fest a schléisst hir Erzielung mat engem Zitat aus dem "Klenge roude Buch".

Fir si ass dës BD gewëssermoossen eng Méiglechkeet, de revolutionäre Fonken un eng nei Generatioun weiderzeginn. Ob ee sech dovunner elo inspiréiere léisst oder net, "Elise et les nouveaux partisans" ass op alle Fall e faszinéierenden Temoignage iwwer d'68er-Beweegung.

Dat Ganzt ass vum Tardi meeschterhaft ëmgesat, mat Schwaarz-Wäiss-Biller, déi d'onroueg Atmosphär an de Paräisser Stroosse vun deemools perfekt afänken.