Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - Berwick Street

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A la Cour

Comicen

A la Cour

D'Comic-Strips vum Duo Skif an Dresch kann ee bis op Weideres net méi am Feierkrop liesen - déi satiresch Wochenzeitung huet jo bekanntlech um Enn vum leschte Joer opgehalen. D'Serie "A la Cour", déi d'Grande-Duchesse an Zeen setzt, kritt awer een zweet Liewen: si ass elo fir d'Feierdeeg a Buchform erauskomm, ënner dem Titel: "Les Très riches heures de la petite Madame de Colmar-Montagne".

auto_stories

3 min

No hirer laanger Serie "Hotel Max", an där den Ausseminister Jean Quasselborn Woch fir Woch am Mëttelpunkt stoung, haten de Feierkrop-Coordinateur Jacques Drescher an den Zeechner Moe Skifati 2016 eng nei Serie mat der Grande-Duchesse lancéiert.

Um Beispill vum Quasseljang hate si de Personnage vun der Maria Temesta als Vehikel benotzt, fir hire satiresche Bléck op ausgewielte Momenter vun der nationaler an internationaler Aktualitéit ze geheien.

Dee méi liichte Kascht dominéiert

Am ganzen 80, véier Casë laang a gréisstendeels a schwaarz-wäiss gehale Comic-Strips sinn am Buch "A la Cour" versammelt: et fänkt u mat der sougenannter "Drëtter industrieller Revolutioun" vum Futurolog Jeremy Rifkin an et hält op mat de Protester vun de Gilets jaunes a Frankräich. Dertëschent fënnt een éischter manner Kritik a Bezuch op eescht politesch Sujeten, beispillsweis, datt Flüchtlingskanner hei am Land a Retentiounszenteren agespaart gi sinn.

Et dominéiert dee méi liichte Kascht, wéi d'LSAP-Poschekampagne. D'Comic-Strips vum Duo Skif an Dresch ware Woch fir Woch am Feierkrop zustane komm, jee no Aktualitéit an éischter als Ergänzung zum Rescht vun der Zeitung. Ënner Buchform versammelt bidde se also keen ausféierleche Panorama.

Kritik ëm den Haff steet dacks am Mëttelpunkt

Eng grouss Chance hätt si gehat - schreift d'Petite Madame vu Colmar-Montagne am Virwuert - "als Enfant de bonne famille op d'Welt ze kommen an herno eng Grande Aristocrate ze ginn. Hirem Vollek wéilt si d'Geleeënheet ginn, un hirem Bonheur ze participéieren".

"Dat ass och d'Uursaach, firwat Öch Iech, léiw Lecteurs a léif Lectrices, dëse schéine Buch schenken. Et ass eng Bande dessinéee, déi Öch selwer all Woch an enger Gazette monarchiste schreif a mol, fir dass och déi Leit, déi net esou vill Zäit hu fir déck Bicher ze liesen, sech kënnen euh Bild maachen vun der Importance vun Eis Dynastie."

Ëm d'Kritik um groussherzoglechen Haff dréien am Fong déi meeschte Comic Strips vun der Serie "A la Cour". An d'Viséier geholl ginn diplomatesch Faux-Pasen, wéi d'Vakanz am ëmstriddenen Territoire "Westsahara", schäinhelleg Aktioune wéi d'Promotioun vum Mikrokredit fir Entwécklungslänner oder d'Philanthropie, asw.

D'Auteure Skif an Dresch zeechnen d'Bild vun enger ridiculer Operette-Monarchie, där hir Vertrieder sech zwar fir besonnesch wichteg halen. An awer si si weider näischt wéi Wuessfiguren am Madame Tussaud-Musée, déi schmëlze wann ee se, wéi op der Säit 74, der Hëtzt vun enger klenger Käerzeflam aussetzt - souzesoen d'Liicht vun der Vernonft.

Grande-Duchesse ass awer net ganz onsympathesch

Dem Moe Skifati säin Zeechestil bréngt et op de Punkt, mat senge Personnagen, déi esou opgeblose si wéi hir Egoen, oder awer dënn an ausgedréchent dorëmmer stinn, well se aus weider näischt wéi enger Scheek schéngen ze bestoen. Am Fong kommen se awer all harmlos an op iergend eng Manéier dach net ganz onsympathesch eriwwer.

D'Grande-Duchesse gëtt mol arrogant, choleresch a martialesch gezeechent, dacks genuch ass si awer eng Bon-vivante, déi näischt géint e gudde Maufel huet, an ëmmer als selbstbewosst Fra optrëtt am Géigesaz zu hirem blatzegen, steiwe Läppche vu Mann.

"Als modern Entreprise familiale maache Mir vill fir de Brandissement de la Nation, och wann eise Gouvernement roturier sans aucun goût Ons dofir ganz schlecht bezillt. Mee mir maachen et jo gär, well Mir wëssen, dass Mir an den Himmel kommen."

Hire strenge Rot un en Obdachlosen, datt ee bei där Keelt net soll op der Strooss schlofen, kéint - firwat net - als Naivitéit à la Marie-Antoinette duerchgoen. Sou datt d'Feierkrop-Auteuren op der Säit 26 d'Fro an de Raum stellen, ob d'Monarchie, ënner där pompöser Form, net dach eng Alternativ wier zu Pescht a Cholera, dat heescht zu der "Bête immonde" Le Pen an dem "Banquier" Macron. Als pro-republikanesche Pamphlet ass "A la Cour. Les Très riches heures de la petite Madame de Colmar-Montagne" also net gëeegent.