Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A:LL Schrëftsteller*innen asbl

Schrëftstellerverband

A:LL Schrëftsteller*innen asbl

Véier Joer no der Opléisung vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband LSV huet sech eng nei Associatioun gegrënnt, déi d'Interessien vun de Lëtzebuerger Autorinnen an Auteure vertriede soll.

auto_stories

3 min

De Samuel Hamen ass President vun der A:LL. Foto: Archiv

De President vun der neier Associatioun ass de Samuel Hamen. Et wier e Besoin gi vun der Politik a vun den Institutiounen a Strukturen, datt d'Schrëftsteller regroupéiert sinn an datt een en gemeinsamen Uspriechpartner huet, sou datt een net nëmmen Eenzelgespréicher misst féieren.

"Dat war déi eng Energie, déi dozou gefouert huet, datt mer eis gegrënnt hunn. Déi aner war, parallel dozou, an am Ufank och net koordinéiert, eng Initiativ vun eenzele Leit, déi gesot hunn, véier Joer nodeem den LSV, de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband, opgeléist gouf no 30 Joer, wier et nees un der Zäit, eppes op d'Been ze stellen."

Bekannt Nimm

Jean Back, Ulrike Bail, Tullio Forgiarini, Gast Groeber, Samuel Hamen, Susanne Jaspers, Francis Kirps, Claudine Muno, Anne-MarieReuter, Nathalie Ronvaux, Jeff Schinker, Elise Schmit an de Ian de Toffoli sinn am Verwaltungsrot vun der Associatioun Lëtzebuerger Literatur.

Matgrënner sinn och d'Nora Wagener an den Nico Helminger. ënner den Éieremembere begéint e vill Nimm, déi de fréieren LSV mat gegrënnt hunn, wéi de Jhemp Hoscheit, Lambert Schlechter, Pol Greisch, Margret Steckel.

Revendicatiounen no baussen droen

E generatiounsiwwergräifende Verband, dee sech d'Professionaliséierung op d'Kap geschriwwen huet. E Punkt, deen och enorm wichteg ass, elo wou de Kulturministère Kultur LX geschaf huet, déi de Kultursecteur a villen Domainer ënnerstëtze soll. Et si vill Entrevue mat Leit geplangt, zielt de Samuel Hamen. "Dat ass natierlech schéin, doraus wäerte sech Projeten an Initiativen a Méiglechkeeten erginn."

Engersäits hätt sech A:LL representativ Aarbecht op de Fändel geschriwwen, mee anerersäits hofft de Samuel Hamen och, datt d'Associatioun Membere gewënnt, "an datt dann aus deem Pool u Memberen Aarbechtsgruppe gemaach ginn." Dat wier den eigentleche Kär vun der Aarbecht fir sech och a finanziellen a juristesche Froen auszetauschen. Et géif ee sech och zesummendoe fir déi gesammelt Revendicatiounen no baussen ze droen.

Kee rigide Memberskatalog

Den LSV huet sech ënner anerem opgeléist, well eng sougenannten Autorin mat ganz mënscheveruechtenden Iddien an Iwwerleeungen an der éischter Rei eng Roll gespillt huet, All huet doraus eng Léier gezunn: an de Statute vum A:LL steet, datt all Member sech humanistesche Wäerter verflicht.

Eng Associatioun lieft virun allem vun hire Memberen. Et géif awer kee rigide Katalog ginn, wie Member ka ginn, zielt de Samuel Hamen:

"Dir musst bei engem Editeur publizéiert hunn, oder dir musst eng Residenze gehat hunn, dat sinn alles eenzel Aspekter, déi de Verwaltungsrot sech ukuckt, wann eng Demande era kënnt. Wat fir eis wichteg ass, an dat steet och esou an de Statuten, datt déi Leit, déi sech mellen, eng reegelméisseg an effektiv Aktivitéit als SchrëfstellerIn hei ze Lëtzebuerg hunn. Eis ass wichteg, datt déi Leit, de Secteur scho kennen oder an der Literaturzeen wëllen aktiv sinn. Si wëllen eppes mat hirem Schaffen an hirem Schreiwen erreechen an mir stelle Froen no Remuneratioune bei Liesungen, Froen nom Statut vum Fräien Artist a wéi dee verséchert ass, wéi et mam Congé culturel ass, asw. An dat sinn deelweis déi wichtegst Schaffsituatiounen, déi deemnächst bei eis ustinn a wann déi, di Interessi hunn, sech do dran erëm fannen, dann ass A:LL déi Plaz, wou een sech zesumme fënnt."

Den Exekutivcomité ass zesumme gesat:

Samuel Hamen - President

Nathalie Ronvaux -Vize-Presidentin

Jeff Schinker - Sekretär

Claudine Muno - Trésorière