Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ACID: Resistenz an Onofhängegkeet

Festival de Cannes 2019

ACID: Resistenz an Onofhängegkeet

Resistéieren, dat ass d'Leitmotiv vun ACID. Zanter 27 Joer setzt d'Associatioun sech fir en onofhängege Kino an. Mat néng Filmer ass d'Association du cinéma indépendant pour sa diffusion dëst Joer um Filmfestival vu Cannes vertrueden. Mat enger paralleller Programmatioun. D'Maxi Pesch huet sech zu Cannes mam Co-President, de Regis Sauder, ënnerhalen.

auto_stories

2 min

Et ass eng Associatioun vu Cineasten. Eng Chaîne vu Solidaritéit, déi viru 27 Joer entstanen ass. An déi Filmer vu Cineaste gi während dem ganze Joer begleet. Ugefaange mat der Programmatioun zu Cannes.

Seet de Regis Sauder, Co-President vun ACID. Néng Filmer huet d'Associatioun dëst Joer erausgesicht. Si lafen an enger paralleller net kompetitiver Programmatioun. Dacks sinn et Filmer ouni Distributeur.

Mir hu Filmer, déi schaffe ronderëm de Sujet vun der Disparitioun. Zum Beispill de Film "Vif-argent" vum Stéphane Batut oder nach "L'angle mort" vum Pierre Trividic a Patrick Mario Bernard. Alles Filmer, déi d'Sujeten op eng bëssen aner Manéier upaken.

Et wier grad dës Diversitéit déi d'Associatioun ausmécht.

D'DNA vun ACID wier grad déi verschidde Blécker op Sujeten, an déi verschidde Forme vu Filmer. Mir sinn opmierksam op déi nei Schreifweis an op déi Cineasten, déi dat incarnéieren. An dat ass de Fall zanter 27 Joer. Mir hu Cineasten, déi hu bei ACID ugefaangen a sinn elo an der Haaptkompetitioun.

Wéi zum Beispill d'Justine Triet, déi dëst Joer mat "Sibyl" an der Haaptkompetitioun um Festival untrëtt. Hire film "La Bataille de Solférino" war 2013 an der Programmatioun vun ACID. Mee net nëmmen zu Cannes spillt d'Associatioun eng Roll fir den onofhängege Kino. Während dem ganze Joer steet d'Promotioun an d'Begleedung am Virdergrond.

Mir begleeden d'Filmer vun de Cineaste während dem ganze Joer. Mir organiséiere Renconteren tëschent Schüler, mir maachen Educatioun à l'Image.

Gegrënnt gouf ACID 1991 ënner anerem vum Luc Béraud, Serge Le Péron oder nach de Gérard Mordillat.