Literaresch Rares Et zouloossen, nees e Mënsch ze sinn

Wat maachen Nationalismus a Krich aus engem Mënsch? Dës Fro beäntwert de Roman "Der Gebrauch des Menschen". Säin Auteur, Aleksandar Tišma, war ee vun de bedeitendste Schrëftsteller aus dem fréiere Jugoslawien. Leschten Deel aus der Summerserie.

Valerija Berdi, md

valerija tisma.JPG
Wéi fannen dem Tišma seng Protagonisten dach nach zu hirer Mënschlechkeet zeréck?

Mat engem rouden Heft, op deem a gëllene Buschtawe "Poesie" steet, fänkt d'Geschicht ëm zwou Familljen aus Novi Sad (dem Tišma seng Heemechtsstad) am Joer 1935 un. Et ass d'Tagebuch vun der Anna Drentvensek, enger Léierin mat däitschen Originen. Kuerz virun hirem Doud - se stierft jonk - vertraut se hiert Tagebuch der Schülerin Vera Kroner un.

Dat alles geschitt an dëser Stad an der serbescher Provënz Vojvodina, wou di verschidden Natiounen a Reliounen e ganz normaalt a banaalt Liewe mat- a nieftenee féieren. Bis de Krich ausbrécht an d'Liewe vun all deene Mënsche verännert...

D'Vera Kroner staamt aus enger däitsch-jüddescher Famill. Déi jonk Fra ka sech awer weder mat hirer Nationalitéit nach mat hirer Relioun ufrënnen. Si verfollegt mat Irritatioun a Mësstrauen déi traditionell Ritualer an Erwaardungen, déi an hirer Famill gebräichlech sinn. Ee weidere Protagonist ass den intelligenten a gewëtzte Sredoje Lazukic. Gedriwwe vu senger Liewensloscht a Näischnotzegkeet, geet hien d'Léift a Bordelle sichen.

Eng Communautéit, vum Faschismus zerstéiert...

Den Tišma beschreift déi eenzel Familljemembere mat hiren ënnerdréckten Ängschten a Passiounen. Awer och hiren Alldag an hiert méi oder manner friddlecht Zesummeliewen am Virkrichsjugoslawien. Bis de Faschismus - fir d'éischt duerch ungaresch an dann duerch däitsch Zaldoten - dës Communautéit zerstéiert...

"Diese vergrasten Gassen mit den dichtgereihten niedrigen Häuschen wurden fast durchweg von serbischen Landarbeitern und kleinen Handwerkern bewohnt; hier war es beim Einmarsch der ungarischen Truppen und bei Razzien zu den heftigsten Ausschreitungen gekommen, denn die aufgewiegelten Soldaten hatten angesichts dieser Bescheidenheit und Verwahrlosung jede Rücksicht fallen lassen."

Wien Novi Sad net verléisst oder net mat de Faschiste sympathiséiert, dee schléisst sech de Partisanen un - déi meescht awer bleiwen. Sou wéi d'Vera, déi dann an e Konzentratiounslager verschleeft gëtt, wou si ëmmer erëm onvirstellbar Grujeleges an d'Erniddregung als Mënsch an als Fra iwwerlieft.

"Zwischen den Häusern hier mit ihren feuchten Wänden und den kümmerlichen Blumen in den Fenstern schwebten noch die Bilder des Mordens; die Menschen, die abends zu einem Schwatz vor die Tür traten, zeigten einander die Masten, an denen ihre Nachbarn erhängt worden waren, oder die verdunkelten Fenster einer Wohnung, aus der man einen Bekannten abgeholt hatte. Über nichts konnten sie lebhafter und interessierter reden."

Täter an Affer kréien hir Mënschlechkeet ewech geholl

Den Aleksandar Tišma huet fënnef Romaner geschriwwen, déi sech mat de Konsequenze vum Zweete Weltkrich fir den eenzele Mënsch befaassen. "Der Gebrauch des Menschen" ass Deel vu sengem "perséinleche Pentateuch", wéi hien dës literaresch Sequenz genannt huet. Am Roman geet et awer net just drëms, d'Grausamkeete vum Faschismus ze weisen. De jugoslawesche Schrëftsteller zeechent mat dëser Chronik dat, wat Krich an Nationalismus aus dem Mënsch maachen.

Den Titel vum Buch ("Upotreba coveka", de Gebrauch vum Mënsch) deit et schonn un: an engem Krich gëtt et keng Gewënner. Ob Täter oder Affer, all si se an engem Netz gefaangen, se kréien alles dat ewech geholl, wat se als Mënschen ausmécht: d'Empathie, de Respekt, déi eege Meenung an d'Responsabilitéit géigeniwwer deenen aneren a sech sech selwer. Kuerz: d'Humanitéit.

All Handlung huet Konsequenzen: fir ee selwer, fir en aneren, fir d'Gesellschaft. De Krich ass keng natierlech Situatioun fir de Mënsch an dofir kann e sech och net mënschlech verhalen. Soulaang dës Familljen an engem friddlechen Ëmfeld existéieren, si se en Deel vun engem Ganzen. De Krich - mat all sengen Auswierkungen - zerstéiert dës Communautéit, deet se an hir eenzel Deeler verfalen, an eenzel Persounen, déi sech veränneren. De Krich leet där hir negativ Eegenschaften un den Dag.

Een Entwécklungsroman am haarde realistesche Stil

Den Tišma huet eng kal, objektiv a detailléiert Sprooch, wäit ewech vu Poesie an awer och vu Pathos. Den haarde Realismus ass mat Momenter schwéier ze packen, virun allem well seng Personnagë gräifbar sinn an dem Lieser duerch hir prekär Liewenssituatioun ëmmer méi entwutschen.

Et ass kloer, datt et sech hei ëm een Entwécklungsroman handelt. Zum Schluss fannen déi zwee Protagonisten, déi net nëmmen d'Wëssen ëm dat rout Tagebuch vun der Anna Drentvensek matenee verbënnt, nees zoueneen. Si ginn den Ursaachen, déi hir Perceptiounsverännerungen an hiert Handele bestëmmen, op de Fong. A si loossen erëm dat zou, wat se jorelaang ënnerdréckt hunn: e Mënsch ze sinn...

Domat ass dem Valerija Berdi seng Summerserie "Literaresch Rares" ofgeschloss!

Méi zum Thema

Gao Xingjian
Literatur

"Mir mussen erëm méi mënschlech ginn", seet de Gao Xingjiang. De Laureat vum Literatur-Nobelpräis 2000 ass den 8./9. September zu Lëtzebuerg. Renconter mam Schrëftsteller, Moler a Realisateur.

valerija sebald.JPG
Literaresch Rares

Dem W.G. Sebald säin "Austerlitz" ass ee Mann, deen op der Sich no senger Vergaangenheet begräift, firwat hien sech a senger Welt net doheem spiert. Ee phenomenaalt Wierk, mengt d'Valerija Berdi.

Valerija - Uwe Timm
Literaresch Rares

Wéi lieft ee mam Wëssen, datt de Brudder fir d'Waffen-SS säi Liewe gelooss huet? "Am Beispiel meines Bruders" vum Uwe Timm ass e sensibele Roman iwwert eng Famill an der Nokrichszäit.

Die Zimtläden
Literaresch Rares

De Bruno Schulz erënnert sech als Erwuessenen a sengem Roman "Die Zimtläden" u seng Kandheet. Mat philosopheschen Iwwerleeunge stellt den Auteur d'Bedeitung vu Sprooch, Erënnerung a Realitéit a Fro.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen