Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fragiliséiert Mënschen op der Sich nom Gléck"

Theater

"Fragiliséiert Mënschen op der Sich nom Gléck"

"Beyond caring" heescht d'Performance déi den Alexander Zeldin, Sous-Direkter vum Birmingham Repertory Theatre, am Groussen Theater gëtt. Si spillt an enger Welt déi net exklusiv schéin ass, mat Acteuren, déi net exklusiv Profië sinn.

auto_stories

4 min

Den Alexander Zeldin bréngt Mënschen op d'Bühn déi virdrun ni mat Theater a Kontakt waren

"Theater ass fir mech een Outil fir d'Welt besser ze verstoen", seet den Alexander Zeldin. De jonke Regisseur, Theater-Auteur a Sous-Direkter vum Birmingham Repertory Theatre ass de Moment op Besuch zu Lëtzebuerg. Hien huet am Kader vum talentLAB#16 e Workshop fir Theaterleit gehal mam Titel "Devising technique from the dramaturgy of everyday life".

Dobäi geet et ëm Theater deen direkt op der Bühn gemaach gëtt. Et gëtt zesumme mat den Acteure geschriwwen – net doheem an der Stuff vum Auteur – zum Beispill op Basis vun Improvisatioun. "Ech well verstoe firwat een Acteur oder eng Actrice ee spezifescht Stéck grad an deem Moment vum Liewe wëll spillen, wéi eng Besoinen do matspillen", sou den Alexander Zeldin, deen och vun de Methode vun der Theatertherapie beaflosst ginn ass.

Theater an der Realitéit vum Publikum

De Birmingham Repertory Theatre, wou hien also schafft, versicht sech a senger englescher Heemechtsstad op déi Manéier an de Quartieren anzebréngen, an sou Mënschen, déi virdrun ni Theater gespillt hunn, oder domat a Kontakt waren, d'Méiglechkeet ze ginn, op d'Bühn ze klammen. Fir den Alexander Zeldin mécht Theater just Sënn "wann e sech an der Realitéit vum Publikum ofspillt".

Et sollt een elo awer net mengen, den Alexander Zeldin géif ouni eng eenzeg Iddi bei seng Acteure kommen. Hien huet deelweis schonn eng 100 Säite Skript ier hien dann ufänkt seng "devising technique" mat den Duersteller unzegoen. Momentan gëtt et een Thema deen den Alexander Zeldin an all senge Facettë besonnesch interesséiert: "A menge Stécker geet et virun allem ëm fragiliséiert Mënschen op der Sich nom Gléck".

"Mam Leide ronderëm eis ëmgoen"

Am Alexander Zeldin sengen Aen ass déi sozial Ongläichheet, d'Precaritéit, ee vun den Haapttheme vun eisem Joerhonnert. "Zu Lëtzebuerg sinn déi sozial Ongläichheete vläicht manner present, mee et gëtt se. An England sprangen se engem an d'Aen. Eng vun de wichtegste Froe vun der nächsten Zäit wäert ginn, wéi mir mam Leide vun de Mënsche ronderëm eis sollen ëmgoen". Dobäi geet et dem Alexander Zeldin och drëm "d'Grenze vun eiser Empathie" ze testen.

Am Stéck "Beyond caring" geet et och ëm emotionell Veraarmung an d'Elengsinn, also net nëmmen ëm déi ekonomesch Precaritéit. Déi Welt déi den Alexander Zeldin a seng Acteuren a "Beyond caring" beschreiwen, ass eng, déi sech permanent verännert, a wou ee wéi e Ping-Pong-Ball vun enger Säit op déi nächst gejummt gëtt, bis een néierens méi Halt fënnt. Eng Welt déi kee Confort versprécht, eng déi dem Alexander Zeldin awer perséinlech vill besser gefält. Well se méi no un der Realitéit ass, déi hien am Alldag gesäit.

Beyond caring, 16. Juni um 20 Auer am Groussen Theater