Radioen

On air

Notturno  |  Nourished By Time - The Fields

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ All hu se sech an Nashörner verwandelt ...

Portrait

All hu se sech an Nashörner verwandelt ...

De franséischen Dramaturg Eugène Ionesco ass haut viru 25 Joer gestuerwen. Hie war ee vun de bedeitendsten Theaterauteure vum 20. Joerhonnert. Deen a Rumänien gebuerene Ionesco gëllt als ee vun den Haaptvertrieder vum sougenannten "Théâtre de l'absurde".

auto_stories

3 min

Personnagen, déi Schwieregkeeten hunn, mateneen ze kommunizéieren, déi zwar fräi sinn, mee komplett verluer an enger Welt, déi sënnlos erschéngt, tragesch an awer burlesk, witzeg. Dat zeechent - a graffen Zich - den absurden Theater aus. Ee Genre, dee virun allem nom Zweete Weltkrich duerch Auteure wéi Samuel Beckett, Jean Genet an och Eugène Ionesco prominent ginn ass.

Eng 40 Theaterstécker huet de Ionesco am Laf vu senger Carrière geschriwwen, seng berühmtste Wierker sinn an de 50er Joren zustane komm. "La Cantatrice chauve", säin Optakt, gouf 1950 eng éischte Kéier op enger Bühn inzenéiert: et ass haut eent vun den am meeschte gespillte Stécker iwwerhaapt a Frankräich. "La Leçon", "Les Chaises", si weider Succèse vum gebiertege Rumän.

Rhinocéros: En eegent Erliefnis

Den internationalen Duerchbroch koum dann 1959 mat "Rhinocéros", dat nach virun der franséischer Première an enger däitscher Iwwersetzung zu Graz opgefouert gouf, d'Joer drop zu London stoungen dann den Orson Welles an de Laurence Olivier op der Affiche. "Rhinocéros" ass am Fong eng Fabel, déi d'Thema vum Konformismus opgräift: d'Rhinocérite gräift ëm sech, d'Mënsche verwandele sech lues a lues all an Nashörner - bis op een, deem et geléngt, bei Vernonft ze bleiwen.

Den Eugène Ionesco huet deen Zeenario selwer misste materliewen. Während der Uniszäit zu Bukarest war säin Ëmfeld no an no de faschisteschen Eisene Garden op de Läim gaangen, déi während dem Krich mat Nazi-Däitschland kollaboréiert haten. Nom Zweete Weltkrich da war et déi kommunistesch Diktatur: och un där hate vill rumänesch Intellektueller, déi et eigentlech hätte besser misste wëssen, Gefale fonnt.

E Liewen tëschent Frankräich a Rumänien

Den Eugène Ionesco ass 1909 zu Slatina a Rumänien op d'Welt komm. Franséisch huet hien als Kand vu senger Mamm, der Duechter vun engem franséischen Ingenieur, geléiert. Säi Liewe sollt sech duerno tëschent Rumänien a Frankräich ofspillen. Frankräich a Rumänien ware während dem Krich Alliéierter. De Ionesco krut dowéinst ee Posten op der rumänescher Ambassade zu Paräis ugebueden, deen hien awer nom Krich nees verluer hat.

Hie sollt awer definitiv a Frankräich bleiwen, an 1950 déi franséisch Nationalitéit unhuelen. D'Orientéierungslosegkeet, d'Absurditéit a sengem Theater, spéiderhin, hunn op eng Manéier dem Eugène Ionesco seng eege Liewenserfahrung, seng Zerrassenheet tëschent zwee Länner, tëschent zwou Sproochen, erëmgespigelt. Een Theater, deen eng Kontinuitéit an der Handlung vermësse léisst, wann et iwwerhaapt eng Handlung gëtt.

Eng Carrière bis an d'Académie française

Och iwwer d'Sprooch kënnt dat Absurd zum Ausdrock: d'Personnagë schwätzen dacks laanschteneen, d'Dialoger entsprieche kenger Logik, verléieren sech am Näischt. Souwisou ass d'Sprooch manner wichteg, wéi dat, wat op der Bühn passéiert, dësem meeschtens onbestëmmten Uert an enger ondefinéierter Zäit.

1970 gouf deen an Tëschenzäit weltberühmten Eugène Ionesco an der renomméierter Académie française ugeholl. Seng politesch Stellungnamen - haaptsächlech anti-kommunistesch, mat och alt emol Verdeedegunge vu rietsextreme Studentenorganisatiounen - stoungen am Kontrast zu enger dominant lénker Intellektueller Zeen. Um Enn vu sengem Liewen huet de Ionesco sech un d'Romanform erugewot, huet autobiographesch Texter geschriwwen a sech mat metaphyseschen Iwwerleeungen ausernee gesat. 1994 ass den Eugène Ionesco am Alter vu 84 Joer gestuerwen.