Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Clash - Spanish Bombs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alles ausser schlofen

Konschtausstellung zu Berlin

Alles ausser schlofen

Nuets soll ee schlofen, wat wuel och déi meescht Mënsche maachen. Mä wat geschitt dann, wann een net schléift? Op alle Fall weist sech eis d'Welt da ganz anescht. Genee dorëms geet d'Ausstellung "Die Nacht. Alles ausser Schlafen" am Berliner Museum für Kommunikation. D'Zil ass et, d'Verhalen an d'Kommunikatioun während der Nuecht ze weisen.

auto_stories

3 min

Graffitisprayer op engem Daach (Foto: Roger Hecht, 2016)

E Bäcker, dee frësch gebaakte Bréidercher an der Bakstuff aus dem Uewen hëlt, eng Dosen Aarbechter, déi virum Mueren hirer Beschäftegung noginn: déi schwaarz-wäiss Fotografië vun der franséischer Fotografin Amélie Losier weisen all déi Leit, déi nuets zu Berlin aktiv sinn.

E puer vun dëse Fotoe sinn elo an der interdisziplinärer Ausstellung "Die Nacht. Alles außer Schlaf" am Museum für Kommunikation zu Berlin ze gesinn. Wann ee se ukuckt, erlieft een déi aner Säit vun der Nuetsrou. Fir esou eng Stad wéi Berlin um Lafen ze halen, brauch een nun emol Aktivitéit zu enger Zäit, zu där déi meescht Mënsche schlofen.

Wiesselspill tëscht Dag an Nuecht

D'Ausstellung setzt de Fokus op dat, wat ee mat oppenen Aen nuets erliewe kann. Den Assoziatiounsëmfang, deen esou en Thema virgëtt, ass natierlech zimlech grouss. Mä am Beschte fänkt ee jo, wéi gewosst, ëmmer um Ufank un an dat ass am Altertum. Do, wou d'Mënsche vum Nuetshimmel faszinéiert waren an no Äntwerte gesicht hunn, erzielt de Curateur vun der Ausstellung, de Florian Schütz. D'Leit hätte sech d'Fro gestallt, wien eigentlech fir dat éiwegt Wiesselspill tëscht Dag an Nuecht, tëscht hell an däischter, verantwortlech war.

"D'Äntwert deemools war, datt et Gëttinnen a Gëtter waren, déi dat kosmescht Schauspill bestëmmt hunn. Si hunn uewen am Himmel hir Geschichten ausgedroen a gekämpft."

D'Ausstellung weist de Spectateure Werwëllef, de Graf Drakula a Gothic-Kleeder, éier et wuertwiertlech hell gëtt. Wéi d'Ära vun der kënschtlecher Beliichtung bis ugefaangen hat, du war d'Nuecht revolutionéiert, seet de Florian Schütz.

D'Nuets- a Clubliewe skizzéieren

"Elo ass d'Nuecht wierklech zum Dag gemaach ginn. Et kann ee 24 Stonnen dat maachen, wat ee wëllt, respektiv wat engem gesot gëtt, wat ee soll maachen. D'Aarbechtsrealitéit verännert sech staark doduerch, datt een an der Nuecht schafft. Et widdersprécht awer och e Stéck der Biochronologie vum Mënsch. Mir fänken un eis ze froen, wéi mir eigentlech schlofen oder wéi eis Visiteuren am Musée schlofen."

Ze gesi sinn d'Schlofgewunnechte vun der Angela Merkel, déi dacks nëmme fënnef Stonne schléift, de Weekend dann heiansdo eelef. Oder engem Thomas Eddison, deen all puer Stonnen en Tëmpchen hält.

Da gëtt sech dem fräiwëllegen Opbleiwen dediéiert, nämlech dem Feieren. Vun den 20er Joren zu Berlin bis bei d'Berliner Clubkultur vun haut, déi duerch e strikt Fotoverbuet dacks onsiichtbar bleift. Hei an der Ausstellung gëtt se visibel gemaach. Den Illustrateur Felix Scheinberger huet d'Nuetsliewe skizzéiert. Déi Zeenen, déi hien a senge Skizzebicher festgehalen huet, gi vu skurril op explizit.

Ausstellung gräift "Tabuthemen" op

"Dat Ganzt weist deene Leit, déi net Deel vun dëser Beweegung sinn, wat an de Berliner Clubs esou passéiert," esou de Curateur vun der Ausstellung Florian Schütz.

Mä "Die Nacht. Alles ausser Schlaf" beschäftegt sech eben net nëmme mat lëschtegen Associatiounen. D'Stäerkt vun der Ausstellung läit och an hirem soziale Volet. Si dréckt sech net virun Themen, wéi Prostitutioun an Obdachlosegkeet. A si spigelt op eng intelligent Manéier, déi eege komesch, globaliséiert Gesellschaft: Wéi 24 Stonne Liwwerservicer a Call-Centeren d'Nuecht zum Dag maachen, wéi déi blo Luucht vum i-Pad oder Smartphone eis de Schlof klauen. D'Nuecht am 21. Joerhonnert.