Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Becca Mancari - Over And Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alles kënnt op den Dësch

Nei am Kino

Alles kënnt op den Dësch

Am Familljendrama "La Quietud", vum argentinesche Realisateur Pablo Trapero, geet et ëm komplizéiert Bezéiungen, Ligen a Geheimnisser, an d'Zerbréckele vun der bourgeoiser Respektabilitéit.

auto_stories

3 min

Wéi de Patriarch Augusto Montemayor, ee respektéierten Affekot, ee Schlag erleit an um Stierwe läit, kënnt déi ganz Famill a senger imposanter Finca "La Quietud" zesummen. Dorënner seng Duechter Eugenia (Bérénice Bejo), dat vu Paräis zeréck an Argentinien komm ass a sech besonnesch drop freet, d'Mia (Martina Gusmán) erëm ze gesinn. Déi ganz enk Bezéiung, déi béid Schwëstere verbënnt, gëtt op d'Prouf gestallt, wéi lues a lues verschidde Familljegeheimnisser un d'Dagesliicht geroden.

D'Roll vun den Eltere während der Militärdiktatur

Den argentinesche Realisateur Pablo Trapero, Joergang 1971, ass eng vun de feste Gréisste vum neie südamerikanesche Kino. "La Quietud" ass schonn deen zéngte Film vun enger Filmographie, déi drop beduecht ass, e realistesche Bléck op déi argentinesch Gesellschaft ze geheien.

Wien d'Relatioune bannent enger Famill vun der Bourgeoisie analyséiert an e bëssen un der Uewerfläch kraazt, dee stéisst noutgedrongen op eng knaschteg Vergaangenheet. Wéi eng Roll hu verschidde Personnagen, déi deemools al genuch waren, während der Militärdiktatur tëschent 1976 an 1983 gespillt? Déi Vergaangenheet bleift iwwer laang Strecken am Film éischter anekdotesch - an de bessere Milieuen hält een iwwer sou Saache léiwer den Deckel a versicht, d'Fassad ze retten.

Trotz allem schéngt e Malaise d'Famill ze belaaschten. Ee Malaise, dee säin Ausdrock fënnt an de Luuchten, déi owes virum Kuerzschluss flackeren, sporadesch Donnerwiederen a Blëtzer, a virun allem déi permanent Onrou, déi d'Esmeralda, d'Mamm (gespillt vun der Graciela Borges), erëmdreift. Den Numm vun der Finca, "La Quietud", wat esou vill heescht wéi Rou, Stëll, kann hei also nëmmen ironesch gemengt sinn.

D'Meandere vun den tëschemënschleche Bezéiungen

D'Ufankssequenz vum Film hëlt seng Enjeue virewech: um Ecran defiléiert eng Flosslandschaft, aus dem Mia sengem Auto gefilmt. Op eemol schwenkt d'Kamera op déi aner Säit an hëlt déi bluttrout Finca an d'Viséier, wéi déi aner Säit vun der Medaile, där hir Geheimnisser solle beliicht ginn. An der nächster Astellung, engem weidere Plan séquence, geet d'Kamera der jonker Fra no, wéi si duerch d'Gäng vun der Finca meandert, bis si bei enger Dier ukënnt: d'Dier geet op, et ass d'Schlofkummer vun hiren Elteren, déi am Gaang sinn ze streiden.

D'Meandere vun der Wunneng stinn hei fir déi komplizéiert tëschemënschlech Bezéiungen, déi am Laf vum Film sollen opgekläert ginn - sou wéi all déi flou Astellungen am Film, déi no an no schaarf Konture kréien. Ee virtuose Plan séquence méi spéit am Film verdäitlecht dann déi komplex Verflechtung tëschent de Personnagen.

De Spectateur gëtt virun e Rätsel gestallt

Mee éier et souwäit ass, léisst de clevere Regisseur Pablo Trapero de Spectateur am Däischteren tappen, leet ëm e Rätsel virun d'Nues. Wéi déi eng zu deenen anere stinn, bleift laang onkloer. Zentral ass hei déi zweedeiteg symbiotesch Relatioun tëschent den zwou Schwësteren, déi iwwerzeegend vum Bérénice Bejo respektiv Martina Gusmán interpretéiert ginn.

"La Quietud" entsprécht dem klassesche Schema vum Familljendrama, bei deem Geheimnisser a Lige lues a lues op den Dësch kommen, ergänzt duerch den Aspekt vun der Bourgeoisie, där hir Fassade vu Respektabilitéit um Ecran zerbréckelt. Datt de Film och nach erotesch opgelueden ass, verstäerkt d'Spannung an enger Handlung, déi déi grouss Geschicht mat de klenge Geschichten op eng interessant Manéier matenee verbënnt. De Regisseur Pablo Trapero hätt d'Rätsel vläicht net bis an all Detail bräichten opzeléisen: als Spectateur hätt een net ongär weider e bëssen am Däischtere getappt ...