Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Les Imprimés - You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am léifsten am Hotel Mamma

Film

Am léifsten am Hotel Mamma

Dat autonoomt Liewen als - männleche - Student ass net einfach. Déi kreativ amerikanesch ''nano-budget''-Komedie ''Green House" geheit en ironesche Bléck op dës kruzial Liewensperiod. Um Site vun der Cinemathèque française ze gesinn.

auto_stories

3 min

D'Cinemathèque française hat déi gutt Iddi, déi confinéiert Cinephille mat enger gratis Online-Offer ze ënnerstëtzen. Esou hat si schonn an enger éischter Phas (tëschent Abrëll a Juli) Raritéite proposéiert, an zwar an der Ënnersektioun vun hirem Internetoptrëtt mam Numm ''Henri'' (benannt nom legendäre Grënner vun der Cinémathèque Henri Langlois).

Déi Demarche ass Enn September reaktivéiert ginn, mat enger diversifizéierter Selektioun vun deelweis restauréierte Long-, Court- a Moyenmetragë vu méi oder manner ale Realisateure wéi Jean Epstein, Otar Iosseliani, Raoul Ruiz oder nach Jean-Claude Brisseau.

American Fringe

Zanter 2016 projezéiert d'Film-Institut allkéiers am Hierscht eng Serie vun amerikanesche Filmer, déi ''en marge'' vum sougenannten ''Independant''-Kino ugesidelt sinn, dat heescht mat ganz klenge Budgeten, mee dofir net manner Kreativitéit, auskommen. ''American Fringe'' heescht dee Mini-Festival, dee wéinst dem rezente Reconfinement a Frankräich integral op den Online verluecht gouf. Déi aacht Filmer kënnen nach bis den 2. Dezember um Site ''Henri'' gekuckt ginn.

Ee vun dëse Wierker ass d'Komedie ''Green House'', eng Bëllegproduktioun vun 2018. Et ass den zweete Longmétrage vum jonken Armando Lamberti no sengem Debutfilm ''Exhibition Day'' dräi Joer méi fréi.

Student geréit aus der Bunn

Am Mëttelpunkt vu ''Green House'' steet e Student (Brian May) aus Jersey City, dee feststelle muss, datt en Abriecher seng rudimentär Wunneng op d'Kopp gehäit huet. Ze klaue gouf et do net vill. De Virfall geet awer duer, fir de Student psychologesch aus der Bunn ze geheien ...

De Film ass et gutt Beispill dofir, wéi een aus enger Schwächt (de ganz limitéierte Budget) eng Stäerkt ka maachen. Nämlech andeems ee mat begrenzte Mëttelen e Maximum un Expressivitéit erreecht: déi meeschtens fix Kamera-Astellungen an dat stiliséiert bal roboterhaft Spill vun den Acteure kritt zum Beispill duerch de séiere Montage eng grouss Dynamik.

Den éischten Deel vum Film setzt besonnesch op d'Stilmëttel vun der Widderhuelung. Hei kritt ee gewisen, wéi de routinéierten Dagesoflaf vum Student lues a lues gestéiert gëtt. D'Repetitioun vun eenzelen Zeenen dréckt d'Routine aus: de Student, deen am Auditoire vun der Uni sëtzt; de Student, deen am asiatesche Fast Food-Restaurant ëmmer dee selwechten Tofu mat Spinat bestellt a mat an d'Wunneng hëlt.

Maximum aus minimalisteschem Stil erausgeholl

D'Variatiounen dann deiten op déi ëmmer méi grouss Veronsécherung vum Student hin. Wéinst verdächtege Geräischer kann hien nuets net schlofen. An een a schwaarz gekleeten Typ, deen op eemol reegelméisseg am asiatesche Fast-Food verkéiert, gëtt als eng Zort Killer aus engem italieeneschen Giallo phantasméiert.

Dem Student ass dat alles ze vill, hie geet zeréck an den Hotel Mamma wunnen. An do fillt hie sech nees puddelwuel, an där fluffeger, faarweger an alles an allem gemittlecher Atmosphär, déi am schaarfe Kontrast steet zu senger blatzeger an eideler Studentebud. De Film gëtt sech mat wéinegen Dekore zefridden. Mee well et der esou wéineg sinn, kann ee se soignéieren an am Detail gestalten: näischt, wat am Kader ass, gëtt dem Zoufall iwwerlooss.

Mee och dee Gléckszoustand hält net éiweg: de Student muss provisoresch bei seng autoritär Hallefschwëster plënneren, sech op d'Sich no enger neier Wunneng maachen a gläichzäiteg eng Bezéiung fleegen ...

''Green House'' ass eng gelonge Komedie, déi mat engem ironesche Bléck op eng wichteg Period am Liewe vu ville jonken Erwuessenen, fir net ze soe jonke Männer kuckt. Datt den Haaptpersonnage sech grad mam Dante sengem ''Inferno'' beschäftegt, seet jo scho genuch ... Stilistesch brécht de Film och alt emol mat Konventiounen a liwwert de Bewäis, datt ee mat manner méi ka maachen.