Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Am Liewen ass jiddereen e Schauspiller"

Luxfilmfest

"Am Liewen ass jiddereen e Schauspiller"

Am Mëttelpunkt vum witzegen an häerzlechen Documentaire "Lots of Kids, a Monkey and a Castle" steet dem Realisateur seng Mamm Julita. Aus hirer Perspektiv erzielt de Film d'Geschicht vun enger spuenescher Groussfamill déi räich gëtt an no der Finanzkris nees alles verléiert. De Realisateur a Familljemember Gustavo Salmerón iwwert seng speziell Mamm, iwwer gutt a schlecht Zäiten an doriwwer, datt Suen net alles sinn. De Film leeft an der Haaptkompetitioun vun den Dokumentarfilmer um Luxfilmfest.

auto_stories

4 min

Gustavo Salmerón

MP: D'Haaptprotagonistin, Är Mamm d'Julita, seet e puermol, datt dësen Documentaire kee Mënsch wäert interesséieren. Si louch falsch ...

GS: Dat ass dee witzegen Deel um Documentaire. Si schwätzt am Documentaire iwwert den Dokumentarfilm. Meng Famill huet gemengt, ech wier verluer. Ech hat a mengem viregte Projet eng grouss Crew mat professionelle Kameraen. Si hu sech geduecht: "Elo mécht deen do e Film eleng, mat enger Videokamera ... aarme Brudder". Wou eise Film dunn zu Kalovry Vary gewonnen huet, huet jidderee gemierkt, datt et seriö wier.

Dir hutt viru 14 Joer mam Tournage iwwert Är Famill, an virun allem iwwert Är Mamm ugefaangen. War et fir Iech direkt kloer, datt et en Dokumentarfilm sollt ginn?

Am Ufank wollt ech e Film iwwert Spuenien maachen, duerch d'Ae vu menger Mamm. Mä als Haaptprotagonist huet si hir Geschichten erzielt. An ech wousst net, datt esou vill Saache géife geschéien. Zum Beispill d'Finanzkris 2007, hir Obsessioun mam Doud ... an dofir ass et gutt, e Film iwwert esou vill Joren ze maachen. Et fënnt een ëmmer nei Sujeten. Schlussendlech ass et ee Film iwwert hiert d'Liewe ginn.

Wann een iwwert esou eng laang Period filmt, da muss ee jo enorm vill Material hunn. Wéi hutt Dir de Montage geplangt?

400 Stonne Film hat ech. Fir de Montage war dat immens schwéier. Ech hunn et net eleng gemaach, soss wier ech gestuerwen, ech wier verréckt ginn. En plus ass et meng Mamm a meng Famill, déi ech gefilmt hunn. Ech war net méi objektiv. Dofir hu vill Leit mir gehollef. Ech hu lues a lues ugefaange mam Montage, scho virun 12 Joer ... Ech hat am Ufank net genuch gutt Material, dofir hunn ech iwwert esou eng laang Zäit weider gefilmt. Wou dunn d'Finanzkris koum, wousst ech: Elo hunn ech e Film.

Déi finanziell Kris hat Konsequenzen op Iech selwer an op Är Famill. Wéi geet e mat esou enger Situatioun ëm? Gléck am Ongléck?

Fir de Film war et effektiv gutt. Souwisou hätte mir d'Schlass net zeréck kënne kréien an d'Suen och net. Eppes wat gutt bei menger Mamm ass, ass datt si eppes Schlechtes zu eppes Guddem mécht. Am Endeffekt hu mir kee Schlass, keng Suen, mä de Film. Dat ass eppes Guddes.

D'Julita ass e markante Charakter. Um Enn huet ee si richteg gären. Wousst Dir, datt si sou en Effekt op d'Leit wäert hunn?

Si ass eng natierlech Schauspillerin, si ass sech selwer. Ech mengen dat mécht si sympathesch. Ech wousst awer net, datt si sou ee staarken Impakt op d'Spekateuren hätt. Dat war impressionnant fir mech ze gesinn. Ech sot mir: "Si ass wei d'Meryl Streep, sou natierlech". Tensiounen am Kino bedeit doudeg. A wann ee relax ass, dat heescht Liewen. Ech hu vill vun hir geléiert wat d'Schauspillerei ugeet.

Gouf et guer keng Fiktioun?

Neen, alles wat an dem Film ass, ass natierlech, reell. Mä mir spillen alleguer am richtege Liewe verschidd Rollen. Ob mir bei eise Kollege sinn oder bei eiser Famill. Mir behuelen eis ëmmer anescht. Fir e gudden Acteur ze sinn, muss een et gären hu vun de Leit ukuckt ze ginn. Et muss een e bëssen narzisstesch sinn, mä net ze vill.

Dacks sinn d'Schauspiller am richtege Liewen éischter zeréckhalend ... Exzentresch Leit op der anerer Säit schauspilleren net esou gären.

Ee Schauspiller muss wéi e wäissen Tableau sinn. Wann een déi grouss Acteure wéi den Al Pacino oder den Atnhony Hopkins gesäit, si si wéi Paschtéier, wei Mënchen. Si sinn immens platt an expriméiere sech am richtege Liewen net esou staark.

Dir benotzt verschidde Kamerae fir ze filmen. Ënnert anerem en iPhone, mä virun allem awer eng al Video Kamera.

Jo, haut huet den iPhone eng besser Qualitéit, wéi déi Kamera, mat där ech gefilmt hunn. Mä ech wollt deen Home-Video-Look. Also hunn ech dat meescht mat enger Mini-dv-Kamera gedréit. Ech wollt keng ze gutt Qualitéit.

Et gi keng Voice Over, keng Interviewen ...

Neen, net fir dësen Documentaire. Ech wollt, datt et wéi e Famillje-Video ausgesäit. De Werner Herzog ass deen eenzegen, bei deem d'Voice-Overë wierklech gutt sinn. Seng Stëmm ass den Haaptpersonnage a sengen Dokumentarfilmer.

De Film hält op enger positiver Nott op. Och wann alles schlecht leeft, gesäit d'Julita an d'Famill dat Gutt, ass dat e Message, deen Dir wollt ginn?

Jo, eis Mamm huet eis geléiert. datt d'Suen net alles sinn. Et muss een un d'Liewe gebonne sinn. Dat ass de wichtege Message.

Gustavo Salmerónplay_arrow