Radioen

On air

Tockcity  |  Strongboi - Magic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Schiet vum Meeschter

Netflix

Am Schiet vum Meeschter

De laangen ondankbare Wee vun der spiritueller Erfëllung oder déi séier iwwerflächlech Satisfaktioune vun der Konsumgesellschaft? Deen Dilemma steet am Mëttelpunkt vum kuckenswäerten indesche Film "The Disciple".

auto_stories

3 min

De Sharad (Aditya Modak) huet d'Ambitioun, fir sech am klasseschen indesche Gesang ze perfektionéieren. Fir seng Passioun voll auszeliewen ass de jonke Mann duerchaus bereet, op eng méi lukrativ Karriär am Beruffsliewen an op e Bestietnes mat enger Fra ze verzichten. Mee och wann de Sharad de Rotschléi vu sengem erfuerene Guru esou gutt et geet follegt: et bleift e laangen an ondankbare Wee, dee wéineg direkt Gratifikatiounen ze bidden huet.

''The Disciple'' ass eréischt den zweete Long-métrage vum indesche Realisateur Chaitanya Tamhane. A sengem Debutfilm ''The Court'' vun 2014 hat hie sech mam indesche Geriichtssystem ausernee gesat. ''The Disciple'', deen op der leschter Mostra vu Venedeg mam Präis fir dat bescht Dréibuch an och mam Kritikerpräis belount gi war, ass net direkt politesch. Den Tamhane thematiséiert hei déi schwiereg Sich no spiritueller Erfëllung an enger Gesellschaft, déi mat séieren an iwwerflächleche Satisfaktioune lackelt.

Ongedëllege Schüler

De ''khayal'' ass eng klassesch Gesangsform, déi héich Konzentratioun an Improvisatiounstalent erfuerdert. Do kënnt een net laanscht stonnelaangt Üben. Bis zum Alter vu 40 Joer gëtt et näischt aneschters ewéi üben, hält de Meeschter sengem ongedëllege Schüler Sharad entgéint.

De Mëtt-Zwanzeger verdréit et ëmmer manner, vun anere Schüler iwwerholl ze ginn an am Schiet vu sengem Guru ze stoen. Seng ondankbar Positioun kritt een a laange Plan sequencen ze spieren: wärend säi Meeschter an der Mëtt vun der Bün séngt, sëtzt de Sharad donieft an assistéiert en um Tambura, engem Sträichinstrument, deem säi monotoont Summen déi atmosphäresch Kuliss fir de Gesang schaaft an och den allgemengen Tempo vum Film virgëtt.

Spirituell Ënnerstëtzung sicht de Sharad dann och am Enseignement vun enger verstuerwener Khayal-Sängerin. Déi wäertvoll Tounopnamen huet de Sharad vu sengem Papp, deen et selwer als Sänger net zu den erhofften Héichte bruecht hat. Mee och déi verstuerwe Legend versprécht just e Liewen an Aarmut an Einsamkeet.

Liewenslektiounen

Einfach zougänglechen Internetporno suergt do fir wéineg Trouscht. Wann een op der Tëlee muss nokucken, wéi schonn eng liicht iwwerduerchschnëttlech Gesangstechnik duer geet, fir séier eng gefeiert Vedette ze ginn, da schléit dat schonn op d'Moral. Wéi de Sharad op eemol ufänkt, u sengem Guru an och un der Tounband-Legend ze zweiwelen, schénge seng lescht Illusiounen ze platzen.

Mee ass dat am Fong net dat selwecht wéi e Jong, deen iergendwann eng Kéier net méi a sengem Papp de Modell vun der Onfeelbarkeet erkennt a léiere muss, enges Daags op eegene Féiss ze stoen? Genee doranner besteet vläicht déi wichtegst Liewenslektioun fir de Sharad.

''The Disciple'' ass en déifgrënnegen, meditative Film, deen all déi wäert belounen, déi bereet sinn, sech op säi luesen an envoutante Rhythmus anzeloossen.