Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Trëndel vun der Welt

Luxfilmfest: Blog 3

Am Trëndel vun der Welt

De massiven Opschwong vun der Wirtschaftsmuecht China, déi bläie Chape vun de mexikaneschen Drogekarteller a Gewaltspiral am Kamerun: Statioune vun enger wäiter Rees um Luxfilmfest.

auto_stories

3 min

E jonken argentinesche Cineast kënnt a Frankräich seng Frëndin besichen, keeft sech do eng Occasiouns-Digitalkamera, op där e Filmer vum viregte Besëtzer entdeckt. Familljenopnamen, Spadséiergäng mat den Hënn, mee dann och e méi laangen Openthalt am Kamerun, wou sech grad politesch Onrouen ëm Separatisten zesummebrauen. Eisen Argentinier wëll méi gewuer ginn an hëlt mam Mann Kontakt op...

"What will summer bring" (Qué será del verano) vum Ignacio Ceroi ass een op Basis vu "found footage"-Material zesumme gestallten Documentaire. Datt et sech duerchaus loune kann, besonnesch aus der Perspektiv vun engem Kënschtler, sech op d'Schicksal vun engem Onbekannten anzeloossen, ass hei wuel de Message. E klengen, sympathesche Film. Sans plus.

An der "Fabréck vun der Welt"

"Ascension", vun der chineesesch-amerikanescher Realisatrice Jessica Kingdon, ass vun engem ganz anere Kaliber. Dëse fir d'Oscaren nominéierten Documentaire hëlt eis mat a China, matzen an d'"Fabréck vun der Welt", mat Milliounen disziplinéierten Aarbechter, déi aus hirem Land déi geschwë global dominant Wirtschaftsmuecht maachen.

D'Biller gi fir sech schwätze gelooss. Mir dauchen an an déi gigantesch industriell Produktioun vu standardiséierten, manufakturéierte Gidder: Textil, Metall, Plastik (dorënner héichwäerteg Sexpoppen!), asw. De Film funktionéiert nom Prinzip vun der Accumulatioun. Dës faszinant Symphonie vu Musteren a Faarwen erënnert plazeweis un d'Fotoe vum Andreas Gursky.

Mir kréie gewisen, wéi Hostessen a Bodyguarde akribesch forméiert ginn, wéi Manager getrimmt ginn, ëmmer méi grouss Ëmsätz unzepeilen, wéi d'Chineesen eng produktivistesch Ideologie agetriichtert kréien an en masse mobiliséiert ginn, fir haart ze schaffen. Freet sech just, fir wien?

De Film fänkt bei den ënneschte Klassen un a beweegt sech erop an déi räich Sphären. Lues a lues hëlt de Masseneffekt of - eng subtil Manéier fir ze soen, datt de Schweess vu Milliounen um Enn enger klenger Minoritéit vu Privilegiéierten zegutt kënnt. "Ascension" dierft ee vun de Favoritte sinn op de Präis vum beschten Documentaire.

Wäisse Stëbs

"Prayers for the stolen" (Noche de fuego) vun der Mexikanerin Tatiana Huezo ass ee vun zwee südamerikanesche Bäiträg an der offizieller Kompetitioun. De Film zeechent de Portrait vu Baueren, déi an den Hiwwelen Opiumplantagë fir de Kont vun Drogekarteller bedreiwen. Reegelméisseg gi jonk Meedercher vun de kriminelle Bande gekidnappt. Eng elengerzéiend Mamm versicht sou gutt et geet hir jonk Duechter ze schützen (fir net opzefalen, kréien d'Meedercher am Duerf d'Hoer kuerz geschnidden).

Sporadesch sträife Camionnettë mat arméierte Männer an Uniform oder an Zivil duerch d'Géigend. Vun der Gewalt kritt ee soss wéineg mat. Wéi eng bläie Chape laascht se iwwer de Mënschen. Et liest een d'Angscht an den zouene Gesiichter vun den Erwuessenen, déi léiwer alles a sech erafriessen. Mee d'Kanner spieren, datt eppes net stëmmt. De Film gëtt aus hirer Perspektiv erzielt - grad ewéi si eréischt als Jugendlecher verstinn, wat am Duerf lass ass, versteet de Spectateur nodréiglech, firwat déi eng an déi aner esou handele wéi se handelen.

"Prayers for the stolen" ass e ganz subtille Film mat beandrockende Biller, wéi zum Beispill déi vum wäisse stëbsegen Trëndel am Steebroch oder de wäisse Chemikalien, déi d'Arméi iwwer d'Opiumfelder verspreet, alles Metaphere fir d'Drogen, déi d'Duerfliewe vergëften. Och mat engem klore politesche Message: sech net ënnerbottere loossen, mee sech wieren.