Radioen

On air

De Moien  |  Sly & The Family Stone - Everyday People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An d'Hell an erëm eraus

LuxFilmFest: Blog 2

An d'Hell an erëm eraus

Visioune vun der Hell wéi en Alpdram, Flucht duerch d'Fantasie, d'Méiglechkeet fir vergaange Sënnen erëm gutt ze maachen... Weider Andréck vun de Filmer, déi mer um Luxfilmfest gesinn hunn.

auto_stories

6 min

Virun zwee Joer war dem Ukrainer Valentyn Vasyanovych säin Debutfilm "Atlantis" um Luxfilmfest gelaf, eng ganz haart a pessimistesch Anticipatioun vun der Post-Biergerkrichszäit an der Ostukrain. Säin neien Drama "Reflection" (offiziell Kompetitioun) ass 2014, dat heescht am Ufank vum Konflikt am Donbass ugesidelt.

Andauchen an d'Hell

Deen éischte vun zwee Deeler ass een Andauchen an d'Hell. En ukrainesche Chirurg geréit an d'Gefaangenschaft vu pro-russesche Milizen, gëtt do gefoltert a muss materliewen, wéi och Anerer zu Doud gepéngegt ginn. Brutal Zeenen, déi kaum z'erdroe sinn, ouni Kompromësser gefilmt (meeschtens a fixe Plan séquencen): de Spectateur ass total ausgeliwwert. Wat eng Zäit laang no eesäiteger Schwaarzwäiss-Molerei ausgesäit (ukrainesche Martyrium vs. russesch Barbarei) kritt an enger Schlësselzeen en decisiven Dréi: d'Symmetrie, mat där en Austausch vu Prisonéier gefilmt gëtt, ass eng ganz subtil Undeitung, datt et op där anerer Säit net besser ass.

De Spigel-Prinzip, sou wéi en am Filmtitel ugedeit gëtt, zitt sech duerch de ganze Film. Am Ufank bidden nach all méiglech Fënsteren an Ecranen'e Schutz virun der Gewalt op där anerer Säit: Kanner, déi (nach) harmlos Paintball spillen; eng Läich gëtt ënnersicht. Op eemol gëtt eng Windschutzscheif vun enger Camionnette zerschoss.

Mauer-haart a poetesch

Deen atmosphäresch ganz ënnerschiddlechen zweeten Deel - de Chirurg ass zréck zu Kiew, seng Duechter mécht sech Suergen ëm de Stéifpapp, deen op der Front kämpft - behandelt Sujeten ewéi de Krichstrauma an d'Schicksal vun der Séil nom Doud. Do wou deen éischten Deel brutal a riicht eraus war, gräift de Regisseur hei méi op Metapheren (e Villchen, dee widder eng Salonsfënster knuppt an eng Spuer hannerléisst) an op reliéis-mythologesch Referenzen (Orfeo an Euridice, orthodoxesch Iconografie, asw.) zréck.

"Reflection" ass e formell strengen, Mauer-haarden a gläichzäiteg poetesche Film, een am Kontext vum Krich an der Ukrain héichaktuelle Bäitrag. De Valentyn Vasyanovych huet hei e ganz staarken a wichtege Film gedréint. Leider konnt hien en, aus evidente Grënn, net wéi virgesinn selwer op Lëtzebuerg virstelle kommen.

Imaginär Frëndin

D'Geschicht vun der Anne Frank emol anescht erzielt: Den Ari Folman ("Waltz with Bashir", "The Congress") fokusséiert sech a sengem vu Samsa co-produzéierten Animatiounsfilm "Wou ass d'Anne Frank?" net op dat jonkt Meedchen, dat zesumme mat senger Schwëster Margot am KZ Bergen-Belsen ëmkomm ass. Den Haaptpersonnage ass hei d'Kitty, déi imaginär Frëndin, un dat sech d'Anne a sengem berüümten Tagebuch geriicht hat. Am Anne Frank-Haus zu Amsterdam materialiséiert sech d'Kitty hautdesdaags aus der Tënt vum Tagebuch, mécht sech op d'Sich nom Anne a fënnt lues a lues eraus, wat mat ëm geschitt ass.

Den Ari Folman hëlt eis mat op eng Rees tëschent Géigewaart a Vergaangenheet. Hie verbënnt d'Schicksal vun der Anne Frank mat deem vun de Flüchtlingen aus allméigleche Krichsgebidder, déi haut bei eis Schutz sichen. De Parallelismus ass awer keng Gläichsetzung: d'Poliziste vun haut sinn all individualiséiert an net wierklech béis duergestallt, am Géigesaz zu den Nazien, identesch, bedreelech, spektral Gestalten.

"Wou ass d'Anne Frank?" zeechent och kee Leidenswee vun Ufank bis zum Schluss. Et ass gréisstendeels e spilleresche Plädoyer fir d'Flucht duerch d'Imaginatioun. D'Anne Frank a seng Frëndin Kitty sinn ëmmerhin zwee normal Meedercher, déi fir Hollywood-Vedetten a Jonge schwäermen. Zwou Figuren also, mat deenen sech d'Zilpublikum misst kënnen identifizéieren an ëmsou méi receptiv si fir de politesche Message vum Film.

Wou d'Liewenskënschtler hausen

Den Chelsea Hotel zu Manhattan ass zënter engem gudde Joerhonnert e mytheschen Uert fir Kënschtler. D'Undergroundzeen aus de 60er a 70er Joren (Patti Smith, Andy Warhol, Nico) mee och Mainstream-Vedette wéi Madonna oder Mariah Carey hu sech do aquartéiert. Déi Geschicht ass scho méi wéi genuch dokumentéiert. Fir hiren Documentaire "Dreaming Walls" (Documentaire Kompetitioun) hu sech déi zwou jonk Realisatricen Amélie Van Elmbt a Maya Duverdier ee méi originellen Bléckwénkel ausgeduecht.

Si befaasse sech mat den aktuelle Bewunner vum Chelsea, dacks skurril (Liewens-)Kënschtler, déi schonn deelweis zënter Joerzéngte fir e symbolesche Loyer am Hotel (mëttlerweil e Renovatiounschantier, deen net vum Fleck kënnt) däerfen hausen. Eng fréier Balletsdänzerin, déi sech an de Couloire vum Hotel a Form hält; eng Fotografin, déi trotz hiren 100 Joer déi nächst Ausstellungen an Europa plangt; e Schrëftsteller, deen erstaunlech Frae-Portraiten aus Drot dréint; mee dann och eng ganz buedemstänneg Koppel, déi gär hir Rou hätt a sech permanent iwwert d'Aarbechten opreegt.

Déi zwou Realisatricë vermëschen hir eegen Opname mat Material aus privaten Archiven, dat eent geet flësseg an dat anert eriwwer, d'Kamera schéngt an de Gäng ze schwiewen, an iergendwa gëtt ee vun der Atmosphär gepaakt, een Zeechen dofir, datt den Documentaire et kéint fäerdeg bruecht hunn, eppes ewéi de Geescht vum Chelsea Hotel anzefänken!

Magesche Realismus

Wann d'Personnagen sech net wierklech wonneren, datt op eemol scho laang dout gegleefte Familljememberen, wéi vum Laf vum der Zäit onberéiert, opdauchen, dann ass ee vläicht am Universum vum magesche Realismus. Mat hirem éischte Long métrage "The Cow who sang a song into the future" knäppt déi chileenesch Realisatrice Francisca Alegría un déi Traditioun, déi besonnesch an der Latäin-amerikanescher Konscht a Literatur floréiert ass, un an adaptéiert se un den Zäitalter vum Handy.

E Floss fléisst duerch eng suggestiv Bëschlandschaft, ënnermoolt vun engem verdreemte Chouergesang; eng Kou an der Nuecht, wéi eng Visioun; dat alles bitt eng Projektiounsfläch fir d'Fantasie Et ass eng Atmosphär, déi de Spectateur an hire Bann zitt, an och de Kader vun engem Familljentreffen. De Brudder an de Papp vun enger Doktesch, déi mat hiren zwee Kanner aus der Stad kënnt, bedreiwen eng Molkerei. Allerdéngs schéngt de Floss, bei deen d'Kéi drénke ginn, duerch d'Ofwaasser vun enger Pabeierfabréck verschmotzt ze sinn.

An dann daucht wéi gesot d'Mamm respektiv Groussmamm, déi sech Jore virdrun d'Liewe geholl hat, op, wéi eng chileenesch Melusina. Wéi d'Manifestatioun vum schlechte Gewësse vun der Famill - oder ass et net och déi vum Mënsch zerstéiert Natur, déi sech ze Wuert mellt? Eng Erscheinung ouni revanchistesch Intentiounen, mee déi dozou aluet, vergaange Sënnen erëm gutt ze maachen.

De latäinamerikanesche Kino ass ëmmer méi um Kommen, heescht et. Dat beweist dëse faszinante Film, deen een e bëssen am Kapp muss geeschtere loosse fir e kënnen ze begräifen.

Aus "The Cow who sang a song into the future" (Foto: Inti Briones)