Radioen

On air

Notturno  |  Nicholas Krgovich - Bedlam

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An du koumen d'Capybaraen

Kannerbuch

An du koumen d'Capybaraen

An der Geschicht vum Alfredo Soderguit mussen d'Capybarae flüchten, well d'Juegdsaison ugaangen ass an hiert Liewen a Gefor ass a si sichen Hëllef bei den Hénger. Mee déi si guer net begeeschtert iwwer d'Opdauche vun dëse wëllen Déieren, déi op eemol hire gereegelten Alldag op d'Kopp bréngen. "An du koumen d'Capybaraen" vum Alfredo Soderguit ass elo vum Sébastien Thilges op Lëtzebuergesch iwwersat ginn an de Leo an d'Valerija Berdi hunn d'Buch gelies.

auto_stories

3 min

Deen Dag, op deem dës gelungen, grouss a buuschteg Déieren um Héngerhaff opgetaucht sinn, wosst jiddwereen: Nee! Fir déi war hei keng Plaz. Mee d'Capybaraen hunn net kënnen heemgoen, well bei hinnen doheem d'Juegdsaison ugefaangen hat. An esou hunn d'Hénger an d'Capybarae musse léieren, mateneen eens ze ginn.

Et war e friddlechen Uert

D'Liewe war net komplizéiert

Jidderee wosst, wat en ze doen hat.

Et war genuch fir z'iessen do.

Et ass ni eppes Aussergewéinleches geschitt.

An du koumen d'Capybaraen.

Kennt dir d'Capybaraen? Dat si Wasserschwäin, gehéieren zu der Famill vun de Mierschwéngercher, sinn déi gréissten Nagedéieren an si liewen a Südamerika.

Een Auszoch aus dem Buch, wat bei capybarabooks eraus komm ass.

An der Geschicht vum Alfredo Soderguit mussen d'Capybare flüchten, well d'Juegdsaison ugaangen ass an hiert Liewen a Gefor ass a si sichen Hëllef bei den Hénger. Mee déi si guer net begeeschtert iwwer d'Opdauche vun dëse wëllen Déieren, déi op eemol hire gereegelten Alldag op d'Kopp bréngen...

Et goufen also Reegelen opgestallt:

1. Kee Kaméidi maachen.

2. Ëmmer am Waasser bleiwen.

3. Ni dem Iesse vun den aneren ze no kommen.

4. Net iwwer dës Reegelen diskutéieren.

Reegele sinn do fir se ze briechen a wien mécht dat als éischt? Natierlech déi Kleng a si weisen den Erwuessenen, wéi eben och am richtege Liewen, datt d'Virurteeler fir d'Poubelle sinn an datt och dat Friemt an dat Onbekannt derwäert ass, datt een et kenne léiert a sech drop aléisst.

Ee Buch, wat fir sech schwätzt

"An du koumen d'Capybaraen" ass e Buch, dat op méi Niveaue spillt. Do ass dee pedagogesche Volet, dee kloer de Rassismus an déi domat verbonnen Angscht viru Migranten thematiséiert an entlarvt. Et ass awer och eng Erzielung mat villen Iwwerraschungen a subtillem Humor. Eng Geschicht mat wéineg Text, wou awer all Saz esou pointéiert ass, dat et effektiv net méi Wieder brauch.

Dann ass natierlech d'Illustratioun vum Buch, déi fir sech schwätzt a guer keng Wierder brauch. Et si reng, einfach an immens expressiv Biller an douce, bal schwaarz-wäissen Téin gehalen, déi domat och en eegne Message beinhalten. "An du koumen d'Capybaraen" ass en immens positiivt Buch an et riicht sech u Jiddereen, u Kanner vu fënnef Joer un, an awer och un déi Erwuessen.

Et kann een dëst Buch a senger Vilfalt einfach genéissen, et bitt awer och eng wonnerbar Basis fir Sujete wéi Angscht, Friemefeindlechkeet, Humanismus a Frëndschaft ze thematiséieren.