D'Danièle Wagener huet ugefaangen, Geschicht zu Aix-en-Provence ze studéieren, huet awer relativ séier gemierkt, datt dat si net erfëlle géif. Schonn als Kand hätt si Reproduktioune vu bekannten Tableaue gesammelt, a war schonn ëmmer un der Konschtgeschicht interesséiert. Si huet dunn Konschtgeschicht zu Bréissel studéiert, wat hir "wierklech ganz gutt gefall" huet.
Konscht mat Emotiounen
Si huet meeschtens eng ganz emotional Relatioun mat zäitgenëssescher Konscht. Am Studium hätt sech hire Sënn fir iwwer d'Aen ze fillen an z'entdecken immens geschäerft an entwéckelt. Si kéint sech dann dreiwen oder leede loosse vun der Interpretatioun vun deem, wat de Kënschtler mat sengem Wierk bezwecke wollt.
An de leschten 30 Joer wier d'Danièle Wagener ëmmer erëm a Muséeë gaangen, och wa si, privat oder professionell, gereest ass. Dat ass eng Passioun vun hir a war och en Deel vun hirer Aarbecht. Si huet sech virgeholl, ëmmer d'Ausstellungen an de Muséeën zu Lëtzebuerg kucken ze goen.
En Accès zur Konscht
Muséeën hätte sech laang op hir Kollektioune konzentréiert. Si hätten eng wëssenschaftlech Aarbecht gemaach, a ware méi op sech selwer bezunn. Vun den 80er Joren un hätten d'Muséeën ugefaangen, sech méi dem Public opzemaachen. D'Ausstellunge missten esou konzipéiert ginn, datt de Public en Accès dozou fënnt a sech dorun erfreet. Dat wier och haut d'Haaptaufgab vun engem Musée, seet d'Danièle Wagener.