Radioen

On air

Espresso Beats  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komplex Gesellschaftskritik op dräi Niveauen

Grimmia sessitana

Komplex Gesellschaftskritik op dräi Niveauen

Bernd Marcel Gonner heescht de Gewënner vum radio 1007-Hörspillpräis. Säi Manuskript "Grimmia sessitana oder Einfache Seligpreisungen", huet de Jury iwwerzeegt duerch "d'Spill mat Kontraster a mat sengem subtillen Humor". Seng Literatur soll d'Gesellschaft reflektéieren, ouni selwer direkt politesch ze sinn, seet den Auteur. D'Manuskript spillt subtil mat philosopheschen Iwwerleeungen.

auto_stories

2 min

Grimmia Sessitana ass eng seelen Zort Moos, déi an den Alpe wiisst. D'Moos zeechent sech doduerch aus, datt et extrem vill Hëtzt aushält a mat wéineg Waasser auskënnt. Am Bernd Marcel Gonner sengem Manuskript gëtt déi Zort Moos op déi international Weltraumstatioun transportéiert. Do soll getest ginn, wéi héich d'Iwwerliewenschancë vun dësem Moos am Weltall sinn. D'Stéck erzielt awer och d'Geschicht vum Serge, engem Biolog mat Dreadlocks, deen um Bord der Gesellschaft lieft, wéi de Bernd Marcel Gonner erkläert.

D'Geschicht zitt sech dobäi iwwert dräi Niveauen. Um éischte Niveau spillt sech d'Handlung selwer of. Eng Metaebene driwwer ginn d'Sënnfroe gestallt an um drëtte Niveau gëtt d'Verbindung tëscht der "beliefter" an der "onbeliefter" Natur gemaach. De Lieser soll opmierksam liesen (oder spéider lauschteren) a seng eege Roll an der Welt a Fro stellen.

"De Bernd Marcel Gonner huet de Jury beandrockt, duerch d'Spill mat Kontraster a sengem Text a mat sengem subtillen Humor", seet de Claude Mangen, de President vum Jury. "D'Geschicht gëtt mat einfachen awer staarke Sproochbiller erzielt." Donieft wier de Jury begeeschtert gewiescht vum dramaturgeschen Opbau vum Manuskript, vun der perfekter Maîtrise vun der Sprooch a vun der Poesie vum Text.

Biografie

De Bernd Marcel Gonner, Joergang 1966, ass ee Lëtzebuerger, deen a Baden-Württemberg lieft. Hien huet Germanistik, Konschtgeschicht an Däitsch als Friemsprooch studéiert a schafft, ënnert anerem, als fräie Schrëftsteller. Hien huet Lyrik, Prosa, Kannerliteratur an Theaterstécker op Däitsch verëffentlecht. 2016 krut den Auteur den éischte Präis am Beräich Kannerliteratur, an 2017 den zweete Präis an der Kategorie erwuessen Auteuren beim Concours littéraire zu Lëtzebuerg. Donieft krut hie verschidden international Auszeechnungen.

Déi drëtt Editioun vum 100,7 radiopräis stoung ënner dem Thema Great Expectations. De Concours riicht sech all Joer un Auteuren aus Lëtzebuerg an der Groussregioun. Et ginn Texter op Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch a Franséisch acceptéiert. De Präis ass mat 3.500 Euro dotéiert. Dat priméiert Wierk gëtt fir eng Diffusioun produzéiert.