Radioen

On air

Resonanzen  |  Ludwig van Beethoven - Serenade fir Flütt a Piano a Ré Maj., Op. 41, V. Allegro scherzando e vivace - Emmanuel Pahud (Flütt), Eric Le Sage (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ And the winner is...

Nationale Literaturconcours

And the winner is...

Ënner der Begleedung vun der aussergewéinlecher Performance vum Chris Reitz mat senger elektrescher Gei, sinn am Mierscher Servais-Haus d'Laureate vum Nationale Literaturconcours ausgezeechent ginn. Romain Butti, Charel Meder a Samuel Hamen sinn d'Laureaten an der Kategorie "auteurs adultes" an d'Anna Leader ass d'Gewënnerin an der Kategorie "jeunes auteurs 15-25 ans".

auto_stories

3 min

Et kann net jiddweree gewannen, mee dëst Joer schéngt de Choix vun de beschten Texter - besser gesot, Theaterstécker - net esou evident gewiescht ze sinn. 43 Manuskripter, dovunner néng an der Kategorie "jong Autorinnen an Auteuren vu 15 bis 25 Joer", waren agereecht ginn. A well hei zu Lëtzebuerg seelen eppes geheim bleift, ass gewosst, datt eng grouss Unzuel un avertéierten Autorinnen an Auteuren bei dësem etabléierte Literaturconcours matgemaach hunn. 43 Manuskripter, eng Geleeënheet fir déi Lëtzebuerger literaresch Kreativitéit ze feieren, ze éieren an héich liewen ze loossen.

Zwee vun de véier Laureate konnten hire Präis net perséinlech entgéinthuelen. D'Anna Leader ass vun hirem Papp, dem James Leader vertruede ginn, dee weder der Lëtzebuerger Literaturzeen nach dem Nationale Literaturconcours e Friemen ass. D'Anna Leader, Gewënnerin vum Präis an der Kategorie jonk Autorinnen huet sech an hirem Stéck mat enger ganz besonnescher Fra auserneegesat. "As source material, I settled on our charming an bizarre founding myth, in which a prince marries a beautiful women and then discovers, that she transforms into a mermaid for one day a week." D'Melusina, am Stéck "Outlast" Mel genannt, ass d'Haaptprotagonistin, déi e Bléck op d'Geschicht vu Lëtzebuerg geheit.

Sou vertraut an awer esou friem

Och de Samuel Hamen konnt säi Präis net perséinlech an de Grapp huelen, "Tagebuch des Fremdalterns" huet d'Jury op déi drëtt Plaz gesat. D'Christiane Bechtold huet fir de Lëtzebuerger Auteur geschwat.

"Mam Tagebuch des Fremdalterns hunn ech probéiert, fir déi alleréischte Kéier Froen an déi Richtung ze stellen. Froen no der Kommunikatioun an enger Famill, dono, wéi Mënsche sech jorelaang sou no sinn a sech sou intim kennen, wéi dës Leit, awer esou wäit vun eneen ewech kënne sinn. Am Denken, am Fillen an am Kucken."

Theater kann ënnerhalen a kritesch Froen opwerfen

De Charel Meder schéngt d'Zauberformel ze kennen, praktesch all Publikatioun gëtt och ausgezeechent, sou huet och säi politesch-humoristescht Stéck "Geheimdienstkönige" d'Jury iwwerzeegt an him eng zweet Plaz verschaaft.

A seng allgemeng Approche zum Theater huet hien och beim Schreiwe vun dësem ugewannt.

"Ech gi gären an den Theater, fir ënnerhalen ze ginn, ech huelen awer och gär eppes mat, zum Beispill speziell Froen. Ech fannen dat flott, wann ee sech nom Theater kann dohi setze fir ze diskutéieren. Dat ass meng Approche."

Leiden als Inspiratioun

En Newcomer an der Literaturzeen ass de Laureat vum 1. Präis. De Romain Butti.

"Ech fannen ëmmer, datt ech net vill Interessantes ze soen oder ze schwätzen hunn, wann ech net op d'Gesiicht gefall sinn, oder gelidden hunn. Dofir wollt ech einfach e bëssen a mech goen a kucken, wéini ech fir d'lescht gelidden hunn an dat war nach guer net sou laang hier. Dofir hunn ech dat als Ausgangspunkt kënnen huelen."