Radioen

On air

Notturno  |  Little Kid - Something To Say

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konscht a Kommerz

Bande Dessinée

Konscht a Kommerz

Zu Angoulême goufen dëst Joer couragéiert Aussesäiter belount: Wierker, déi sech deels wäit ewech vun de virgetrëppelte Pied bewegen, an déi sech net just de Kritäre vum Marché ënnerwerfen.

auto_stories

5 min

Extrait aus "Paysage après la bataille" vum Philippe de Pierpont an Eric Lambé, den Album krut zu Angoulême de "Fauve d'Or". (© Actes Sud)

"Paysage après la bataille" ass dëst Joer zu Angoulême mam Präis vum beschten Album, dem sougenannte "Fauve d'Or" gekréint ginn. Et ass déi fënneft Collaboratioun vum belschen Auteurenduo Philippe de Pierpont (Joergank 1955) an Eric Lambé (1966).

(© Actes Sud)

"Paysage après la bataille": Beschten Album

Si ziele vum Fany, enger jonker Fra, déi sech kuerz virum Wanter an enger Roulotte aquartéiert. De Camping ass bal eidel, bis op e puer Bewunner: Ee Möchtegern-Globetrotter, eng eeler Koppel, déi Vullenhaisercher baut, an ee fréiere Boxer, dee sech als Holzhaer a Jeeër betätegt. An dann ass do nach een Tableau an engem Musée, deen dem Fany et ugedoen huet.

"Paysage après la bataille" ass en Opus vu 420 Säiten, op deene wéineg geschitt, an dee grad aus deem Grond scho bal eng hypnotesch Wierkung ausübt. D'Planchë bestinn aus zwou bis héchstens véier Casen, d'Dialoge si späerlech a knapp, an d'Zeechnunge si plazeweis bis zur Abstraktioun reduzéiert.

Der Fany hiert Gesiicht kréie mer eréischt no e puer Säiten ze gesinn, virdru musse mer eis mat hirem Hannerkapp, hirem Réck oder hire Féiss zefridde ginn. Datt hir eppes Schreckleches zougestouss ass, léisst sech nëmme roden a kläert sech eréischt um Enn vun der Geschicht ganz op.

Wéineg Plot, vill Atmosphär

An zaarte Grotéin gëtt hiert Erschéngen um Camping an hir Sich no Repèren op dëser friemer, verluerener Plaz duergestallt. Alles geschitt wéi am Ralenti, an et versteet een, datt dat aus der Fany hirer Perspektiv och esou ass. Déi jonk Fra muss sech erëmfannen, sech nei orientéieren, no deem wat hir widderfuer ass. Et huet scho bal eppes Voyeuristesches, wéi ee si an hiren alldeegleche Gester, an hirer fragiller Intimitéit als Lieser beobacht.

No der Auszeechnung zu Angoulême war dëse "Roman graphique" e puer Woche wéinst "rupture de stock" net méi ze kréien. Sou Wierker ginn an der Regel a klengen Tiragë produzéiert, well se dee sougenannte "breede Public" anscheinend net interesséieren.

(© Actes Sud)

Abstraktioun: Ee Moudephänomen

Et gëtt zënter enger Zäit d'Tendenz an der BD zu enger minimalistescher, konzeptueller Approche: Technesch Prouessen trieden an den Hannergrond zugonschte vun enger perséinlecher, recherchéierter Formesprooch, déi et erlaabt, eng intimistesch Narratioun ze realiséieren an abstrakt Themen z'abordéieren. Dacks féieren déi Versich awer an eng Sakgaass: Vill Kënschtler verléiere sech op der Sich no neie Konzepter a vergiessen dobäi den Echange, dee mam Lieser soll geschéien.

Bei "Paysage après la bataille" ass dat net de Fall. Den Auteuren hiren Ëmgank mat de Méiglechkeete vun der visueller Narratioun ass ongewinnt, awer net forcéiert. D'Erzielung léisst sech zu all Moment novollzéien. A virun allem stinn déi agesate Stilmëttel am Déngscht vun der Geschicht. De Géigendeel vun Effekthascherei - vläicht ass dat déi grouss Konscht!

Méi a manner avangardistesch Editeuren

Editeure sinn de franséische Verlag Actes Sud a FRMK (gelies: "Frémok"). FRMK ass ee belsch-franséischen Auteurekollektiv, dat iwwert de Selbstverlag erausgewuess ass a fir eng resolut avantgardistesch Bande dessinée steet. Déi punktuell Associatioun mat Actes Sud dierft zustane komm sinn, fir méi eng efficace Distributioun z'erméiglechen.

Et kënnt vir, datt esou onofhängeg Editeuren, zu deene FRMK gehéiert, méi grouss ginn an iergendwann dem Mainstream ugehéieren. Dat gëllt zum Beispill fir der Verlag "L'association", dee mat Pointurë wéi Joann Sfar a Marjane Satrapi definitiv den alternativen Eck verlooss huet. Sou laang d'Qualitéit dobäi net op der Streck bleift, ass dat kee Problem.

De Regele vum Marché entsprécht et awer éischter, datt déi Kleng vun deene ganz groussen, wéi Dargaud, Dupuis oder aneren, geschléckt ginn. Och dat muss net onbedéngt mat enger qualitativer Verschlechterung verbonne sinn. Schliisslech goufe se opkaaft, well hir editorial Linn interessant genuch geschéngt huet. Wichteg ass just, datt sech ëmmer erëm innovativ Geeschter fannen, déi där ganzer Branche nei Impulser ginn an domat zu där erstaunlecher Vitalitéit vun der BD-Zeen bäidroen.

Weider priméiert Wierker

Nieft "Paysage après la bataille" goufen natierlech nach aner Albumen a Serien an deenen ënnerschiddlechste Genren a Stiler zu Angoulême priméiert. Dozou gehéiert ënnert anerem "L'Homme qui tua Lucky Luke" oder déi véierdeeleg Manga-Serie "Chiisakobé" vum Minetaro Mochizuki. "Chiisakobé" ass eng Roman-Adaptatioun an enger raffinéierter Grafik iwwert ee jonke Mann, deen no engem Groussbrand säi Liewen erëm nei muss opbauen.

"Ce qu'il faut de terre à l'homme" no enger Erzielung vum Tolstoï, gouf mam "Prix du Jury" belount. Auteur dovunner ass de Martin Veyron, dee schonn zënter den 1970er Jore mat sengem Personnage Bernard Lermite zu de feste Gréissten an der BD-Welt gehéiert.

De "Prix Révélation" goung un eng Fra. Déi jonk Koreanerin Ancco huet mat "Mauvaises filles" eng sensibel Geschicht geschaf, déi sech ëm eng schwiereg Jugend an enger desabuséierter, gewalttäteger Gesellschaft an hirem Heemechtsland dréint.

Priméiert goufen deemno eng ganz Rei Aarbechten, déi sech net just de Kritäre vum Marché ënnerwerfen. Dat ass ee luewenswäert Zeeche vu Säite vun de Festivals-Organisateuren - an der Hoffnung, datt op déi Manéier Dieren opgestouss ginn an datt dës aussergewéinlech Wierker an der Ëffentlechkeet zur Kenntnis geholl ginn.