An Zäite vu Fake News a virtueller Realitéit, versiche vill Fotojournalisten esou no wéi méiglech un enger Realitéit ze bleiwen. Si wëllen dës méiglechst schaarf op Fotospabeier kréien. D'Fotokënschtlerin Anne Michaux huet fir hir Expo am Kulturhaus zu Nidderaanven de Sujet "Realitéit als Challenge" gewielt.
"D'Leit liewen an enger Fake-Welt, enger kompletter 2D Welt", bedauert d'Fotografin. Si géifen net méi matkréien, wat fir Konsequenzen hir Aktiounen am richtege Liewen hätten. Hire Sujet, wier awer séier zu engem perséinlechen Thema ginn, erënnert sech d'Anne Michaux. "Et geet dorëms, wéi mir eis gesinn. Wéi mir unhuelen, datt eis Perséinlechkeet ass." D'Leit géifen dacks mengen, d'Perséinlechkeet wier eppes Stabilles, deem wier awer net esou. "Et geet dorëms d'Fro ze stellen, wie si mir dann nach iwwerhaapt? "
D'Figur muss liewen
Der Anne Michaux hir Fotoen entsti meeschtens net ënner fräiem Himmel, mee si liicht an hirem Atelier hir eege bannescht Biller of, - an zwar mat selwer gebaute Maquette-Welten. Déi riicht d'Fotokënschtlerin duerch d'Lëns vun der Kamera op. Géif een d'Kamera ewechloossen, géif de Setting onspektakulär ausgesinn. "D'Foto ass dat, wat existéiert. De Rescht lant an de Këschten."
D'Anne Michaux schéisst tëscht zéng an e puer Honnert Fotoen, fir mat enger zefridden ze sinn. Dat huet vill mat hiren Haaptfiguren ze dinn: Et si Modelleisebunn-Mënschen. "Fir mech erwächen déi zum Liewen, an dat gesäit een op de Biller", betount d'Kënschtlerin. Et wier wichteg, datt d'Figuren als "Mënschen" eriwwer kommen. "Wann d'Figur dout ass, ass d'Bild och dout."
Dat Opfällegst un der Anne Michaux hire Fotografië sinn déi sat Faarwen. Mee d'Erwaardungen op e flashy, witzegen, iwwerflächlechen Zeenario oder eng Publicitéit gi séier erstéckt: D’Kënschtlerin wëll net just weisen, fir z'ameséieren. Dat Faarwegt soll d'Leit unzéien. Mee d'Kënschtlerin wëll och zum Nodenken ureegen.
Inspiratioun zu Berlin
Inspiréiere léisst d'Fotokënschtlerin sech zum Beispill duerch wëssenschaftlech Decouverten: D'Zäit, déi vergeet an awer ëmmer do ass, huet et der Kënschtlerin ugedoen. An onfäerdeg Raim, déi vill Plaz fir d'Imaginatioun loossen. Dozou gehéiert och de Berliner Quartier "Schöneweide", wou d’Anne Michaux hire perfekten Atelier fonnt huet.
Et wier ee Quartier, deen inspiréiert. E wier weder homogen, nach hipp. "Do passéiert ganz vill" an et géif een d'Geschicht vu Berlin authentesch erliewen. Net wäit vum Atelier wier zum Beispill een aalt Fluchfeld. "Dat ass net hipp, dat ass net Tempelhof. Et kann een deen alen Oste spieren a gläichzäiteg kënnt eppes Neies dohinner. Dat Fragmentéiert, dat brauch ech och a menger Aarbecht."
"Net just fir ee Konschtpublic"
Nei an der Anne Michaux hirem Wierk ass, datt si hir Printen a quadratesch Stécker schneit an si mat der Bitzmaschinn a faarwegem Zwir a relativ graffer Astellung nei zesummentackert. Derbäi kënnt reell Fotografie, Modell- a Portraitfotografie, gemëscht mat de Vuen aus dem Atelier. Dat funktionéiert gutt.
An der lescht waren der Anne Michaux hir Aarbechten an der Chambre de commerce, engem Technologiezentrum zu Berlin ze gesinn oder sinn iwwert d'Online-Plattform Art Work Circle u Firmae verlount ginn. Och eng Realitéit? "Ech hu ganz einfach net ëmmer d'Wiel", seet d'Kënschtlerin dozou. Si hofft, duerch d'Online-Presenz Leit unzeschwätzen, déi hir Aarbecht virdrun net kannt hunn. Dat wier wichteg, well d'Konscht fir jidderee soll accessibel sinn. "Net just fir ee Konschtpublic."
Der Anne Michaux hir Ausstellung "AREYOUREAL?" ass bis de 15. Februar am Kulturhaus Nidderaanven ze gesinn.