Jonk Kënschtler Antropical, d'Kënschtlerresidenz um Kolla Festival

De Kolla Festival soll dem breede Public d'Konscht méi no bréngen. Dëst Joer dréit sech zu Stengefort alles ëm d'Relatioun tëscht Mënsch an Natur. Zéng Deeg laang hu jonk KënschtlerInnen aus dem In- an Ausland un hire Projete geschafft.

Françoise Keller / cwi/ md

"bush walk" vum Julija Paškevičiūtė
"Bush Walk" (Foto: Julija Paskeviciute)

Jonk Kënschtler ënnerstëtzen. Dat ass d'Iddi vun der Kënschtler Residenz Antropical. Während zéng Deeg gëtt um Site vum Centre d'accueil Mirador zu Stengefort recherchéiert, geschafft a geschlof. D'Organisatrice vun Antropical, Aurélie d'Incau, gesäit d'Residenz als en artistesche Labo. D’Kënschtler kënnen experimentéieren a sech austauschen. Déi Bedeelegt solle virwëtzeg an oppe fir Dialog sinn, seet d'Aurélie d'Incau.

Déi al Schmelz inspiréiert

"Déi Jonk sollte mat deem schaffe wat mer um Site hunn an hei hir Iddien entwéckelen", seet d’Aurélie d’Incau. Um Site "al Schmelz" gouf op 140 Hektar eng Naturreserve vum Mënsch ugeluecht. "Dacks gëtt gemengt, de Mënsch géif der Natur nëmme schueden. Mee hei gouf eppes Guddes fir d'Natur gemaach." Dat wier och scho Konscht, mengt d'Aurélie d'Incau. "Et ass eng Kreatioun."

Fir déi Wiener Kënschtlerin Astrid Rothaug war et interessant, sech an eng Plaz eranzefillen, déi zwar natierlech wierkt mee vum Mënsch geschaf gouf. "Elo setze mir erëm eppes Kënschtleches an dat Ëmfeld. Dat ass e spannende Prozess", sou déi jonk Kënschtlerin.

Huet Stengefort e Monster?

De Projet vum Hollänner Cas Banierink beschäftegt sech och mat der Naturreserve. Hien huet sech virgestallt, um Site géif e mythescht Déier liewen, dat d’Steng vun der fréierer Schmelz ësst. "Ech sinn hei fir no deem Déier ze sichen a fir Saachen z'entdecken, déi d'Déier hannerlooss huet." Et wier e bësse wéi d'Sich nom Loch Ness, erkläert de Cas Banierink. Hien huet Skizze vum Déier gemaach a Gipsofdréck vu senge Spuere geholl. "Ech hu mir virgestallt, wéi et kéint ausgesinn a probéiert, säi Verhalen ze beschreiwen."

D'Schwäizerin Anouk Chambaz huet fir hire Projet eng Drone an e Roboter mat Rieder a Kamera matbruecht. Mat den Opname wëll si d’Essenz vum Site afänken. "Se si wéi kleng Déieren a kënne mat den Déieren, déi um Site liewen, inter-agéieren. D'Barrière tëscht Liewewiesen an Technologie verschwënnt."

Och d'Julia Paškevičiūtė aus Litauen huet de Site als Ausgangspunkt fir hir Aarbecht geholl. "Ech hunn decidéiert e Kostüm ze maache fir an d'Gestrëpp ze goen." Dësen huet si "Vegetation Walk" genannt. De Kostüm soll d'Kënschtlerin virun de Picke vun Hecken a Brennnessele schützen, fir datt si kann am Gestrëpp op Entdeckungsrees goen. "Wéi sech de Projet weider entwéckelt hänkt dovun of, wat ech do fannen", seet d'Julija Paškevičiūtė. Fir si ass den Austausch mat deenen anere Kënschtler wichteg an Deel vun hirem zweete Projet. An dësem verschafft si Gespréicher an engem Synthesizer.

Vum 5. bis de 19. August sinn d'Aarbechte vun de jonke Kënschtler a Kënschtlerinnen am Mirador ze gesinn. Direkt duerno geet de Kolla Festival un an och hei ginn d'Wierker ausgestallt.

An der Mediathéik:

Kultur / / Françoise Keller
Lauschteren

Méi zum Thema

Musekfans um RAF
Festival-Kultur

De Rock-A-Field war dës Joer bal kuerzfristeg annuléiert ginn. An 2017 kann een nees mat engem Food For Your Senses rechnen. Dat gouf ee bei enger Diskussioun iwwer Festivalkultur zu Lëtzebeurg gewuer.

DSC_8752 copy.JPG
Zäitgenëssesch Konscht

Vun elo un 100 Deeg Manifesta - dat ass déi 11. Editioun vun der europäescher Géigewaartskonschtbiennale, déi dës Kéier zu Zürech organiséiert ass. D'Konzept dréint ronderëm d'Fro, wat Mënsche fir Sue maachen.

Fest
OMNI-Festival

Am Juli ass an de Abtei Neimënster den OMNI-Festival 2016. Et ass eng Mëschung vun Decouverten a grousse Nimm, wéi Iggy Pop, Joe Bonamassa, Richard Galliano, Didier Lockwood oder Philippe Catherine.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

  • Rockultur

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen