Radioen

On air

Notturno  |  Califone - Ox-Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Är Schreifloscht ass gefrot!

Schreifkonscht

Är Schreifloscht ass gefrot!

Muer den Owend ass et erëm esou wäit: Auteure kënnen hir nach onpublizéiert Texter engem interesséierte Publikum virstellen. All zweeten Dënschden am Mount huet d'Literatur an der Escher KUFA am Café Ratelach Rendez-vous.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Christian Horz

D'Konzept vun de Word in Progress-Owenter (WIP) kënnt vu Paräis a versprécht frësche Wand op de Liesbünen: eng Autorin oder en Auteur, egal ob si/hie scho publizéiert huet oder net, liest wärend zéng Minutten dem Publikum aus hirem/senge Wier vir. Engem Wierk, dat amgaang ass ze Entstoen.

Dono gëtt dann zesummen iwwer den Text geschwat. Mat op der Bün setzt e sougenannte "Bourreau", deem seng Aufgab et ass, Froen iwwer den Text ze stellen, an och de Publikum mat anzebezéien.

Fir déi Schreiwend ass dat eng flott Geleeënheet den Text engem kriteschen, awer frëndleche Bléck ze exposéieren an e Feedback ze kréien. Jiddwereen, dee Loscht huet seng Texter ze presentéiere ka sech umellen. Entweder bei der Nathalie Ronvaux vun der KUFA (nathalie@kulturfabrik.lu) oder beim Valerija Berdi vum radio 100,7 (vberdi@100komma7.lu)

A wie sech wëllt e Bild vum WIP maachen: de nächste Rendez-vous ass de 14. Januar um 20h am Ratelach an der Escher Kulturfabrik. Deen Owend sinn Texter op Däitsch a Lëtzebuergesch um Programm an et liesen: de Romain Butti,d'Maryse Krier an den Auteurenduo Anja Di Bartolomeo a Charel Meder.