Radioen

On air

Notturno  |  Tapir! - Gymnopédie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ariston reloaded

Esch

Ariston reloaded

Nëmmen e puer Meter vum Escher Theater ewech steet den ale Kino Ariston, deen, elo ganz renovéiert, ee weideren Theatersall ubitt. Et soll awer net just eng weider Bün zur Verfügung stoen, mee de ganzen Ariston soll e ganz villfältege "Lieu de vie" sinn. D'Valerija Berdi huet mat der Directrice vum Escher Theater, der Carole Lorang iwwer den neien Ariston geschwat.

auto_stories

5 min

Valerija Berdi: Fir d'Rentrée vun der neier Saison ass et net just den Escher Theater, mee ech den Ariston, dee seng Dieren zu Esch opmécht. Ee weideren Theatersall fir Esch, awer nach vill méi. Fir dem interesséierte Publik e klengen Avant-goût ze ginn, hat d'Ekipp vum Escher Theater am Juni kuerz op eng Visitt vum Ariston a sengem neie Kleed invitéiert. Wéi war dësen éischten Avant-goût?

Carole Lorang: Vill Leit, déi komm sinn, sinn hei aus eisem Quartier direkt, Escher, déi mam Ariston eng laang Geschicht hunn, an déi wollte kucke kommen, wéi gesäit en elo aus.

Et war flott, mir krute vill Anekdoten a Geschichte verzielt vun de Leit, an dat huet een dra bestätegt, datt et eng gutt a richteg Decisioun war, dem Ariston en neit Liewen ze ginn.

Eng ganz gemittlech elegant an aluedend Bar am Keller, en Theatersall, wou awer och Musek gespillt an och reegelméisseg Filmer solle gewise ginn, an den Ariston soll jo och eng Plaz si fir Kanner a Jugendlecher.

Eis ganz Programmatioun jeune public wäert awer zur Hallschent hei statt fannen. An dann hu mer nach eng Salle polyvalente, dat ass de fréiere Festsall, do wäert vill vun der Gemeng, vu Kulturservicer an anere Servicer genotzt ginn, well et e grousse Sall ass mat enger grousser Kichen, wou ee ka Reunioun a Konferenzen halen, de Service Senior huet do seng Seniorefeieren an November.

Den Ariston ass wierklech e Lieu de vie an dat ass ebe flott, datt mer net just opmaache fir owes eppes ze weisen, mee datt et och soll eng Plaz si wou Ateliere kënne sinn, wou e Café ass, deen einfach eng wichteg Plaz ass fir d'Quartiersliewen an den Zentrum vun Esch ass.

Fir vill Leit ass en Theater nach ëmmer eppes dach éischter Elitäres an trauen sech net dohin ze goen. Soll den Ariston dës Angscht huelen, andeem en méi e populären Androck mécht?

Mäi Wonsch ass et, datt den Escher Theater, dee jo awer eng Plaz ass, wou vill Leit sech schwéier dinn d'Dier opzemaachen an eran ze goen, datt wann een dann am Sall sëtzt a gesäit: eigentlech ass dat do total eppes fir mech.

Et ginn esou vill verschidde Forme vun Theater, mir maachen Danz, Zirkus, ech menge schonn, datt mer vill verschidde Forme weisen, sou datt fir jiddwereen eppes derbäi ass. Mee d'leit wëssen dat net ëmmer, datt si do eppes kënne gesinn, wat hinnen zouschwätzt, a wat och mat hirem Liewen ze dinn huet.

Mee effektiv, ech fannen net, datt den Theater eng Plaz ass, wou een als Zuschauer higeet an eppes kucke geet, am beschte Fall ass et eng Plaz, wou een och de Leit ronderëm kann eppes ubidden.

Aus deem Grond géif och all Joer déi nei Saison mat engem Hip-Hop-Danz ufänken, wou dann och Ateliere mat den Dänzerinnen an Dänzer ugebuede ginn.

Da komme Leit an den Atelier, a wa se dann zwou Stonne mat den Dänzer geschafft hunn, dann hu se natierlech Loscht, deen Owes op der Bün ze gesinn.

Ech mengen, dat sinn och Manéiere fir d'leit erun ze féieren, an deem een de Kontakt tëschent dem Publikum an de Kënschtler verschäerft, Méiglechkeete bitt, wou d'Leit sech begéinen. Ech fannen et awer och ok, wann een hei een drénke kënnt virum Theaterstéck, an dann eben net an den Theaterstéck geet, mee vläicht mécht een dat dräi Méint méi spéit, well een da gewinnt ass hei an den Ariston ze kommen, an da seet et sech vläicht: da ginn ech mol kucken, wat se do maachen.

Escher Theater an Ariston, dann ass jo och nach d'Kulturhaaptstad Esch2022 nach e puer Méint aktuell. Op wat ka sech d'Publikum elo an der neier Saison freeën?

Ech géif soe si kënne sech freeën, datt mer vill verschidde Saachen hunn, mir hu vill Danzstécker, mir hunn eis Esch2022-Projeten, mir hunn Zirkusstécker, Musek.

Ech hunn ëmmer probéiert Kënschtler ze engagéieren, déi hir Aarbecht mat grousser Passioun maachen an total accessibel sinn, déi eng Liewensastellung hunn, déi ganz mënschlech ass a mat vill Humor an ech fannen, dat spigelt sech dann och an hirer Aarbecht zeréck.

Den Ariston ass net am Kader vun Esch 2022 renovéiert an erëm opgemaach ginn, mee well et de Plang war, datt en am Kulturjoer soll funktiounsfäeg sinn, sinn d'Aarbechten zimmlech séier weider gaangen, wat d'Directrice natierlech begréisst.

A propos Esch 2022, elo si bal zwee Drëttel vum Kulturjoer ëm, nach ze fréi fir e Bilan ze zéien, mee ginn et Saachen, déi Dir anescht géif maachen, wann Dir nach emol kéint ufänken?

Ech hätt mer gewënscht e bësse méi Zäit ze hunn, ech sinn 2018 komm an 2019 hu mer misse schonn d'Projeten era ginn, dat war schonn e stramme Programm.

Ech mengen, ech hätt manner gemaach, an dann hätte mir eis kënne méi Zäit huelen, fir verschidden Eventer, datt déi méi grouss ginn. Et passéiert immens vill op dësem Territoire, wann ech eis Programmatioun kucken, 70 bis 80 Prozent huet de Label Esch2022.

Ech war ëmmer e bëssen am Zwiispalt: mir hunn immens vill Demande kritt beim Appel de projets, an natierlech Leit aus dem Danz- an Theatersecteur, a mir sinn eben den Theater hei um Territoire, mir hunn natierlech all déi Kulturzentren déi och vill hunn, mee d'Leit, déi geziilt den Theater gesicht hunn, déi sinn all bei eis gelant.

Ech hunn och ville leit missen ofsoen, mee ech hunn et och a menger Flicht gesinn "jo" ze soen, well déi Leit hu sech vill Aarbecht gemaach, Dossieren ausgeschafft, Projeten entwéckelt, an dann huet et un engem Sall gehaangen.

Et ass mer vun Ufank un kloer gewiescht, datt mer ze vill hunn, ech wosst awer och net, wéi ech dat sollt anescht maachen.