Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Skeleton Is Walking

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass am CAPE "zero panorama"?

Expo

Ass am CAPE "zero panorama"?

Mat knapps 30 huet den amerikanesche Moler a Landaart-Kënschtler Robert Smithson am Joer 1967 en Tour duerch seng Gebuertsstad Passaic, am New Jersey, gemaach. Him sinn all déi "ruins in reverse", also Ruinen hannerzeg, opgefall: Chantieren, bei deenen een net versteet ob eppes gebaut gëtt oder ob eppes verfält. "Zero panorama" huet hie säin Text zu dësem Sujet genannt. Béides huet den Escher Kënschtler Serge Ecker, Joergang 1982, esou markéiert, datt hie seng aktuell Expo mat "zero panorama" iwwerschriwwen huet.

auto_stories

5 min

De Serge Ecker hat sech ugangs der 2000er Joren zu Nice op der Héichschoul a Saachen digitaler Bildbeaarbechtung, Grafik a Spezialeffekter ausbilde gelooss. Duerno huet hien eng Zäitlaang Commande fir 3D-Prints, respektiv fir animéiert urbanistesch an architektonesch Animatiounsclippen ugeholl, konzentréiert sech haut awer ganz op d'Konscht; an an der op déi récksiichtslos Representatioun vun der Realitéit, sou wéi Generatioune vu Mënschen se récksiichtslos hannerlooss hunn, also a Geologie, Ëmwelt a Landschaft.

D'Resultat ass en Esthetiséiere vum destruktiven Openeentreffe vu Gréngs a Bëton. Zum Beispill a Form vu Fotoen, un de Maueren trapof an de Foyer vum CAPE. De Serge Ecker seet, d'Fotoe géifen zu senger Recherche gehéieren, déi hien op deene Plaze géif maachen, wou hien hikënnt.

"Dacks rennen ech wéi e mëllen Tourist doduerch a knipse relativ vill, ënner anerem, well ech net weess, ob ech nach emol zeréckkomme kann. Ech nennen dat Duerchgeeschteren. Do hänken hei am Gank och Biller vu Lëtzebuerg, aus dem Éislek, well do op eemol villes onwarscheinlech séier changéiert huet. Mee dann ass awer och Tallinn an Ëmgéigend dobäi, do wou de sowjetesche Filmklassiker "Stalker" an der Zäit gedréint ginn ass. Dat bréngen ech hei mat Polaroide vu virtuelle Reesen um Computer via Satellittebiller an engem Raum zesummen."

"Zero Panorama" wier net ee Projet gewiescht, mee d'Expo wier an aus de leschte Jore gewuess, wou de Serge Ecker vill am Ausland, bis a Japan, ënner war. Et géifen hei Connectiounen tëscht Saache ginn, déi am Ufank guer näischt matenaner ze dinn haten, mee "déi sech zu engem Gedankekonstrukt zesummesetzen."

Verschidden Technike zesummebréngen

D'Zesummebréngen net just vu Gedanken an Iddien, ma och vun Techniken, an dësem Fall Technologie an Handwierk, a vu Kënschtler. Sou huet de Serge Ecker engem onbekannte Graffiti-Kënschtler duerch d'Foto vun engem Bréckepeiler a Bulgarien e Monument gesat. Hie géif zwar guer net wëssen, wien dee Kënschtler wier, mee de Graffiti géif perfekt dohinner passen, seet de Serge Ecker.

"Dat ass op enger Insel bei Plovdiv, wou een eigentlech hin däerf. D'Kulturjoer-Equipe wollt eppes doraus maachen, konnt awer net, well d'Insel a Privatproprietéiten ënnerdeelt ass an d'Famillen deelweis guer net méi a Bulgarie liewen. Warscheinlech wësse Verschiddener guer net, datt si déi Terrainen hunn. Dat war awer en ëffentleche Parc."

De Serge Ecker bedreift eng Aart Geocaching, en ass souzesoen op der Sich no Schätz, déi net iergendee virun him verstoppt, mee verbrach huet. Sou hat hien zum Beispill fir d'Jeux de la Francophonie 2017 op der Côte d'Ivoire e Konschtprojet eragereecht, an deem hie proposéiert huet, Loftopname vu Palmeplantagen, déi dohannen den Urwald zerstéieren, a maschinell gestréckt kleng Wandteppecher ëmzewandelen.

Hie war erstaunt, wéi hie Feu vert krut, schliisslech war seng Ausso schéi pickeg, seet de Serge Ecker. "Ech hunn d'Jeux de la Francophonie als eng Aart postkolonialen Zirkus erlieft. Natierlech war et à la base eng gutt Geleeënheet, an Afrika ze kommen, ech hätt mir dat einfach esou net leeschte kënnen." Hien hätt do hanne Kontakt mat Leit gehat, déi de selwechte Beruff wéi hien haten.

Zu sengem Projet seet de Serge Ecker:

"Dee war éischter eng Aart Experiment, wéi wäit kënnt ee mat haitegem Textil, oder mat enger Produktioun, déi an dësem Fall vun enger gehackter Stréckmaschinn iwwerholl gëtt. Wat kann een domat maachen, wéi wäit kënnt een, wat mécht se fir Dommheeten dobäi. Do wou Feelerpixel dra sinn, wou eng Rei duebel gestréckt ginn ass: do gëtt et interessant Satellittenopname ginn ëmgesat mat grénger an oranger Woll; Urwald op der enger Säit, op der anerer déi strukturéiert Palmen, déi an der Rei sti wéi Zaldoten."

"Gehackt Stréckmaschinn" bedeit, datt Kolleege vum Kënschtler d'Lachkaarten aus hirer Maschinn duerch e Computerprogramm ersat hunn.

Fukushima an d'Konscht afléisse loossen

Kritik kënnt net ëmmer gutt, dat huet de Serge Ecker zum Beispill a Japan erlieft, wou en no de Katastrophe vu Fukushima als Beschmotzer vum nationalen Image wouergeholl ginn ass. Dem Kënschtler säi Fukushima-Konschtwierk am CAPE ass éischter net fir déi privat Stuff geduecht, ma fir den ëffentleche Raum, soll do fir Froe suergen

"Et handelt et sech ëm en Nobau vum Fukushima Reakter N° 2, vun der Fassade, der Carcasse, wou de Reakter dran ass; deen hat eng himmelblo Grafik mat wäisse Blieder. Eng Zort Welle-Reflektioun. Ech weess net genee, wat et sollt sinn, mee d'Muster war interessant, an ech wollt scho laang eppes domat maachen. Lo huet et sech hei ugebueden. Koffer ass e Material, wat leed, Blatgold och. Bannen am Koffer Cube ass eng Heizung - en Infraroutstraler- deen déi Këscht herno zum glouse brénge soll, sou datt een d'Vibratioune spiert. Den Titel "Fuku you 2" soll dofir stoen, datt net just ee Mënsch, mee d'Globalitéit concernéiert ass, wann dat Dengen an d'Luucht geet."

De Serge Ecker reest net just reell ma och virtuell, zum Beispill per Geolokalisatiouns- a Satellitteprogrammer op Non-lieuxen, op déi een aktuell net dierf, well se zum Beispill verseucht sinn, respektiv op Destinatiounen, déi de Kënschtler sech net leeschte kann. Vu besonnesche Vuen huet de Serge Ecker Polaroid-Screenshots gemaach.

Eng Selektioun vun de Resultater ass am CAPE ze gesinn. Mee sti seng aner Statioune wéi d'Ex-Kulturhaaptstad Plovdiv a Südbulgarien, d'Dokumenta 2017 zu Athen, d'Jeux de la Francophonie op der Côte d'Ivoire, d'Architekturbiennale zu Venedeg net éischter fir Mega-Events an Trends? Léisst et sech do gutt, besser, am beschte stëppelen?

"Wann ech en Appell a Projet entdecken, Zäit an Iddien hunn, schécken ech en Dossier eran. An da kann et sinn, datt ee geholl gëtt. De Rescht geschitt duerno, op der Plaz selwer, ech reesen net scho mat Virurteeler: wéi zum Beispill zu Plovdiv, ech war fir eng Kënschtlerresidenz selektionéiert ginn, fir eppes fir d'Kulturjoer ze entwéckelen. Datt sech e kriteschen Usaz entwéckelt huet, louch dorunner, datt dohanne verschiddene Leit selwer Zweiwel komm waren, a vu datt mir gemeinsam Bekannten haten, hu mir eis kennegeléiert, an doraus ass konkret eppes entstanen. Mee ech fueren awer net dohinner fir ze stëppelen. Et gëtt einfach pickeg, well ee Saachen hannerfreet. De But an éischter Linn ass awer: wéi kommen ech op déi Plaz a kann een do eppes maachen?"