Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ass dat Land hei nach ze retten?"

Luxfilmfest

"Ass dat Land hei nach ze retten?"

Wéi d'Australier mat hiren Urawunner ëmginn, ass d'Thema vu "Sweet Country". Mat sengem ambivalente Western vermëttelt de Realisateur Warwick Thornton een éischter pessimistesche Message. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

auto_stories

4 min

Hamilton Morris an Natassia Gorey Furber (Foto: Michael Corridore / 1998 Hewlett-Packard Company)

Den Aborigine-Bauer Sam Kelly erschéisst den Harry March, ee brutale wäisse Bauer. Obwuel et en Akt vu Selbstverteidegung war, muss de Sam zesumme mat senger Fra flüchten. Am Australien vun den 1920er Joren hat ee "Schwaarze" prinzipiell kee valabele Grond fir ee "Wäissen" z'erschéissen ...

"Sweet Country" ass een australesche Western, deen e klassescht Motiv vun deem Genre opgräift: d'Verfolgungsjuegd. Originell ass dem Warwick Thornton säi Long métrage doduerch, datt en de Western op den australesche Kontext iwwerdréit. D'Dominanz vun de fréiere wäisse Colonisateuren op d'Urawunner bleift an Australien ëmmer nach ee brisant Thema.

Ongeschriwwe Gesetzer

De Prinzip vum Dualismus zitt sech duerch de ganze Film, zum Beispill wann et ëm Recht an Onrecht geet. Et gëtt zwar ee legale System, dat heescht Gesetzer, déi fir jidderee gëllen: och en Aborigine huet d'Recht op ee faire Prozess. Parallel gëllen ongeschriwwe Gesetzer, op déi de Chef vun der Police (Bryan Brown) de Riichter, deen an d'Duerf geschéckt ginn ass, hiweist. Theorie ass eng Saach, an der Reegel herrscht déi revoltant Aart a Weis, wéi déi Wäiss d'Aborigines, déi fir si schaffen, behandelen.

D'Sklaverei als Institutioun, an där den Dominante fräi iwwert den Dominéierte konnt verfügen, ass zwar ofgeschaaft. Allerdéngs schéngt se an de Käpp weider z'existéieren. Datt dat awer net selbstverständlech ass weist eng Zeen, an där de brutale wäisse Farmer Harry March dem Aborigine Sam Kelly seng Fra vergewaltegt. Ier hie seng Dot vollzitt, mécht hien d'Klappluede vum Haus eng no der anerer zou. De Bildschierm gëtt ëmmer méi däischter, de Spectateur kritt d'Vergewaltegung um Enn nëmmen nach iwwert den Toun mat.

Ambivalent Personnagen

Dualismus och wat d'Relatiounen tëschent de Personnagë betrëfft. An awer ginn d'Bezéiungen tëschent deenen zwou Communautéiten am Film net simplistesch, mä differenzéiert duergestallt. Gudder, wéi de wäisse Geeschtlechen (gespillt vum Sam Neill) a manner gutt Mënsche fënnt een op béide Säiten.

Meeschtens sinn d'Personnagen ambivalent. Ee Wäissen, deen an enger Zeen mat guddem Gewëssen e Bouf mam Rimm schléit well deen eng Meloun soll geklaut hunn, kann an enger anerer Zeen op eemol an d'Zweiwele geroden iwwert d'Richtegkeet vu sengem Handelen. Een Aborigine-Aarbechter, dee soss systematesch de Point de vue vun deene Wäisse verdeedegt, erkläert da méi spéit, datt een als Aborigine keen anere Choix huet, fir méi oder wéineger gutt duerch d'Liewen ze kommen.

De selbstbewosste Bouf, och hien en Aborigine, begleet d'Handlung wéi e roude Fuedem. Hie schéngt nach tëschent deene verschiddene Polen ze pendelen: hie verkierpert d'Zukunft vun der australescher Gesellschaft, déi nach no hirem Wee sicht.

Dualismus vum Raum

A "Sweet Country" spillt d'Duerstellung vum Raum eng wichteg Roll, och hei nees een Dualismus. D'Farm ass deen Territoire, deen déi Wäiss kontrolléieren, wou si hir Herrschaft op d'Aborigines ausüben a sech wuel fillen. Dobaussen an der fräier Natur (déi flott Landschafte vum australeschen Outback, vum Realisateur Warwick Thornton selwer gefilmt) wierke si dogéint verluer. De Grupp vu Wäissen, déi de flüchtege Sam op hire Päerd wëllen afänken, ginn an engem Canyon vu Stammeskämpfer mat Feiler a Speerer ugegraff. Ee vun hinne bleift leien, d'Moral vum Grupp zerbréckelt.

Virun der Salzwüst dréinen si all ëm - bis op een, de Chef vun der Police. Hie wëllt de Sam op kee Fall lafe loossen. An där onendlecher wäisser Salzwüst, wou et wäit a breet näischt ze gesi gëtt, verléiert de liichtsënnege Polizist séier seng Kraaft an erdiischtert. De Ralenti vun där impressionnanter Zeen ënnersträicht seng Hëlleflosegkeet - wier do net de gejoten Aborigine Sam, deen aus dem Näischt erauskënnt an him Waasser reecht. Eng Halluzinatioun? An där Zeen gëtt d'Muechtverhältnis op eemol ëmgedréint. Mä fir wéi laang?

Ëmmer erëm ginn am Film kuerz flash forwards ageblent, déi - am Géigesaz zum flash back - zukünfteg Evenementer virewech huelen. Domat kënnt d'Fatalitéit zum Ausdrock. Et schéngt keen Auswee ze ginn aus de soziale Verhältnisser. "Ass dat Land hei nach ze retten?", freet de Geeschtleche verzweiwelt. Eng pessimistesch Ausso, déi de Realisateur Warwick Thornton vläicht och op den aktuellen Zoustand vun de Relatiounen tëschent den Australier an hiren Urawunner bezitt.